Search

You may also like

Heespréngerplo an Ostafrika
Neiegkeeten

Heespréngerplo an Ostafrika

Et ass eng reegelrecht Invasioun vun Heesprénger déi Ostafrika iwwert

money
Neit Geld fir de Sultan vun Ankara
Neiegkeeten

Neit Geld fir de Sultan vun Ankara

Mat engem clevere Schachzuch, huet sech e Freideg den tierkesche

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 26. Juli 2020
Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite bis den 26. Juli 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

Wie séngt dann do? Eng Excursioun am Naturschutzgebitt Schlammwiss

Wie séngt dann do? Eng Excursioun am Naturschutzgebitt Schlammwiss

Am Kader vun der Campagne „En Dag an der Natur“ invitéiert den Natur- a Vulleschutzveräin Ieweschte Sirdall, d’Memberorganisatioun vun natur&ëmwelt Asbl, Iech op eng Excursioun duerch d’Fiichtgebidder an d’Naturschutzgebitt Schlammwiss zu Iwwersiren an. Haaptsächlech geet et dës Kéier ëm d’Sangvullen, déi momentan bréien.

Heibäi entdeckt Dir d’Natur, déi grad elo lues erwächt. Dat aussergewéinlecht Gebitt mat de Fiichtwisen a Weieren bitt eng immens Diversitéit un Déieren a Planzen un. Virun allem gëtt op de Gesang vun de bréiende Vullen opgepasst. Uschléissend gëtt d’Beringungsstatioun besicht, wou Dir een méi déiwen Abléck an déi verschidde Vullenaarte kritt.

Treffpunkt ass e Sonndeg, de 16. Mee 2020 um 9:00 Auer um Parking vum Fussballterrain zu Iwwersiren. Waarm Kleedung, wéi och Gummisstiwwele sollt een fir d’Excursioun op alle Fall un hunn. Eng Spektiv ass kee Muss, mee vu Virdeel. Hënn musse leider Doheem bleiwen.

Interesséiert Persoune gi gebieden sech per SMS beim Jim Schmitz (Tel.: 621 293 695) unzemellen. Duerch d’Reegelung zur Andämmung vum Covid-19 gi just 20 Participanten zougelooss.


D’Beringungsstatioun gëtt duerch de Benevolat um Liewe gehalen. All Don op de Konto vun natur &ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur ass dofir wëllkomm:

  • Kontosnummer: LU89 1111 0789 9941 0000
  • Vermierk: Schlammwiss
  • Den Don ka vun de Steieren ofgesat ginn
Related topics En Dag an der Natur, Excursioun, Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, Gesang, natur&ëmwelt, Sangvullen, Schlammwiss, Sirdall
Next post Previous post