Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Chrëschtdemokraten aus dem Benelux vereent géint de Viktor Orban
International Neiegkeeten

speed dating allentown pa

Mat engem gemeinsame Bréif un de President vun der Europäescher

sinaloa dating site
International Neiegkeeten

Picadilly: Ee Wäin an Wënzerfest ewéi keen anert

Wien leschte Weekend een Tour laanscht d’Musel gemaach huet, konnt

Metal fir ze danzen – Khroma begeeschtert bei der Europa-Tour!
International Neiegkeeten

Metal fir ze danzen – Khroma begeeschtert bei der Europa-Tour!

Metal gehéiert zu de skandinavesche Länner, wéi de Kachkéis zu

Europawahlen: Esou ass an der Unioun gewielt ginn

Trotz zolitte Verloschter schéngen sech d‘Chrëschtdemokraten ze halen

Europawahlen: Esou ass an der Unioun gewielt ginn

Am Folgende bidde mir iech eng Iwwersiicht no Länner an Alphabetescher Reiefolleg. Interessant sinn deels déi ganz ënnerschiddlech Resultater. Enttäuschend dann awer esouwuel d‘Bedeelegung wéi de Choix vun de Wieler.

Belsch: Bei eise belschen Noperen hunn déi flammännesch Nationalisten d‘EU-Wahle gewonnen. Esou hunn, N-VA mat 13,5% an de Vlaams Belang mat 11,4%, d‘Wieler mat hirer antieuropäescher Politik iwwerzeegt kritt. Op der drëtter Plaz: d‘Sozialiste mat 10,5%. Déi aner proeuropäesch Parteien: Open VLD (Liberaldemokraten) 9,6% – CD&V (Chrëschtdemokraten) 7,8% – Ecolo 7,8% – MR (Reformisten) 7,6% – Groen 7,5% – SP.A (sozialistesch anescht) 6,1% – PTB (Kommunisten) 5,7%.

Bulgarien: Grad wéi an der Belsch awer vläicht manner iwwerraschend, hunn och a Bulgarien d‘Populisten an Europagéigner d‘Wahle fir sech entscheet. Esou huet déi populistesch Koalitioun „GERB“ 30,6% vun de Stëmmen erhalen. D‘Sozialisten erzilen nach 26,4% virun den Demokraten (12,3%) Plaz zwee. D‘IMRO de bulgareschen National-Mouvement (rietsradikal) kritt 6,2%.

Däitschland: Eis däitsch Nopere schéngen sech mobiliséiert ze hunn, wuel net iwwert d‘Mooss, mee genuch fir en Debakel ze verhënneren. D‘Volleksparteien awer si „bestrooft“ ginn an dat zolidd. D‘CDU bleift mat 22,6% (-7,4) stäerkste Kraaft, an erwaardungsgeméiss sinn déi gréng mat 20,5% (+9,8) un der SPD 15,8% (-11,5) laanschtgezunn. D‘AfD schléit sech mat 11 % (+3,9) net schlecht. Déi Lénk (5,5%) an d‘FDP (5,4%) kënne sech och nach iwwert e Grapp voll Mandater freeën,

Dänemark: Däne fillen sech Europa verbonnen an dat spigelt och d‘Resultat vun de Walen zréck. Hei huet déi liberal-konservativ Venstre mat 23,5% d‘Sozialdemokraten (21,5%) nëmme knapp geschloen, déi sozialistesch Vollekspartei SF küennt mat 13,2% op Plaz dräi, virun der populistescher Biergerpartei (10,7%) an der sozial-liberaler „radikale B“ (10,1% )

Europawahlen

Estland: Och Estland ass éischter proeuropäesch agestallt. Hei huet déi liberal Reformpartei sech mat 26,2% virun de Sozialdemokraten (23,3%) an der populistescher Zentrumspartei Keskerakond (14,4%) duerchgesat. Déi rietsradikal EESTI (12,7%) an déi radikal-konservativ ISAMAA (10,3%) hunn allerdéngs massiv zougeluecht.

Finnland: Bei de Finnen huet d‘Mëtt-Riets Koalitioun (KOK) 20,8% vun de Stëmme kritt, déi gréng Liga kënnt op déi zweet Plaz mat 16% virun de Sozialdemokraten (14,6%) an de Populisten (PERUS) déi nach 13,8% vir sech beusproche kënnen. Et bessert Resultat hat sech d‘Zentrumspartei (KESK) erhofft, muss sech awer mat 13,5% zefridde ginn.

Frankräich: Och am Frankräich hunn sech d‘Populisten op neits als stäerkste Kraaft ervirgedoen. Dem Marine Le Pen säi Rassemblement National (RN)huet leschten Auszielungen no ronn 25% vun de Stëmme kritt. Dem Emmanuel Macron seng La Republique en Marche (LREM) gëtt nach mat 21,5% op Plaz zwee gefouert. D‘Iwwerraschung geléngt den Ekologisten (12,6%) déi sech nach virum Sarkozy senge Republikaner (8,1%) an de Sozialisten (6,7%) an der radikaler lénker vu la France Insoumise (6,3%) placéieren.

Éisträich: Nom „Ibiza-Video“ hätt ee sech erwaart datt d‘Éisträicher fir eng Iwwerraschung kéinte gutt sinn. Elo wësse mir dat deem net esou ass. Dem Strache seng populistesch Partei huet wuel eppes agebéisst, hält sech awer stramm. Gewënner ass mat 34,9% d‘ÖVP vum Kanzler Sebastian Kurz. D‘Sozialiste komme mat 23,4% op Plaz zwee virun der FPÖ déi sech mat 17,2% ganz gutt aus der Affaire zitt. Déi „Grüne“ kënnen sech mat 14% och zu de Wahlgewënner zielen.

Griicheland: A Griicheland gëtt déi radikal konservativ Neo Demokratia mat 33% vun de Stëmmen déi stäerkste Kraaft an dat wäit virun der Regierungspartei Syriza, déi op 24% vun de Suffrage kënnt. Dëst Resultat huet dann awer manner mat „Europa“ ze di wéi ee unhuele kéint. D‘Griichen hunn hei ganz entschidden eng national Politik bestrooft. Dat allerdéngs op Käschte vum demokratesche Prozess am EU-Parlament. Hei kënnt et dann och elo zu virgezunnen Neiwahlen.

Europawahlen

Groussbritannien: Wéi ze erwaarden hunn d‘Briten sech der Brexit Partei vum Nigel Farage un den Hals geworf. Mat 32% vun de Stëmme schécken d‘Brexiteers 28 Deputéiert an d‘EU-Parlament, dat vun 73 Mandater déi dem Land zoustinn. Déi pro-europäesch Liberaldemokrate gewannen dofir 15 Mandater (+14) während déi konservativ Tories mat nëmmen nach dräi Mandater (-15) de gréisste Verloscht fir sech verbuche mussen. Ähnlecht Bild bei der sozialistescher Labour, déi nach op 10 Mandater (-8) kommen. Gewonnen hunn dogéint d‘Greens, déi 7 Mandater kréien (+4)

Holland: Bei den Hollänner hu sech och d‘Sozialiste vun der PvdA (19%) duerchsetze kënnen. Déi liberal-konservativ VVD kritt nach 14,6% an d‘Chrëschtdemokraten der 12,1%. Och nach mat am Rennen ëm d‘Mandater: den demokratesche Forum (10,9%) an déi „Groen Links“ (10,9%). Dem Geert Wilders seng Faschisten (PVV) dierfe sech mat 3,5% eng Néierlag agefaangen hunn.

Irland: An Irland huet déi proeuropäesch Fine Gael Party mat 29% d‘Nues vir. Woubäi generell déi Parteien, wou sech am Wahlkampf fir Europa staark gemaacht haten: Esou d‘Green Party (15%), d‘Fianna Fáil Party (15%). Als weider Gewënner sinn ze notéieren: d‘Independents (15%) an d‘Sinn Fein (13%). Déi zwou sozialistesch Parteien: Labour (3,5%) a Social Democrats (1,5%) hunn erwaardungsgeméiss keng Kandidaten duerchgesat kritt.

Italien: D‘Italiener hunn sech och géint Europa entscheet. Hei huet d‘Lega Nord vum Inneminister Matteo Salvini mat 33% (+26%) vun de Stëmmen eng Victoire erziilt, mat där sech an Europa villes verännere wäert. Déi proeuropäesch Demokraten (PD) kommen nach op 23,5%, während de Koalitiounspartner vun der Lega Nord, de Movimento 5 Stelle mat 16,7% schonn ofgeschloen ass. E Resultat datt sech op s‘Muechtuspréch bannent der Koalitioun auswierke wäert.

Kroatien: A Kroatien huet sech déi Demokratesch Unioun (Zentrum-Riets) mat 22,7% virun de Sozialdemokraten (18,7%) duerchgesat.

Lettland: Déi liberal-konservativ VIENOTIBA, kann sech mat 26,2% virun de Sozialdemokraten (17,5%) an der rietsradikaler Nationaler Allianz (16,4%) an der proeuropäescher Attistibai Par (12,6%) duerchsetzen.

Lëtzebuerg: Mir sinn Europäer an och d‘Wahle bestätegen dat. Mat 21,4% huet dës Kéier d‘DP d‘CSV (21,1%) knapp gewichst. Iwwerraschend: dat exzellent Ofschneide vun déi gréng (18,9%) déi d‘Sozialisten (12,2%) gehéierlech an den Abseits stellen. Gutt Resultater gëtt et och fir d‘ADR (10%) an d‘Piraten (7,7%) déi allerdéngs domatter kee Mandat erhalen. Enttäuscht dierft déi lénk sinn, déi sech mat 4,8% wäit hannert den Erwaardungen dierften erëmfannen.

Malta: Zu Malta hunn dann endlech emol erëm d‘Sozialiste kloer d‘Nues vir. D‘Labour Party ass mat 55,9% den onbestriddene Wahlgewënner. Et sollt een d‘Chrëschtdemokrate vun der Nationalist Party awer net ënnerschätzen. D‘Oppositiounspartei erziilt mat 36,2% e ganz honorabelt Resultat.

Polen: Keng Surprise bitt Polen. Hei huet sech erwaardungsgeméiss d‘Partei fir Recht a Justiz (PiS) mat 43,1% virun déi „Europäesch Koalitioun“ (38,4%) gesat. Polen dat zur Zäit zolitte Kaméidi mat der EU-Kommissioun huet, d‘Onofhängegkeet vun der Justiz an d‘Pressefräiheet a Fro stellt, bleift politesch zerstridden.

Portugal: Portugisen hunn de Sozialiste PS (33,5%) d‘Vertrauen ausgeschwat, trotz de bekannten Interessekonflikter. D‘Sozialdemokraten (PSD) ginn zweetstäerkst Kraaft mat 22,2% an de lénke Block kann sech mat 9,7% iwwert e raisonnabelt Resultat freeën.

Europawahlen

Rumänien: Bei de Rumäne, wou der Regierung den Ament eng Rei Korruptiounsvirwërf gemaach ginn, sinn d‘Sozialdemokraten (24,8%) hannert der liberal-konservativer PND (27,9%) gelant. Déi proeuropäesch Koalitioun USR/PLUS ass mat 18,1% déi drëttstäerkste Kraaft am Land.

Schweden: Am héijen Norden hunn sech d‘Sozialisten (23,6%) virun der Moderaten „Nya Moderaterna“ (16,8%) an den Demokraten (15,4%) behaapt. Déi Green Party kënnt hei awer nach op 11,4%, déi sech esou virun der Zentrumspartei „Centerpartiet“ (10,8%) placéiert.

Slowakei: Hei setzt sech d‘Koalitioun vun de Progressisten an Demokraten (PS a SPOLU) mat 20,1% géintiwwer de Sozialdemokraten „SMER“ (15,7%) duerch. Déi nationalsozialistesch KOTLEBA kritt dofir awer nach 12,1% a läit virun de Chrëschtdemokrate KDH (9,7%) an den Euroskeptiker vu Sloboda Solidarita (9,6%).

Spuenien: Et dierft der politescher Instabilitéit am Land geschëlt sinn, datt sech bei dëse Walen nees méi Wieler mobiliséiere gelooss hunn, och wann e wäit ewech vu „Bedeelegung“ ass. 35% vun de Bierger hu gebrauch vun hirem demokratesche Recht gemaach. Stäerkst Partei ass de PSOE mat 32,8%, virum konservative Partido Popular mat 20,1%. Ciutadans (Mëtt-Riets) erhält 12,2% an déi lénk opgestallte Podemos kritt nach 10,1%.

Tschechien: Obwuel de President Andrej Babis e bestätegte Populist ass, dee vun der EU net vill hält (ausser d‘Subventiounen) an als ëmstridde gëllt, geet och seng ANO mat 21,2% als stäerkste Kraaft ervir. Déi liberal-konservativ ODS klappt mat 14,5% d‘Piraten (14%) nëmme knapps. Als véiert Partei kann sech d‘Koalitioun vu STAN & TOP (11,7%) ervirdoen.

Ungarn: Europafeindlech, Homophob mat engem Hauch Antisemitismus, esou presentéiert sech dem Victor Orban seng FIDESZ. A wéi et ausgesäit huet de Faschismus an Ungarn nees gëllen Zäite virun sech. D‘Fidesz, anti-europäesch wéi all näischt Gutts ass mat 52,3% majoritär. Déi demokratesch Koalitioun (DK) kann sech mat 16,2% grad nach op der zweeter Plaz behaapten.

Zypern: Op dëser Insel ass een nees éischter proeuropäesch agestallt. Op der éischter Plaz d‘Chrëschtdemokraten DISY (29%) op Plaz zwee d‘Marxisten-Leninisten AKEA (27,5%). Schonn eppes ofgeschloen d‘Demokraten DIKO (13,8%) an d‘Sozialdemokraten EDEK (10,6%)

Foto: Erich Westendarp / Pixabay

Ähnlech Sujeten Demokratie, EU-Parlament, Europawahlen 2019, Populismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel