Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

RAFTSIDE verëffentlecht „We have the sun“
International Neiegkeeten

RAFTSIDE verëffentlecht „We have the sun“

Nom leschten Album Empty Start, deen 2017 erauskomm ass a

11 Moossname fir d‘Entreprisen ze stäipen
International Neiegkeeten

11 Moossname fir d‘Entreprisen ze stäipen

An der leschter Plenière vun der Handelskummer, hunn déi 25

Gesondheetsministère: Noutwenneg Impfung géint Riedelen!
International Neiegkeeten

Gesondheetsministère: Noutwenneg Impfung géint Riedelen!

D’Direktioun vun der Santé appelléiert un d’Populatioun fir d’Impfung géint

Ex-Renault Chef mécht eng „Méck“

De Carlos Ghosn sollt eigentlech a Japan op säi Prozess waarden, säit gëschter awer ass hien zu Beirut

Ex-Renault Chef mécht eng „Méck“

De Carlos Ghosn, Chef vu Renault-Nissan war am November 2018 vun de japaneschen Autoritéite festgeholl ginn. Grond: Falsch Deklaratiounen zum Akommes a Steierhannerzéiung. Hie gouf awer kierzlech vun der Justiz, géint eng zolidd Kautioun, aus dem Prisong erausgelooss an ënner Hausarrest gestallt. Elo ass hie am Libanon an de Japaner bleiwe just déi 12 Millioune Kautioun…

Et heescht, de fréieren Topmanager huet Japan wéinst „Ongerechtegkeet a politescher Verfolgung“ verlooss, wier awer net virun der japanescher Justiz op der Flucht. Hien huet awer fir den Ament emol Zouflucht bei sengem libanesescher Frënd a Tëlee-Moderator, Ricardo Karam, fonnt. Deen ass begeeschtert a mengt: „Et ass doheem. Et ass eng grouss Aventure“. Dat dierft net alles sinn.

De Carlos Ghosn, e Finanzjongleur an e wirtschaftleche Chamäleon huet nieft der franséischer a brasilianescher Staatsbiergerschaft och déi libanesesch. E besëtzt dann och ee Luxusuwiesen zu Beirut. Hien ass erfreet, datt elo nees „oppe kommunizéiert“ ka ginn, wat him vun der japanescher Justiz jo kloer ënnersot gouf. Schonn déi nächst Woch soll et zu enger Pressekonferenz kommen.

ChefA Japan hält sech de Justizapparat mat groussen Aussoen zréck, woubäi d‘Blamage selwer net méi ofzeweisen ass. D‘Bezierksgeriicht zu Tokio huet just bestätegt, datt d‘Konditioune vum Ghosn sengem konditionellen Hausarrest onverännert sinn, an eng „Auslandsrees“ strengstens verbueden ass. Hien hätt, esou d‘Geriicht, d‘Land illegal verlooss a géint d‘Oplage vun der Justiz verstouss.

De Junichiro Hironaka, Member vum Affekotenteam, huet héich offiziell Betount, datt si näischt vun den Absichte woussten an net manner „iwwerrascht“ sinn wéi d‘Geriicht. Hien erënnert awer drun, datt trotz Hausarrest, de Carlos Ghosn seng libanesesch Fra net huet dierfen a Persoun gesinn, a just via Videokonferenz mat hir schwätzen duerft. A Japan ass d‘Justiz eben nach „expeditiv.“

Laut der libanesescher Dageszeitung al-Joumhouriya, soll der Carlos Ghosn mat engem Privat-Jet iwwert Tierkei an de Libanon ageflu gi sinn. Detailer zu der Flucht aus Japan sinn zur Stonn nach keng bekannt. Wat d‘Zukunft dem Topmanager vun der Autosbranche brénge soll? Eng politesch Carrière am Libanon wier eng Optioun. D‘Land ass wirtschaftlech um Enn an hien ass de Messias.

mat indymedia/tlv/mrs

Foto: Hien hat de Verbond Renault-Nissan aus „schwieregen“ Zäiten erausgefouert an eng Allianz mat Mitsubishi higebéit kritt. Leider soll hien net ganz éierlech mam japanesche Fisk ëmgaange sinn. Hie koum an de Bing a gouf do wéi all aneren Häftling behandelt. Et huet vill Aarbecht a Kampf bedeit, hie vum Prisong an den Hausarrest ze kréien. Wéi ee gesäit huet et sech gelount. © indymedia-fuk/Archiv

Ähnlech Sujeten Beirut, Carlos Ghosn, Flucht, Japan. Tokio, Justiz, Kautioun, Libanon, Renault, Ricardo Karam
Nächsten Artikel Virrechten Artikel