Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SUZANNE VEGA den 12. September 2020 am Trifolion
International Neiegkeeten

SUZANNE VEGA den 12. September 2020 am Trifolion

D’Suzanne Vega sollt eigentlech d’Verëffentlechung vu sengem Live-Album An Evening

Eppes fir Kenner an Interesséierter
International Neiegkeeten

Eppes fir Kenner an Interesséierter

Kee Benefizconcert gläicht deem aneren, an eigentlech ass datt och

Vëlosweeër zu Lëtzebuerg – Den neie Kaarteset ass do!
International Neiegkeeten

Vëlosweeër zu Lëtzebuerg – Den neie Kaarteset ass do!

Mat Ënnerstëtzung vun der Katasterverwaltung huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) eng

Evaluéierung vun ausgewielte Fläche vum Biotopkataster

Evaluéierung vun ausgewielte Fläche vum Biotopkataster

Déi geschützt Biotopen a Liewensraim sinn an de Joren 2007 bis 2012 systematesch kartéiert an am Joer 2014 um Geoportail verëffentlecht ginn. Laut der Flora-Fauna-Habitat-Richtlinn muss den Zoustand vun dëse Biotope reegelméisseg kontrolléiert an der EU-Kommissioun iwwermëttelt ginn.

Fir dëst Virgoen ze garantéiere ginn d’Biotope vun Enn Mee bis August 2019 nees stéchprouwenaarteg evaluéiert. Dobäi gëtt op eng gewësse Representativitéit vun de Biotopen, sou wéi op hir geographesch Verdeelung opgepasst. Bei der Evaluéierung geet een no der selwechter Method fir, wéi an de Joren 2007 bis 2012. Folgend Gemenge sinn dofir ausgewielt ginn:

Bettenduerf, Betzder, Biwer, Dikrech, Feelen, Ettelbréck, Keel, Mamer, Manternach, Mäertert, Sandweiler, Schëtter

Déi ganz Lëscht vun alle Biotopen, déi 2019 evaluéiert ginn, stinn um Site vun environnement.public.lu. Weider Informatioune kann een och HEI noliesen. Sollten trotzdeem nach speziell Froen oppe bleiwe, kann ee sech gären un biotopes@mev.etat.lu wennen. Et soll drun erënnert ginn, datt all Biotop-Fläch am Kader vun der Landschaftsfleegeprimm als ekologesch wäertvoll Fläch ugerechent gëtt.

Ähnlech Sujeten Biotop, Ëmwelt, EU-Kommissioun, Evaluéierung, Flora a Fauna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel