Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du wëlls dem Staat kee Geld schenken? Hei ass deng Steiererklärung esou einfach, wéi e Post of Facebook!
Neiegkeeten

Du wëlls dem Staat kee Geld schenken? Hei ass deng Steiererklärung esou einfach, wéi e Post of Facebook!

Dësen Artikel ass vun Taxx.lu gesponsert Et ass all Joers

Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
Neiegkeeten

Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“

A geléister a kollegialer Atmosphär, hunn sech gëschter um Krautmaart

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?
Neiegkeeten

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?

Während sech um Virowend vum Nationalfeierdag de Gros vun den

D’Europawahlen zu Lëtzebuerg de 26. Mee

Communiqué vum Zentrale Regierungsbüro

D’Europawahlen zu Lëtzebuerg de 26. Mee

De 26. Mee 2019 sinn d’Europawahlen an den Zentrale Regierungsbüro deelt mat dësem Communiqué nach eemol eng Rei Informatiounen dozou mat.

Den Zentrale Regierungsbüro a seng Missiounen

De Sonndeg, 26. Mee 2019 fannen d’Europawahlen zu Lëtzebuerg statt. Den Zentrale Regierungsbüro (“Bureau centralisateur gouvernemental”, BCG), dee bei all Chamber-, Europa-, A Gemengewahlen opgestallt gëtt, huet als Missioun, déi offiziéis Resultater vun deene Wahle festzestellen an ze diffuséieren.

Fir d’Resultat esou séier wéi méiglech opzestellen, schaffen um Wahldag eng 92 Mataarbechter vum Staat fir de BCG. D’Majoritéit vun de Mataarbechter sinn deen Dag am Zenter fir Informatiounstechnologie (“Centre des technologies de l’information de l’État, CTIE) aktiv, mee et sinn awer och Equippe vum BCG an den Haaptwahlbüroe vun der Stad Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht präsent.

De Site elections.public.lu

Um Wahldag selwer ginn déi offiziéis a komplett Resultater um offizielle Site vun de Wahlen zu Lëtzebuerg eréischt no 23 Auer owes publizéiert, konform mam ofgeännerten europäeschen Akt vun 1976 iwwer d’Wahle vun de Membere vum Europäesche Parlament, dee virgesäit, datt kee Memberstaat seng Wahlresultater dierf verëffentlechen, éier net dee leschte Wahlbüro an der EU seng Dieren zougemaach huet.

No der Publikatioun presentéiert de Site déi komplett Resultater vun den Europawahlen zu Lëtzebuerg, op nationalem Niveau an och um Niveau vun de Gemengen, de Parteien an den eenzelen Kandidaten. Weider kënnen um Site d’Wahlresultater vun 2019 mat deene vun 2014 verglach ginn.

Fir datt all d’Informatiounen zum Thema Wahlen zu Lëtzebuerg fir all d’Bierger zougänglech sinn, gouf de Site elections.public.lu an déi véier Haaptsprooche vum Grand-Duché iwwersat: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

Well all Mënsch, egal wat seng spezifesch Besoine sinn, soll un de Wahlen deelhuele kënnen, presentéiert der Site elo och déi wichtegst Informatiounen zum Thema an enger méi einfacher Sprooch (“leichte Sprache”). Déi Dokumenter kënnen a verschiddene Sproocheversiounen op der Säit Barrière-Fräiheet erofgeluede ginn.

E puer Zuelen

Et gëllt ze bedenken, datt all d’Zuelen nach bis den Dag vun de Wahle ganz liicht variéiere kënnen (opgrond vun Ëmzich, Stierffäll …). D’Majoritéit vun de benotzten Donnéeë kënnen um Open-Data-Portal vun der Regierung erofgeluede ginn. Déi folgend Zuele ginn de Stand vum 17. Mee 2019 erëm.

D’Kandidate fir d’Europawahlen

Am Ganzen hunn 10 Parteien eng komplett Lëscht mat 6 Kandidate fir d’Europawahle vum 26. Mee 2019 presentéiert. Ënnert deene 60 Kandidate sinn 32 Männer an 28 Fraen.

Am Duerchschnëtt sinn d’Kandidaten 43,9 Joer al, d’Fraen hunn an der Moyenne 40 Joer, d’Männer 47. Wat d’Opdeelung an Altersklassen ubelaangt, esou hu 15 Kandidaten tëschent 20 an 29 Joer, 13 hunn tëschent 30 an 39 Joer, 5 tëschent 40 an 49 Joer, 17 tëschent 50 an 59 Joer, 7 tëschent 60 an 69 an 3 Kandidaten hunn tëschent 70 an 79 Joer.

