Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Diddenuewen: Valorisatioun vum Patrimoine am Quartier „Couronné“
Neiegkeeten

Diddenuewen: Valorisatioun vum Patrimoine am Quartier „Couronné“

Dem Quartier „Couronné“ vun Diddenuewen seng Renaissance an d‘Valorisatioun vu

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt
Neiegkeeten

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt

Ufank Juni hunn den Transportminister an den Tourismusminister d’Initiative „Vëlosummer

Korsika: Schéisserei op der „Île de Beauté“
Neiegkeeten

Korsika: Schéisserei op der „Île de Beauté“

Um Mëttwoch 30. Januar géint 16 Auer, ass et an

Exit-Covid19: Vermummungsgebuet fir Lëtzebuerg?

De schrëttweise Retour zur deem wat als „nei Normalitéit“ definéiert gëtt, soll den 20. Abrëll ufänken

Exit-Covid19: Vermummungsgebuet fir Lëtzebuerg?

De Confinement belaascht d‘Bevëlkerung wéi d‘Wirtschaft gläichermoossen an dësen Zoustand ka sech net ondefinéiert bäibehale loossen. Nom Regierungsrot hunn dann och de Premierminister Xavier Bettel (DP) an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) déi éischt Schrëtt zu enger Lackerung vun de Confinement-Mesuren ugekënnegt. Villes war och eenegermoosse verständlech.

Ab e Méindeg, esou de Premier, sollen dann och nees d‘Baumäert an d‘Gäertnereien – ähnlech wéi bei eise belschen an däitschen Noperen – wéi och d‘Quincaillerien nees opmaachen. Handwierker a Paysagiste sollen, wann et méiglech ass déi Schutzmoossnamen, déi am Kontext vun der Covid19-Pandemie Gültegkeet hunn, anzehalen: de Sécherheetsofstand an eppes virum Gesiicht undoen…

Elo gëtt et bossegerweis keng „Maskeflicht“ am eigentleche Sënn, mee et wäert e Gesetz ginn, mat deem d‘Leit verflicht ginn, sech „iergendeppes“ vrun d‘Gesiicht ze neelen. Akafen, ob am Buttek oder um Maart, mam Zuch oder mam Bus fueren, ass nëmmen zoulässeg, wann ee Vermummt ass. D‘Inneministesch soll sech awer aktuell ëm d‘Verdeelung vun engem „Starter-Kit“ këmmeren…

Wann de Premier et elo léiwer géif gesinn, wa jidderee seng Kreativitéit un der Bitzmaschinn géif ausloossen, esou géif awer och e Schal – méiglecherweis och ee Kalzong, do gëtt et Tutorials – den Zweck erfëlle fir déi „aner“ ze schützen. Net emol de Fuesbok ass ausdrécklech ausgeschloss ginn, an d‘Vollek, d‘Patiente Vertriedung, wéi och aner schlecht Informéiert Leit hunn dat gefuerdert.

Léiert eppes fir d‘Liewen

Wann et richteg ass datt den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) eréischt haut seng eege virtuell Pressekonferenz wäert ofhalen, wou et ëm d‘Detailer fir de Schoulbetrib geet, esou huet de Xavier Bettel awer eppes misse „spoileren“, firwat dann elo gewosst ass, datt d‘Ofschlossklassen (Lycée) de 4. Mee nees als éischt de Wee hannert d‘Schoulbänke beschreide mussen oder sollten.

Ab dem 11. Mee dann de Rescht vun de Primaner, mee opgedeelt an zwou Gruppen, woumatter gemengt ass, datt dës „Gruppen“ vu Woch zu Woch mussen alternéieren. Fir d‘Primärschoulen, d‘Crèchen an d‘Spillschoulen, sollt et de 25. Mee weidergoen, och dat ëmmer ofwiesselnd vun enger Woch zur aner. Kléngt komplizéiert? Ass et och, firwat een d‘Detailer elo ofwaarde sollt.

Exit

Esou flott Sprochbänner huet et net virun eise Crèchen oder Spillschoule ginn, dofir feiere mir dann elo kontrolléiert Covid19-Partyen. © K.Mitch Hodge / unsplash

Fir all dat anert bleift et beim aktuelle Stand: d‘Gastronomie bleift zou (ausser fir d‘Livraisounen) mee nom 11. Mee sollt dës Situatioun nach emol bewäert ginn. De Xavier Bettel, selwer engem gudde Maufel oder engt Coupe net ofgeneigt, weess wéi schwéier et fir de Secteur ass, wou vill Betriber den „Dout aus der Keess“ fäerten. Keng Hëllef kann esou gutt sinn, wéi de Regelbetrib.

Léiert mam Covid19 är Zukunft ze gestalten

D‘Gesondheetsministesch hirersäits weist drop hinn, dat mir eis mam Gedanken ufrënne sollten, mam Coronavirus Covid19 ze liewen. Si huet dann och nees eng helle Wull un Detailer zu de previsibele Moossname ginn, déi natierlech enger besonnescher Iwwerwaachung bedierfen an esou och zu all Ament kënne rektifizéiert ginn. Déi agelaute Phas, soll sech iwwer 3 Wochen erstrecken.

An dëser Zäit ginn dann och déi annoncéiert serologesch Tester duerchgefouert an d‘Resultater enger strenger Analys ënnerworf. Där Tester hätte mir der vill, wat, esou d‘Paulette Lenert, fir eng gewësse Sécherheet suergt. Wat elo déi 7 Millioune Maske betrëfft, déi d‘Regierung op Reserv huet, esou ginn déi net un d‘Vollek verdeelt, firwat et wichteg ass disziplinéiert a virsiichteg ze bleiwen.

Exit

Mat serologeschen Tester soll den „Immunitéitsstatus“ an der Bevëlkerung analyséiert ginn. © National Cancer Institute / unsplash

Lëtzebuerg, datt muss een der Regierung awer bis heihinner zougestoen, schléit sech ganz gutt an ass doriwwer eraus och a punkto Solidaritéit éischter e Virbild. Datt all déi gréisser Events, wéi och den Nationalfeierdag ausfalen, an dat bis mindestens den 31. Juli ass Schued, mee noutwenneg. Et ass och net geséchert, datt et duerno besser gëtt. Alles hänkt vun der Evolutioun vun der Lag of…

Illustratioun: © Toa Heftiba / unsplash

Ähnlech Sujeten Confinement, Coronavirus, Covid19, Exit-Covid19, Exit-Strategie, Kalzong, Mask, Paulette Lenert, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel