Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid
Neiegkeeten

USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid

Fir Monsanto war en Dënschdeg scho Chrëschtdag. De Ris vun

Du wëlls an der EU méi ze soen hunn? Dës Biergerconsultatioun bitt der eng Méiglechkeet!
Neiegkeeten

Du wëlls an der EU méi ze soen hunn? Dës Biergerconsultatioun bitt der eng Méiglechkeet!

Vir den Europadag vun haut bitt d’Europa Kommissioun d’Geleeënheet, un

surprise
Douane mat engem erfreeleche Bilan
Neiegkeeten

Douane mat engem erfreeleche Bilan

Zolidd Saisien, streng Kontrollen am Beräich vum Stroossentransport an am

EUROSTAT: neisten Informatiounen iwwert d’Hauspräisentwécklung an der EU

EUROSTAT: neisten Informatiounen iwwert d’Hauspräisentwécklung an der EU

D’Hauspräisser am europäesche Raum si, wéi och an der EU, tëschent dem zweete Quartal 2017 bis 2018 ëm gutt 4.3% geklommen. Dëst geet aus aktuellen Donnéeë vum Eurostat ervir. Gemooss goufen d’Hauspräisser um Hauspräissindex (HPI).

Am éischte Quartal waren des Wäerter well em 1.4% an d’Luucht gaangen. Déi héchste Präisentwécklunge sinn dobäi an Slowenien (+13,4%), Irland (+12,6%), Portugal (+11,2%) an, an Ungarn (+10,4%) verzeechent ginn. Ee Präisverfall gouf et dann och an den Länner Schweden (-1,7%) an Italien (-0,2%).

Eist Lëtzebuerger Land leit dobäi an den BENELUX Länner, mat 5.1%, mat der héchster Quot do. An der gesamter Entwécklung sinn d’Präisser sou am europäesche Raum wéi och an der EU säit 2013 erëm um klammen.

Methoden an Definitiounen

Den Hauspräissindex (HPI) mësst d’Präisentwécklung vun all Stot kaaften Immobilien (Wunnhaiser, Eefamilljenhaiser, Reienhaiser, asw.), souwuel Nei- wéi och Albauten, bis Dato onofhängeg vun hirer endgëlteger Notzung an hire Besëtzer. D’ HPI’n vun den EU-Membere gi vun den jeeweilegen national statisteschen Organer erstallt. D’Aggregater vun den HPI’n fir den europäesche Raum an der EU ginn direkt vun EUROSTAT erstallt.

D’HPI’n ginn als Kettenindizien all Joers berechent; dëst erlaabt et reegelméisseg Aktualiséierunge vun den Daten eraus ze bréngen. Déi europäesch HPI-Aggregater ginn allkéiers aus de Schnëtter vun den jeeweilegen nationalen HPI’n berechent, ënnert dem Faktor vum BIP (ob Basis vu Millioune KKS) zu den Maartpräisser als Gewiicht fir déi jeeweileg Länner.

Revisiounen an Zäitplang

Vergläich ass fir dat éischt Quartal 2018 am Euroraum vun +0.6% ob +0.5% an, an der EU vun +0.7% ob +0.6% revidéiert.

Weider Infoe fannt Dir HEI.

Ähnlech Sujeten EUROSTAT, Haus, Hauspräisindex, Wunneng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel