Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Ali Khamenei setzt sech resolut fir eng Relatioun mat der Welt an
Sport

Den Ali Khamenei setzt sech resolut fir eng Relatioun mat der Welt an

De reliéise Leader vum Iran, Ali Khamenei setzt sech resolut

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad
Sport

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad

Den allgemenge Bebauungsplang vun der Eko-liberaler Majoritéit daacht näischt. Dëser

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 5
Sport

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 5

Wéi gutt kenns du deng Gemengen oder d‘Landkaart am allgemengen?

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf

D‘Biergcourse vun Eschduerf, déi traditionell vun der „Union des Pilotes Luxembourg“ (UdP) organiséiert gëtt, ass ee vun de groussen Automobilsportevenementer an eisem Land. An esou wäerten, besonnesch zum 30. Jubiläum, och dëse Weekend nees dausende Fans laanscht déi usprochsvoll Pist stoen an de Piloten d‘Daumen drécken.

Et ass dann och séchergestallt, datt eng vun den aussergewéinlechste Course wäert ginn. Fir de Jubiläum sinn 190 Starter gemellt, déi sech a 27 Klassen opdeelen, an a 9 Gruppen un den Depart ginn. D‘UdP déi sech a Saache Reglement, Sécherheet, technesch Oofnam an Iwwerwaachung vun der Course op d‘Expertise vun ACL Sport verléisst, begréisst hei eng exzellent Zesummenaarbecht.

Ronderëm d‘Streck ass fir Iessen an Gedrénks gesuergt, och hei gëtt sech wéi gewinnt op d‘Entente vun der Veräiner Eschduerf verlooss. Si hunn Erfahrung a wësse wat de Leit schmaacht. Mee och soss gëtt et villes ze dinn, an d‘UdP gëtt vu gutt 150 Benevollen ënnerstëtzt, déi alleguerten derzou bäidroen, datt dëst grousst Evenement op e neits e grousse Succès ka feieren.

An den European Hill Race Eschduerf, ass och a ganz besonnesch bei eise „Nopere“ beléift. Alles an allem si Piloten aus néng Natioune präsent: nieft de Lëtzebuerger Piloten, ginn och Piloten aus der Belsch, Däitschland, Éisträich, Frankräich, Groussbritannien, Holland, Schwäiz an Slowakei, un de Start. An och bei de Gefierer, dierf een sech nees op ganz aussergewéinlech Exote freeën.

De Leon Linden, de Pilot vun der éischter Stonn

An déi 30. Biergcourse zu Eschduerf, sollt dann och als „duebele Jubiläum“ an d‘Geschicht vu Lëtzebuerger Automobilsport agoen. De Leon Linden, klëmmt dräi Woche viru sengem 80 Järege Gebuertsdag a säin Opel-Dallara F3, a wäert deene „Jonke Spunte“ weisen, wat esou en „alen Hummer“ nach ze bidden huet.

Eschduerf

De Leon Linden mat sengem Dallara F304 © ACL/Schwirtz Henri

Et geet dann och schonn e Samschdeg um 9.15 Auer lass. Den Dag ass fir den Training geduecht, an et sollt, ausser bei „héijer Gewalt“ dann och dräi Montéeë ginn. Um Sonndeg ass ee gutt beroden eppes éischter aus de Fiederen ze sprangen. Den 1. Depart ass pünktlech um 8.30 Auer an et dierft net langweileg laanscht déi 1.850 Meter laang Streck ginn.

Gespaant dierf ee sinn, wéi sech beispillsweis de Sebastien Petit (F) schloe wäert, deen no enger drëtter Plaz 2014 an 2015 no dräi Joer Absence un der Jubiläumscourse deel hëlt. De franséische Champion 2017, deen och siwe mol Vizechampion (tëscht 2004 a 2016) war, kéint mat sengem Norma M20, ugedriwwe vun engem Mugen-Honda V8 vun 3 Liter, „opfalen“.

Weider Kandidate fir eng vun de viischte Plazen: de Marcel Steiner (CH) op sengem Prototyp LobArt-Mugen Honda – hien hat rezent zu Rechberg an Éisträich de „klenge Fransous“ geschloen – an säi Landsmann Eric Berguerand – véierfache Schwäizer Meeschter (2013-16) – op engem Lola Cosworth Fa99 Formel 3000, deen sech zu Eschduerf oft mat der 2. Plaz huet missen offannen.

An zu gudder Lescht muss och de véierfache Belsche Meeschter (2011-14) ernimmt ginn. De Jelle de Coninck, Gewënner vum European Hill Race Eschduerf 2017. De jonke Flamänner op engem Norma M20 FC, ausstafféiert mat engem 1,7 Liter Turbo vun Honda, hat dann och eent vun de Stäerkste Gefierer. Kann hien säin Exploit widderhuelen? D‘Äntwert dorops e Sonndeg.

Vergiessen dierf een op dëser Plaz net d‘Bierg-Monster, wou ënnert anerem den Éisträicher Herbert Stolz op sengem Porsche 935 sech virgeholl huet dem Fred Neff (CH) op Porsche 997 GT-R an dem Nicolas Werver (F) op Porsche 997 GT-2, d‘Lat ganz héich ze setzen. Interessant och nach: déi Däitsch Piloten Norbert Handa (Lancia Delta Integrale) an Holger Hovemann (Opel Kadett V8).

Gutt Wieder ass tromp

Wann ee sech d‘Wiederprevisiounen esou ukuckt, sollt et nächste Weekend dréche bleiwen, dat bei ëm déi 20 bis 22 Grad. Bescht Konditioune fir esou engem Biergrenne bäizewunnen. An de kuerze Pausen kann ee zudeem net nëmmen d‘Rennmaschinnen am Parc fermé bewonneren. Déi neiste Modeller vun Honda (Autodis), BMW Alpina (Schmitz Miersch) a Skoda (Claren) sinn och do.

Eschduerf

An de Kéiere kuerz virun der Arrivée sinn d‘Plaze begiert. Hei ass een dann och gutt beroden zäiteg aus de Fiederen ze kommen. (Archiv Course 2017) © Martine de Lagardère/moien.lu

Op der Plaz och d‘Protection Civile vu Wolz an d‘Pompjee vun Esch-Sauer. Et huet och zwee grouss Parkingen: ënne beim Depart (Heischtergronn) an uewen op der Kopp, an der Entrée vun Eschduerf. Alles wéi gewinnt gutt ausgezeechent. Hei sollt kee verluer goen. Gutt Schong a gutt Laun sollt een net vergiessen.

Wat d‘Ticketspräisser betrëfft: fir 25 Euro ass een de ganze Weekend mat derbäi. Wie just Samschdes den Training kucke kënnt ass mat 15 Euro derbäi, fir de Sonndeg gi ganzer 20 Euro fälleg. All weider wichteg Informatiounen op www.hillrace.lu an op Facebook

De Palmarès vun de leschten 29 Joer:

  • 1988:Hervé Bayard (F) Martini Mk32 BMW 2.3L F2
  • 1989:Hervé Bayard (F) Martini Mk32 BMW 2.3L F2
  • 1990:Hervé Bayard (F) Ralt Rt30 BMW 2.3.L F2
  • 1991:Christian Hauser (L) Martini B42 BMW 2L F2
  • 1992:Fredy Amweg (CH) Lola Cosworth V8 3L F3000
  • 1993:Christian Debias (F) Martini Mk58 D BMW 2L F2
  • 1994:”Conny” (L) Ralt Rt23 Cosworth V8 3L F3000
  • 1995:Heinz Steiner (CH) Martini Mk69 BMW 2L F2
  • 1996:Heinz Steiner (CH) Martini Mk69 BMW 2L F2
  • 1997:Christian Hauser (L) Martini Mk69 BMW 2.5L F2
  • 1998:”Conny” (L) Ralt Rt23 Cosworth V8 3L F3000
  • 1999:Christian Debias (F) Martini Mk74 BMW F2
  • 2000:Christian Debias (F) Martini Mk74 BMW F2
  • (2001 Lux-Rennen: Jean Schmits (B) Ralt Rt23 Cosworth V8 3L F3000)
  • 2001 Deutsches Rennen : *Christian Debias (F) Martini Mk74 BMW F2
  • 2002 Lux-Rennen:*Christian Hauser (L) Reynard Cosworth F3000
  • (2002 Deutsches Rennen : Herbert Stolz (D) Porsche 935 Bi-turbo)
  • 2003 Lux-Rennen:*Roland Bossy (CH) Reynard 93D F3000
  • (2003 Deutsches Rennen : Herbert Stenger(D) Stenger BMW 3L CN)
  • 2004:Lionel Régal (F) Reynard 95D Mugen F3000
  • 2006:Lionel Régal (F) Reynard 95D Mugen F3000
  • 2007:Lionel Régal (F) Reynard Mugen 01L F3000/Nippon
  • 2008 :Lionel Regal (F) Reynard Mugen 01L F3000/Nippon
  • 2009:Lionel Regal (F) Reynard Mugen 01L F3000/Nippon
  • 2010:Lionel Regal (F) Reynard Mugen 01L F3000/Nippon
  • 2011:Fabien Frantz (F) Reynard Mugen 92D F3000
  • 2012: David Hauser (L) Dallara-SRE GP2 3.0L
  • 2013: Marcel Steiner (CH) Osella-Zytek Fa30
  • 2013 (Classic Day): Pascal Denis (L) Simca Rallye II
  • 2014: Nicolas Schatz (F) Norma-BMW M20 FC V8 4L
  • 2014 (FIA Hill Climb Masters, Gesamtwertung und Kat. 3): Nicolas Schatz (F) Norma-BMW M20 FC V8 4L
  • 2014 (FIA Hill Climb Masters, Kat. 2): Eric Berguerand (CH) Lola-Cosworth Fa99)
  • 2014 (FIA Hill Climb Masters, Kat. 1): Yanick Bodson (B), Porsche 997 Cup
  • 2015: David Hauser (L), Wolf GB08F1
  • 2016: David Hauser (L), Dallara-Mécachrome GP2 V8 4L
  • 2017: Jelle De Coninck (B), Norma-Honda M20 FC turbo
Eschduerf

Och ganz „exotesch“ Gefierer si mat um Start, an ënnerschätze sollt een se net. (Archiv Course 2017) © Martine de Lagardère/moien.lu

Déi schnellste jee gefueren Zäit war 48,344 Sek, vum Nicolas Schatz (F) op engem Norma-BMW M20 FC 4.0 V8 (2014 FIA Masters). De séierste Lëtzebuerger, war bis ewell den David Hauser op engem Wolf FB08F1 (2014 FIA Masters) mat 49,372 Sek.

Foto: Um European Hill Race zu Eschduerf, gëtt de Frënn vum Automobilsport vill gebueden. An dat net nëmmen op der Streck. (Archiv Course 2017) © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Eschduerf, European Hill Race, Union des Pilotes Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    10

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    1