Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

40 Cyclisten an hir sportlech Leeschtung um Moien
International Kultur https://moien.lu/date-idea-dating-site/ world free online dating sites

https://moien.lu/what-to-expect-when-you-first-start-dating-a-guy/

Fir de Vëlo als alldeeglecht Transportmëttel positiv ervir ze hiewen

dating fame reddit
International Kultur https://moien.lu/date-idea-dating-site/ world free online dating sites

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter

Wann ee bedenkt datt e sëllechen „Experten“ den Olympiakos Piräus

D’Aufgab vu Biller an de Medien – Méi wéi just ee Konschtobjet
International Kultur https://moien.lu/date-idea-dating-site/ world free online dating sites

D’Aufgab vu Biller an de Medien – Méi wéi just ee Konschtobjet

Fotografie ass eent vun de wichtegste Mëttelen, fir aktuell Noriichten

Eva-Stories: Wann et am Holocaust Instagram ginn hätt!

Eva-Stories: Wann et am Holocaust Instagram ginn hätt!

Iwwert 1,2 Milliounen Abonnenten huet den Instagram-Account eva.stories schonn. Dobäi gëtt d’Geschicht vun engem 13 Joer jonke Meedchen erzielt, dat an der Zäit vum Zweete Weltkrich an der Shoah lieft. Ziel vum Regisseur Mati Kochavi sengem Projet ass et, déi jonk Generatiounen un dat gréisst Verbrieche vun der Mënschheet ze erënneren an ze sensibiliséieren.

Wat wier, wann et 1944 Internet, Smart Phones an Instagram ginn hätt? Wat wier, wann een Affer aus dëser Zäit, seng Geschicht esou iwwert Social Media verbreet hätt? Wéi hätt d’Mënschheet wuel reagéiert? All dës Froe komme beim Profil vum Eva op. Dobäi erzielt d’Schauspillerin a senge sougenannte Storien, wat hatt an der Zäit virum Dout erlieft.

D’Erzielunge berouen op enger richteger Geschicht: Am Joer 1944 ass d’Jüddin Eva Heymann aus Ungarn am däitsche Vernichtungslager Auschwitz ermort ginn. Duerch déi ëmmer méi kleng Unzuel un Iwwerliewende geet och d’Bewosstsinn fir dëse grujelegen Deel vun der mënschlecher Geschicht nees erof. Am digitalen Zäitalter muss ee soumat zu aneren Hëllefmëttel gräifen, fir d’Jugend ze erreechen.

Eva Stories

© Mati Kochavi/Eva Stories

Vum Ufank bis zum Enn

D’Videoen um Account baséieren um Tagebuch vum jonke Meedchen, dat kuerz viru senger Deportatioun mat Schreiwen ugefaangen huet. Och op Social Media fänkt d’Geschicht mat engem glécklechen Teenager un, wat iwwert seng Kollegen an déi éischt Léift. Mat Boomerangs, Emojis an GIFS gëtt all Erliefnis, typesch fir Instagram, kommentéiert.

An der éischter Story vum 13 Februar 1944 gëtt jiddweree virgestallt. Uschléissend geet et viru mam eegene Gebuertsdag, woubäi d’Feier vun Zaldote gestéiert gëtt. De Cousin ass deen Dag mat a Polen deportéiert ginn. An esou gëtt ee freedegen Dag vum Liewen zu engem schrecklechen Dag. All Dag denkt hatt un de Mënsch, dee wuel net méi zeréck komme wäert, bis d’Videoen selwer ëmmer méi däischter ginn an hatt mat der Famill am Zuch oftransportéiert gëtt.

Dat läscht wat een héiert, sinn d’Hënn, déi billen, säi luest Wimmeren an déi quitschend Rieder vum Zuch, deen a Richtung Dout fiert. An och wann ee weess, datt een eigentlech sécher doheem mam Handy an der Hand um Canapé sëtzt, esou ginn engem awer immens d’Schudderen aus. D’Vergaangenheet dierf nun emol net vergiess ginn, fir datt si sech net widderhëlt. An dat huet den Mati Kochavi richteg gutt hikritt!

Opmaacherbild: © Mati Kochavi/Eva Stories

Ähnlech Sujeten Auschwitz, Eva Stories, Holocaust, Instagram, Konzentrationslager, Mati Kochavi, Shoah
Nächsten Artikel Virrechten Artikel