Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Porsche Mobil 1 Supercup: Gutt Leeschtung vum Dylan Pereira zu Monza
International Neiegkeeten

difference btw dating and relationship

No technesche Problemer zu Francorchamps, wou de Lëtzebuerger Espoir säi

pb dating
International Neiegkeeten

25. Editioun vun Streeta(rt)nimation – mat 100 Spektakelen

e Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg (VDL)

Zu Berlin hunn se eppes Kappwéi
International Neiegkeeten

Zu Berlin hunn se eppes Kappwéi

Wat een net fir méiglech gehalen hätt, awer elo Fakt

Eurostat: Industrieproduktioun am Euroraum ëm 1,6 % erofgaangen

An der EU28 gëtt et ee Réckgang vun 1,5 %

Eurostat: Industrieproduktioun am Euroraum ëm 1,6 % erofgaangen

De Schätzungen no vun Eurostat, dem statisteschen Amt vun der Europäescher Unioun, ass am Juni 2019 déi saisonsbedingt Industrieproduktioun géigeniwwer zum Mee 2019 erofgaangen. Am Euroraum (ER19) ass de Wäert ëm 1,6 %, an der EU28 ëm 1,5 % gesonk.

Am Mee 2019 war d’Industrieproduktioun am Euroraum ëm 0,8 %, an der Europäescher Unioun ëm 0,9 % an d’Luucht gaangen. Géigeniwwer zum Juni 2018 ass d’Industrieproduktioun dëst Joer am Euroraum ëm 2,6 % zeréck gaangen. An der EU28 verzeechent een ee Minus vun 1,9 % an engem Joer.

Industrieproduktioun

Verglach nom Mount

Am Euroraum ass d’Produktioun vun Investitiounsgidder am Juni 2019, géigeniwwer zum Mee 2019, ëm 4,0 % gesonk. Bei de Verbrauchsgidder leie mir bei engem Minus vun 2,8 %, bei de Gebrauchsgidder ëm 1,2 %, bei de Virleeschtungsgidder ëm 0,8 % a bei der Energie ëm 0,2 %.

An der EU28 erkennt een an der Produktioun vun Investitiounsgidder ee Minus vun 3,5 %, vu Verbrauchsgidder ëm 2,2 %, vu Gebrauchsgidder ëm 1,4 %, vu Virleeschtungsgidder ëm 0,9 % a vun Energie ëm 0,4 %.

Vun alle Memberstaaten, bei deenen d’Date virleien, verzeechnen Irland (-8,8 %), Dänemark (-7,6 %) a Portugal (-4,5 %) de stäerkste Réckgang. De gréissten Zouwuessen hunn dogéint Litauen a Malta (je +1,8 %) a Lettland (+1,5 %) registréiert.

Verglach nom Joer

Am Euroraum ass d’Produktioun vun Investitiounsgidder am Juni 2019, géigeniwwer zum Mee 2019, ëm 4,4 % gesonk. Bei de Virleeschtungsgidder leie mir bei engem Minus vun 2,6 %, bei de Gebrauchsgidder ëm 1,0 % a bei der Energie ëm 0,1 %. D’Produktioun vu Verbrauchsgidder ass dogéint ëm 0,1 % geklommen.

An der EU28 erkennt een an der Produktioun vun Investitiounsgidder ee Minus vun 3,7 %, vu Virleeschtungsgidder ëm 2,0 %, vu Gebrauchsgidder ëm 0,5 %. a vun Energie ëm 0,4 %. D’Produktioun vu Verbrauchsgidder (+0,2 %) an Energie (+0,6 %) sinn dogéint ëm geklommen.

Vun alle Memberstaaten, bei deenen d’Date virleien, verzeechnen Däitschland (-6,2 %), Kroatien a Portugal (je -5,6 %) de stäerkste Réckgang. De gréissten Zouwuessen hunn dogéint Estland (+7,4 %), Lettland (+4,4 %) , Dänemark (+4,2 %) an Ungarn (+4,1 %) registréiert.

Geografesch Informatiounen

Zum Euroraum (ER19) gehéieren d’Belsch, Däitschland, Estland, Irland, Griicheland, Spuenien, Frankräich, Italien Zypern, Lettland, Litauen, Lëtzebuerg, Malta, Holland, Éisträich, Portugal, Slowenien, d’Slowakei a Finnland.

Zur Europäescher Unioun (EU28) gehéieren d’Belsch, Bulgarien, Tschechien, Dänemark, Däitschland, Estland, Irland, Griicheland, Spuenien, Frankräich, Kroatien, Italien Zypern, Lettland, Litauen, Lëtzebuerg, Ungarn, Malta, Holland, Éisträich, Polen, Portugal, Rumänien, Slowenien, d’Slowakei, Finnland, Schweden a Groussbritannien.

Ähnlech Sujeten Europäesch Unioun, Euroraum, EUROSTAT, Industrieproduktioun, Statistik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel