Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Saarland lackert Grenzschléissung zu Frankräich
International Neiegkeeten

Saarland lackert Grenzschléissung zu Frankräich

Wëll d‘Regioun vum Grand Est als Covid19-Hotspot identifizéiert ginn ass,

BnL: Zougang op digital Ressource duerch Online-Aschreiwung
International Neiegkeeten

BnL: Zougang op digital Ressource duerch Online-Aschreiwung

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) mécht elo allen interesséierte Persounen seng digital

Wimbledon: „Alles ass elo méiglech“ fir de Gilles Muller
International Neiegkeeten

Wimbledon: „Alles ass elo méiglech“ fir de Gilles Muller

Bei der Lëtzebuerger Tennisfederatioun ass d‘Gléck spierbar. Wéi eis de

Exit-Covid19: Dänemark versicht et

Zu Kopenhagen gouf entscheet datt haut d‘Crèchen an d‘Primärschoulen nees hire Betrib ophuelen, datt ënnert strengen Oplagen. Et gëtt vill oppe Froen an net eleng d‘Elteren si veronséchert.

Exit-Covid19: Dänemark versicht et

Den Ëmgang mat der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, stellt déi ganz Welt viru gemeinsam Erausfuerderungen. Well et zudeem kee Prezedenzfall gëtt, un deem sech géif festmaache loossen, wéi eng Mesuren dann elo tatsächlech ubruecht a richteg sinn, trëfft all Land seng ganz eegen Entscheedung. Esou gëtt elo an Dänemark den éischte Schratt gewot.

Fir d‘Ministerpresidentin Mette Frederiksen eng Noutwennegkeet déi gutt iwwerluecht ass. „Fir Dänemark virsiichteg a kontrolléiert opmaachen ze kënnen, musse mir eng Gratwanderung woen“, esou d‘Regierungscheffin géintiwwer de Medien. Dänemark, wou fréizäiteg strikt Moossnamen ergraff goufen, wier d‘Lag esouwäit ënner Kontroll, datt gewësse Lackerungen elo méiglech sinn.

Als éischt solle jonk Famillje vum „Exit-Covid19“ profitéieren. Ab haut sinn dann nees d‘Crèche an d‘Primärschoulen – bis zum 5. Schouljoer – op, déi awer mussen sech u streng Oplagen halen: Esou muss et an de Crèche pro Kand 6 Quadratmeter „Fräiraum“ ginn, an de Primärschoulen nach därer véier. Un den Dëscher/Pulter ass tëscht de Schüler eng Trenn-Distanz vun 2 Meter virgeschriwwen.

Um Schoulhaff si „Gruppe“ vu maximal 5 Kanner zoulässeg. D‘Kanner dierfen och net – wéi dat soss eigentlech erwënscht ass – Iessen oder Séissegkeeten ënnertenaner deelen, dofir mussen, jo och si sech mindestens all zwou Stonnen d‘Hänn wäschen. Spillsaachen, Pulter, d‘Grëffer un den Dieren an alles wat soss esou „ugepaakt“ gëtt, muss zweemol den Dag gebotzt an desinfizéiert ginn.

Méi Froe wéi Äntwerten

Wéi dat soll goen? E Rezept dofir gëtt et de facto net an ee Sondage vum kommunale Verband vun de Crèchen a Foyeren, léist Bedenken opkommen. 52 vun 83 Gemengen (46 bei de Primärschoulen) hunn sech bedeelegt. Alleguerte fillen sech mat den Oplagen iwwerfuerdert, wëssen net wéi esou Uweisunge kënne befollegt ginn. Zudeem begrenzt et d‘Zuel vun deenen déi kommen dierfen.

An enger Spillschoul, wou soss bis zu 45 Kanner labber Plaz haten, géif entspriechend den Oplagen nach Plaz fir 15 Kanner ugebuede ginn. Wien do zu de Privilegéierte gehéiert? Zu Kopenhagen ass et esou gereegelt, datt sech d‘Eltere bei der Stadverwaltung solle schlau maachen, ob et iwwerhaapt Plaz gëtt. Trotzdeem si vill Eltere frou, no 5 Wochen hire Kanner nees an d‘Schoul ze schécken.

Fir méi Kanner der schoulescher Betreiung zouféieren ze kënnen, huet sech Kopenhagen nach eng ausgeduecht. Wann net genuch Plaz an de Crèchen, Spill- a Primärschoulen ass, sollen d‘Butzen an de Muséeën oder ënnert fräiem Himmel op Spillplaze betreit ginn. Klengt einfach, ass et awer net, zudeem wäert och dat net duer goen, all d‘Kanner nees dem Reegelbetrib zouzeféieren…

Net ze vergiessen, datt dës Annonce och fir eng gewëssen Onrou bei deenen Eltere suergt, déi hir Krapperten net kënnen „ofginn“ an elo fäerten datt hir Patrone kee Versteesdemech dofir hunn, datt trotz oppene Strukturen, grad Si hir Kanner weiderhin doheem betreie mussen. Do muss d‘Politik a virun allem d‘Mette Frederiksen nach Äntwerte liwweren, et soll jo keen ënnerwee verluer goen…

Eppes Duerchenaner bleift net aus

Datt esou eng Reprise weder einfach nach liicht verständlech ass, féiert allerdéngs bei villen Dänen zu eppes Verwirrung. Esou stellt sech d‘Fro, wat mat deene Kanner ass, déi an der Famill eng Persoun hunn, déi entweder Krank oder zur sougenannter Risikogrupp zielt? Eréischt no heftegem Protest gouf decidéiert, datt no Ofsprooch mat engem Dokter, dës Butze kënnen doheem bleiwen.

Eng sécherlech richteg Entscheedung, déi awer elo net wierklech derzou bäidréit, datt d‘Dänen sech géife geschützt fillen. Wann dann och déi meescht et guttheeschen, datt d‘Lackerungen sech an enger éischter Phas un déi jonk Mënsche riicht, esou fannen déiselwecht den Zäitpunkt fir vill ze fréi, well doduerch de Risk sech ze infizéieren, bei den eelere Generatiounen nees géif klammen.

Mee Dänemark geet de Wee vun de Reprise net eleng. Esou huet och an Éisträich de Confinement ee partiellt Enn geholl. Hei goufen ënnert gewësse Viraussetzungen nees d‘Geschäfter opgemaach. Et huet dann och nees méi leit an de Stroosse ginn, de Rush op d‘Butteker awer ass ausbliwwen, wann een emol vun de Baumäert Abstraktioun mécht. D‘Leit halen sech zudeem un d‘Oplagen.

Ausser de Baumäert an Gaardenzenter, dierfen nëmme Butteker mat manner wéi 400 Quadratmeter Verkafsfläch hir Dieren opmaachen. Et gëllt Maskeflicht an et muss ee Mindestofstand vun engem Meter agehale ginn. All Client muss 20 Quadratmeter Fräiraum hunn. D‘Éisträicher verfueren nom Motto „Esouvill Fräiheet wéi méiglech, esou vill Aschränkung wéi néideg“. Op dat elo duer geet?

mat indymedia/cph/vie

Illustratioun: „Social Distancing“ dierft besonnesch bei de jéngsten eng zolidd Erausfuerderung fir d‘Educateuren an Enseignanten duerstellen. © BBC Creative / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Dänemark, Exit-Covid19, Mette Frederiksen, Reprise
Nächsten Artikel Virrechten Artikel