Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen
International Neiegkeeten

world free online dating sites

En Donneschdeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May zu Bréissel

san diego dating site
International Neiegkeeten

Schwéier zesummestéiss bei Protest an Albanien

An der albanescher Haaptstad Tirana ass et um Samschdegowend zu

Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet
International Neiegkeeten

Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet

Datt Geld eleng net glécklech mécht, ass fir vill Leit

Europawahlen: EU-Kommissär bestätegt Manipulatiounsversich

Europawahlen: EU-Kommissär bestätegt Manipulatiounsversich

Den EU-Sécherheetskommissär huet e Samschdeg bestätegt, datt et bei den Europawahlen am Mee zu systematesche Manipulatiounsversich komm ass. Dat virrangeg duerch den Asaz vu sougenannte „Bots“ a mat gefälschte Profiller an de sozialen Netzwierker. Alles nëmmen hallef esou schlëmm?

Fir de Sir Julian King, EU-Sécherheetskommissär, muss een am Kontext vun der „Manipulatioun“ e puer Ënnerscheeder maachen. Attacken duerch „Hacker“ oder „Enthüllungen am grousse Stil“, esou wéi een dat aus den USA kennt, hu sech a Moosse gehalen. Dofir hätt et awer massiv Aktiounen zur Desinformatioun ginn, dat mat Hëllef vu „Bots“ a „Fake-Profiles“. Et besteet also Handlungsbedarf.

Europawahlen

Den Englänner huet géintiwwer der „Welt am Sonntag“ gemengt, datt een et haut mat méi subtillen a geziilte Campagnen Desinformatioun bedreift. Sënn an Zweck vun dëser Agitatioun: bestoend Entwécklungen esouwuel ze beschleunege wéi ze verstäerken, fir besonnesch lokal Entscheedungen ze beaflossen. Fir de Kommissär ass et imminent wichteg, dat net als nei Normalitéit hinzehuelen.

Digitale Populismus

A Spuenien soll esou ee „koordinéiert Twitter-Netzwierk“ entdeckt gi sinn, dat mat „Bots“ a falsche Profiller antiislamesch Hashtags gefërdert huet, fir déi rietsradikal Partei „Vox“ vum erkläerten Neofaschist Santiago Abascal bei den Europawahlen ze ënnerstëtzen. Déi huet dann och dräi Mandater fir d‘EU-Parlament erhalen, wou si mat Gläichgesënnten un der EU-Demontage schafft.

Europawahlen

Eng Situatioun déi et och anerwäerts soll ginn hunn. Esou bei den Éisträicher, de Fransousen, de Briten an den Italiener. Mee och am Osten (Lettland, Polen a Rumänien) hätt et ee massiven Asaz zu Gonschte vun der Desinformatioun ginn. An hei wieren, esou de Sir Julian King, net nëmmen d‘Memberlänner gefuerdert. Och déi grouss Sozialnetzwierkbedreiwer misst een an d‘Flicht huelen.

Politeschen Aktivismus

Als Léisungsusaz gesäit den EU-Kommissär 2 Pisten: 1) de Legislateur huet fir méi Transparenz bei der Wahlwerbung am Internet ze suergen; 2) Faktepréiwer an „onofhängeg“ Fuerscher mussen een erweiderten Zougrëff op d‘Informatiounen erhalen. Wéi hien dat bewierkstellege wëll ouni datt et zur Zensur oder ageschränkter Meenungsäusserung kënnt, huet hien am Interview net erläutert.

Europawahlen

Wéi et heescht, soll dës Problematik och beim nächsten EU-Sommet an zwou Woche beschwat ginn. Eng Léisung oder en allgemenge „Konsens“ sollt een sech net erwaarden. Dem Ament geet et zu Bréissel emol virrangeg ëm Personalfroen a wéi déi „nächst Koalitioun“ am EU-Parlament wäert ausgesinn. Zudeem dierf een erhieflech Zweiwel hunn, datt se verstinn, wat wéi am Internet leeft.

Ähnlech Sujeten EU-Sécherheetskommissär, EU-Wahlkampf, Europawahlen 2019, Manipulatiounsversich, Sir Julian King
Nächsten Artikel Virrechten Artikel