Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei fir d’Rentrée 19/20: De BTS „Assistant médico-administratif“
a christian perspective on dating Neiegkeeten

where to hook up in hong kong

De Maacher Lycée wäert bei der kommender Rentrée 2019-2020 mam

https://moien.lu/cat-genie-hook-up/
a christian perspective on dating Neiegkeeten

Brexit: Britescht Parlament hält um Chaos fest

Et ass, vun engem demokratesche Standpunkt hir betruecht, eng lëschteg

Méi Geld an Infrastrukture fir de Sport
a christian perspective on dating Neiegkeeten

Méi Geld an Infrastrukture fir de Sport

De 15. Januar hat de Sportsminister Dan Kersch (LSAP) eng

Eenzelhandel am Euroraum: Bedeitend Hausse vum Ofsazvolumen am Eenzelhandel

Eenzelhandel am Euroraum: Bedeitend Hausse vum Ofsazvolumen am Eenzelhandel

Am November 2018 ass den Ofsazvolumë vum Eenzelhandel, vis-à-vis vum Oktober 2018, am Euroraum (ER19) ëm 0,6 % geklommen. Enger Schätzung vun Eurostat, dem statisteschen Amt vun der Europäescher Unioun, no läit dëse Wäert an der EU28 souguer bei 0,7 %.

Am Oktober 2018 hat den Eenzelhandelsvolume am Euroraum ëm 0,6 % zougeluecht. An der EU28 waren et 0,4 %. Kuckt ee sech den November 2017 un erkennt een eng signifikant Hausse am Eenzelhandelsindex. Am November 2018 kann een ee Wäert vun 1,1 %, an der EU 28 eng Hausse ëm 2,1 %, feststellen.

Eurostat

De Verglach vun all Mount no Eenzelhandelssecteur a Memberstaat

Am November 2018 ass den Ofsazvolumen am Eenzelhandel am Euroraum beim Net-Liewensmëttelsecteur a bei Kraaftstoffer fir Moteuren ëm jeeweils 1,2 % geklommen. Gläichzäiteg ass den Ofsazvolumë bei Liewensmëttel, Gedrénks an Tubak ëm 0,9 % gefall. An der EU28 kann ee bei de Kraaftstoffer fir Moteuren eng Hausse vun 1,5 % feststellen a bei den Net-Liewensmëttel eng Hausse vun 1,4 %. Ëm 0,6 % ass den Taux bei Liewensmëttel, Gedrénks an Tubak erof gaangen.

Bei de Memberstaaten, wou Date virleien, registréiere Lettland (+2,4 %), Polen an Estland (jeeweils +2,1 %) insgesamt déi gréissten Hausse am Eenzelhandelsvolumen. Ee Réckgang gouf dann a Slowenien (-1,6 %) an, an Éisträich (-0,5 %) verzeechent.

De Verglach am Joer

Vergläicht een elo den November 2017 mam November 2018 ass den Ofsazvolumen am Eenzelhandel am Euroraum bei Kraaftstoffer vu Moteuren ëm 2,9 %, am Net-Liewensmëttelsecteur ëm 1,5 % a bei Liewensmëttel, Gedrénks an Tubak ëm 0,2 % erop gaangen. Donieft kann een an der EU28 och eng signifikant Hausse feststellen. Den Ofsazvolumen am Eenzelhandel ass bei Kraaftstoffer fir Moteuren ëm 3,9 %, bei Net-Liewensmëttel ëm 2,8 % a bei Liewensmëttel, Gerdrénks an Tubak ëm 0,6 % geklommen.

Vun de Memberstaaten, wou Date virleien, ass den héchsten Zouwuess am Eenzelhandelsvolumen insgesamt a Slowenien (+10,7 %), Rumänien (+7,2 %) a Litauen (17,0 %) verzeechent ginn. Réckgäng sinn an der Belsch (-1,6 %), Malta (-1,3 %) an, an Éisträich (-0,2 %) registréiert ginn.

Geografesch Informatiounen

Zum Euroraum (EU19) gehéieren d’Belsch, Däitschland, Estland, Irland, Griicheland, Spuenien, Frankräich, Italien, Zypern, Lettland, Litauen, Lëtzebuerg, Malta, Holland, Éisträich, Portugal, Slowenien, d’Slowakei a Finnland.

Zur Europäescher Unioun (EU28) gehéieren d’Belsch, Bulgarien, Tschechien, Dänemark, Däitschland, Estland, Irland, Griicheland, Spuenien, Frankräich, Kroatien, Italien, Zypern, Lettland, Litauen, Lëtzebuerg, Ungarn, Malta, Holland, Éisträich, Polen, Portugal, Rumänien, Slowenien, d’Slowakei, Finnland, Schweden an dat Vereente Kinnekräich.

Methoden an Definitiounen

Den Index vum Ofsazvolumen am Eenzelhandel mësst déi deflationéiert Entwécklung vum Ëmsaz am Eenzelhandel, dat heescht d’Entwécklung vun den insgesamt verkaafte Gidder op Grondlag vu kalenner- a saisonberengeschten Daten.

Dës saisonberengescht Reie fir den Euroraum an d’EU gi berechent, andeems déi national saisonberengescht Daten aggregéiert ginn. Fir déi Memberstaaten, déi hir Daten net ëm de saisonalen Effekt berengegen, féiert Eurostat d’Saisonberengegung duerch.
Fehlend Date vun de Memberstaaten fir déi lescht Méint gi fir d’Berechnunge fir den Euroraum an d’EU geschat.

Revisiounen an Zäitplang

D’Date vun de Méint virdru sinn, vis-à-vis vun deenen am Pressecommuniqué 186/2018 vum 5. Dezember 2018 verëffentlechten Daten, revidéiert ginn. Déi, op de Mount gekuckt, prozentual Verännerunge fir Oktober 2018 sinn am Euroraum vun +0,3 % op +0,6 % an, an der EU28 vun 0,1 % op +0,4% revidéiert ginn. Déi, op d’Joer gekuckt, prozentual Verännerunge sinn am Euroraum vun +1,7 % op +2,3 % an, an der EU28 vun +2,1 % op +2,4 % revidéiert ginn.

Hei déi genau Zuelen:

Eurostat

Eurostat Eurostat

Ähnlech Sujeten Eenzelhandel, EU19, EU28, EUROSTAT, Hausse, Ofsazvolumen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel