Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Caracas léisst sech net aschüchteren a schéckt d‘Vertrieder vu Washington heem
https://moien.lu/dating-privacy/

Caracas léisst sech net aschüchteren a schéckt d‘Vertrieder vu Washington heem

Déi Aart a Weis wéi Washington mat der politescher Souveränitéit

speed dating bendigo victoria
https://moien.lu/dating-privacy/

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille

70 järeg „Bope“… déi nach ëmmer legendär an onermiddlech Rolling

Faarwefrout Andalusien: Wann d’Sonn aus dem Häerz kënnt
https://moien.lu/dating-privacy/

Faarwefrout Andalusien: Wann d’Sonn aus dem Häerz kënnt

Andalusien gëllt als zweetgréisst a südlechst vun de 17 autonome

Euthanasie-Rapport 2017-2018: D’Stierfhëllef ass 19 Mol ugewannt ginn!

Euthanasie-Rapport 2017-2018: D’Stierfhëllef ass 19 Mol ugewannt ginn!

Déi national Kommissioun vun der Kontroll an Auswäertung vun der Uwendung vum relative Gesetz vun der Euthanasie an der Mathëllef zum Suizid (Euthanasie-Kommissioun) huet gëschter säi Rapport vun de Joren 2017 an 2018 un de Fernand Etgen, President vun der Chamber, an de Mars Di Bartolomeo, President vun der Gesondheetskommissioun iwwerginn. D’Gesetz vum 16. Mäerz 2009 zur Stierfhëllef gesäit nämlech fir, datt all zwee Joer ee Bericht mat Statistiken an der Auswäertung vun der Uwendung vum Gesetz un d’Chamber geet.

D’Kommissioun huet 11 Deklaratiounen zur Euthanasie am Joer 2018 kritt an 8 Stéck am Joer duerno. D’Unzuel bleift ongeféier konstant zu de Jore virdrun. Säit dem Akraafttriede vum Gesetz am Joer 2009 sinn 71 Fäll vun Euthanasie deklaréiert ginn. Den Alter vun de Patiente läit dobäi tëscht 53 an 93 Joer. Vun den 19 Fäll aus dem Rapport hunn 15 Persounen u Kriibs gelidden.

Eng Ännerung gëtt et allerdéngs. War vun 2009 bis 2016 d’Spidol déi gewielte Plaz fir ze stierwen, esou hunn beim neie Rapport 13 Persounen hiert eegent Doheem gewielt. Just an 2 Fäll ass de Patient am Spidol gestuerwen, an 3 Fäll war et een Heem oder eng privat Plaz.

2017 an 2018 huet d’Kommissioun 619 Verfügunge verzeechent. Ëmmer méi Jonker interesséiere sech fir d’Thema.

Euthanasie

(v.l.n.r.) Dr. Carlo Bock, President vun der Kommissioun; Fernand Etgen, President vun der Chamber © Chambre des Députés

Ze wéineg Informatiounen!

Beim Iwwerreeche vum Rapport huet de President vun der Kommissioun, den Dr. Carlo Bock nees bedauert, datt et esou wéineg Informatioune ginn. Wéi och am leschte Bericht ass virgeschloe ginn, datt eng medezinesch-ethesch Berodung vu geschoulte Medeziner agefouert soll ginn, fir esou jiddwerengem genuch Informatioune kënnen ze ginn

Wat eng eventuell Verbesserung vum Gesetz vun 2009 ugeet huet den Dokter juristesch Qualifikatiounen zur Stierfhëllef duerch natierlech Grënn virgeschloen. Zu gudder Lescht huet d’Kommissioun ervir gehuewen, datt d’Existenz vu stellvertriedende Membere leider net am Gesetz virgesinn ass. De Rapport gëtt elo vun der Gesondheetskommissioun analyséiert.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Mars Di Bartolomeo, President vun der Gesondheetskommissioun ; Dr. Carlo Bock, President vun der Kommissioun; Fernand Etgen, President vun der Chamber; Lotty Prussen, Vize-Presidentin vun der Kommissioun © Chambre des Députés

Ähnlech Sujeten Dokter Carlo Bock, Euthanasie, Fernand Etgen, Lotty Prussen, Mars di Bartolomeo, Rapport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel