Syrien: Ass den tierkeschen Ugrëff op d‘YPG eng ethnesch Säuberung?
D‘Politiker an Europa si wéinst der tierkescher Aggressioun (Operatioun Olivenzweig)
Um haitegen Dënschdeg kann um groussherzoglechen Haff direkt aus zwee
Konkret fuerdert den LCGB eng gesetzlech Flicht vum Employeur, fir ee vulnerabelen Employé, deen als aarbechtsonfäeg erkläert ginn ass, vun der Aarbecht fräizestellen ënnert Bäibehale vun der Paie, déi duerch de Beschäftegungsfong rembourséiert gëtt.
D’Vulnerabilitéit vun engem Employé eleng gëtt keen Usproch op Krankegeld duerch d’CNS, doduerch datt de behandelnden Dokter keng Aarbechtsonfäegkeetsbescheinegung ausstelle kann. Bestätegt duerch déi verschidden temporär Gesondheetsrecommandatioune vun der Santé ass dëst ee Problem, dee generell d’Aarbechtsmedezin betrëfft.
Dem eigentleche Prozess no musse vulnerabel Persounen dem Employeur ee vun hirem behandelnden Dokter ausgefëllt Attest iwwert d’Risikogruppenzougehéieregkeet iwwermëttelen. Den Employeur muss doropshin den Aarbechtsmedeziner iwwert d’Risiken vun enger Covid-19-Infektioun hisiichtlech der Aarbechtsbedingungen informéieren. Op Basis vun dësen Informatioune gëtt den Aarbechtsmedeziner eng Stellungnam doriwwer of, ob den Employé un déi entspriechend ugepasst Aarbechtsplaz zeréckgoe kann oder op Teletravail agesat sollt ginn, wann d’Aufgabe vum Employé dëst zouloossen.
Erweist et sech als onméiglech d’Aarbechtsplaz unzepassen oder Teletravail ze leeschten oder den Asazberäich ze änneren, erkläert den Aarbechtsmedeziner de vulnerabelen Employé als net gëeegent fir seng lescht Aarbechtsplaz. Dëst bedeit am Kloertext, datt den Employeur dësen Employé net méi beschäftege kann, sou datt d’Gefor besteet, datt:
De Problem vun enger duerch den Aarbechtsmedeziner bestätegt Aarbechtsonfäegkeet a Verbindung mat enger duerch den Déngscht vun de Sozialversécherunge festgestallter Aarbechtsfäegkeet stellt een existenzielle Problem duer, fir deem seng Léisung sech den LCGB säit Joren am Interessi vun de Betraffenen asetzt.
Ugesiichts der Onopmierksamkeet vun der Regierung sinn et déi vulnerabel Mënschen, déi am Zesummenhang mat Covid-19 Gefor lafen, beanträchtegt ze ginn. Dofir sinn eng schnell politesch Léisung an eng geziilt Kommunikatioun iwwert de lafende Prozess dréngend gebraucht.
Konkret fuerdert den LCGB d’Verflichtung vum Employeur, ee vulnerabelen Employé, deen als aarbechtsonfäeg erkläert ginn ass, vun der Aarbecht fräizestellen, him awer weiderhin d’Paie ze bezuelen, déi duerch de Beschäftegungsfong zeréckbezuelt gëtt.
Dat selwecht gëllt fir all déi aarbechtsonfäeg Persounen, deenen hir lescht Aarbechtsplaz fir ongëeegent erkläert ginn ass, bis eng aner dauerhaft Léisung am Interessi vum Employeur ka fonnt ginn (eng aner, dem Gesondheetszoustand ugepasst Aarbechtsplaz, intern berufflech Reintegratioun oder Invaliditéit).
Matgedeelt vum LCGB