D’Wieler

283.683 Wieler stinn aktuell op de Wielerlëschte fir d’Europawahlen. Am Vergläich zu de leschten Europawahle vun 2014, wou 264.183 Wieler an de Lëschten ageschriwwe waren, entsprécht dat engem Zouwuess vun 19.500 Wieler.

D’Unzuel un ageschriwwene Wieler variéiert staark tëschent deene verschiddene Gemengen zu Lëtzebuerg: während déi klengste Gemeng Sëll nëmme 521 Wieler zielt, huet d’Stad Lëtzebuerg, déi gréisste Gemeng am Land, der 35.288.

D’Net-Lëtzebuerger EU-Wieler

Bis den 28. Februar 2019 konnte sech d’Staatsbierger aus der EU, déi net Lëtzebuerger sinn, mee hei zu Lëtzebuerg wunnen, an d’Wielerlëschte fir d’Europawahle vun 2019 aschreiwen. Aktuell stinn 23.175 net-lëtzebuergesch EU-Bierger op de Lëschte fir d’Europawahlen. Fir déi lescht Europawahle vun 2014 stoungen 21.650 auslännesch Wieler op de Lëschten. Deemno sinn 1.525 (+7%) auslännesch Wieler op d’Lëschte bäikomm.

Säit de leschten Europawahl vum 25. Mee 2014 hu sech insgesamt eng 7.209 net-lëtzebuergesch EU-Bierger op d’Lëschte fir d’Europawahlen agedroen. Den Aschreiwungs-Taux, also de Prozentsaz vun den auslännesche Wieler par rapport zur potenzieller Wielerschaft (zu Lëtzebuerg liewend EU-Auslänner mat méi wéi 18 Joer), läit bei 11,8%, wat e liichte Réckgang am Vergläich zu 2014 bedeit, wou den Taux bei 12,2% louch. De Prozentsaz vun den ageschriwwenen Net-Lëtzebuerger EU-Bierger par rapport zur Gesamtwielerschaft zu Lëtzebuerg ass tëschent 2014 an 2019 konstant bei 8,2% bliwwen.

Ënnert deenen ageschriwwenen auslännesche Wieler sinn d’Portugisen, an absoluten Zuelen, mat 7.765 Wieler am meeschte vertrueden. Dat entsprécht 10,3% vun der portugisescher Bevëlkerung hei zu Lëtzebuerg. Dono kommen d’Fransouse mat 4.301 Wieler (11,5% vun der franséischer Bevëlkerung), d’Italiener mat 2.847 (14,8%), d’Belsch mat 2.466 (14,7%) an déi Däitsch mat 2.149 (19,7%) ageschriwwene Wieler.

Um Niveau vun de Gemenge ginn et grouss Ënnerscheeder, wat d’Zuel vun den ageschriwwenen Net-Lëtzebuerger EU-Staatsbierger an deenen hirem Undeel un der Gesamtwielerschaft betrëfft. Sou hunn déi grouss Stied am Land generell en Undeel un auslännesche Wieler vun iwwer 8%, während dee Prozentsaz bei de Gemenge mat manner wéi 1.000 Wieler ënner 5% läit.

Stéchdatume fir d’Wahlen:

Wieler, déi zu Lëtzebuerg wunnen a per Bréifwahl un den Europawahlen deelhuelen, mussen, fir sécher ze goen, datt hire Stëmmziedel zurzäit ukënnt, dëse per Post bis spéitstens de Freideg, 24. Mee 2019 virun der leschter Levée vun der Bréifboîte ofschécken.

Déijéineg Wieler, déi hire Stëmmziedel net per Post ofgeschéckt hunn, kënnen hir giel Enveloppe, an där sech de gefaalte Stëmmziedel an d’Wahlenveloppe befannen, awer nach um Wahldag tëschent 8 a 14 Auer am Haaptwahlbüro vun hirer Gemeng ofginn.

Spéitstens den 21. Mee 2019 kréien all d’Wieler, déi op de Wahllëschte fir d’Europawahle stinn, hire Convocatiounsbréif zougeschéckt, mat de Präzisioune vum Dag, den Ëffnungszäiten, während deene kann ofgestëmmt ginn, an der Raimlechkeet, an där de Vott stattfënnt.

D’Wieler kënne vu moies 8 Auer bis mëttes 14 Auer wiele goen. Den Dag vun de Wahle muss de Wieler sech mat senger Identitéitskaart oder sengem Pass am Walbüro presentéieren.

Matgedeelt vum Zentrale Regierungsbüro / Informatiouns- a Pressedéngscht.

 

Ähnlech Sujeten EU-Wahlen, Europawahlen 2019, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel