Search

You may also like

Neien Temperaturrekord zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Neien Temperaturrekord zu Lëtzebuerg

Mat 35,2°C déi gëschter de 15. September zu Steesel gemooss

Am Frankräich ass scho Wanter
Neiegkeeten

Am Frankräich ass scho Wanter

300.000 Menage ouni Stroum, iwwert dausend Camionen an honnerten Autoe

D’Lëtzebuerger Nationalitéit: Esou beléift wéi nach ni?
Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Nationalitéit: Esou beléift wéi nach ni?

An de leschte 5 Joer huet d’Zuel u Persounen, déi

Exit-Strategie: Liicht um Enn vum Tunnel?

Exit-Strategie: Liicht um Enn vum Tunnel?

Eraus aus der Coronakris – Bei der Pressekonferenz vun haut de Moien gouf matgedeelt, datt an noer Zukunft pro Dag bis zu 20.000 Tester op Covid-19 a 17 Statiounen duerchgefouert kënne ginn. Heibäi handelt et sech dann net méi eleng ëm d’Teste vu Persoune mat Symptomer, mee ëm groussflächeg Tester an der ganzer Bevëlkerung. Just wann een de Virus kennt, kann een de Bierger hir Fräiheeten lues awer sécher zeréckginn.

Ze gesinn waren d’Paulette Lenert, Gesondheetsministesch, de Claude Meisch, Minister fir Héichschoul a Fuerschung an den Prof. Dr. Ulf Nehrbass, Direkter vum LIH a Representant vum Task Force COVID-19 Research Luxembourg, déi op eng weider digital Pressekonferenz geruff hunn, an hei déi sanitär Mesuren an d’Fuerschung, déi d’Exit-Strategie encadréieren, presentéieren duerften.

Exit-Strategie

(v.l.n.r.) Paulette Lenert, Gesondheetsministesch; Claude Meisch, Minister fir Héichschoul a Fuerschung © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Wéi d’Gesondheetsministesch erkläert hätt d’Situatioun sech berouegt, Zuele ginn erof. Fir den Deconfinement gëllt et elo, d’Verbreedung vum Covid-19 weiderhin ze limitéieren, mee och méi groussflächeg Tester erméiglechen ze kënnen.

Lëtzebuerg weist sech staark an der Fuerschung. Nieft de reaktiven Tester fir Persoune mat Symptomer, proaktiven Tester un asymptomatesche Leit, respektiv Tester op Demande, wéi och der CON-VINCE-Etüd, bei där déi noutwenneg Probante schnell fonnt konnte ginn, solle lo all Dag bis zu 20.000 Tester – natierlech alles op fräiwëlleger Basis – gemaach kënne ginn. Dës Demarche gëtt mat bis zu 40 Milliounen Euro iwwert de Fuerschungsbudget bezuelt.

Exit-Strategie

Paulette Lenert, Gesondheetsministesch © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

De Virus kennen, verstoen a kontrolléieren

Bis zum Impfstoff wäert et nach eng Zäit daueren. De Minister Meisch huet dobäi ënnerstrach, datt d’Recherche net u Mënschen oder Materialien gemaach gëtt, mee unhand vun Zuelen a Simulatiounen, déi aus de Chifferen entstinn.

A senger Tâche als Educatiounsminister war et him een Uleies, datt d’Schüler an d’Enseignanten, déi deemnächst nees d’Course besichen dierfen, sech engem fräiwëllegen Test ënnerzéien. Dës Viretüd huet de Moien bei den Ofschlossklasse vun de Lycéeën ugefaangen. D’Fro ass ënnert anerem, ob d’Kanner déi Erwuessen ustiechen oder ëmgekéiert. D’Äntwert op dës Fro ass bedeitend fir de weidere Fonctionnement.

Déi sougenannt PCR-Tester (de bekannten Ofstréch am Nuesen- an Halsberäich) sinn zënter e Freideg zougelooss.

Exit-Strategie

Claude Meisch, Minister fir Héichschoul a Fuerschung © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Méi Tester fir méi Fräiheeten

De Prof. Dr. Ulf Nehrbass, Direkter vum LIH, weist sech houfreg iwwert den exzellenten Zesummeschloss an der Fuerschung. D’Lëtzebuerger Bevëlkerung ass iwwersiichtlech, wouduerch et méiglech gëtt eng Villzuel un Tester duerchzeféieren an d’Populatioun a Kontingenter, also Gruppen anzedeelen.

De Stéchdatum ass hei den 19. Mee. Ab dësem Zäitpunkt kënnen déi dausenden Tester all Dag gemaach, an och analyséiert ginn. Zil ass et ze gesinn, wéi sech d’Moossname vun der Regierung op d’Stabilitéit vun der Situatioun auswierken, fir d’Sécherheet vun de Leit an ekonomesch Interessen ze balancéieren an am Eeschtfall schnell handelen ze kënnen.

Hie leet jiddwerengem un d’Häerz, deen d’Méiglechkeet gebuede kritt, sech testen ze loossen. Et ass ee wichtege Beitrag, fir Fräiheeten zeréck ze kréien.

Exit-Strategie

Prof. Dr. Ulf Nehrbass, Direkter vum LIH a Representant vum Task Force COVID-19 Research Luxembourg © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Tester a Masken

Aktuell gëtt d’Bevëlkerung schonn a Gruppe getest. Nieft de Schüler sinn et beispillsweis och d’Alters-a Fleegeheemer, wou d’Bewunner an d’Fleeger sech dem Test ënnerzéien. Dobäi huet ee bis ewell 4 sougenannt Maisons de Soins duerch, en Dënschdeg schléissen zwou Weiderer of mee éischt Resultater si berouegend.

Beim Bausecteur waart een nach op d’Resultater. Zënter enger Woch sinn d’Chantieren nees op, d’Aarbechter goufe getest.

Bei der CON-VINCE-Etüd sinn ëm 1.800 Persoune, representativ fir d’Bevëlkerung, ausgewielt ginn. Gekuckt gëtt no der Presenz vum Virus, respektiv no Antikierper. Si musse reegelméisseg an d’Kontroll.

Zu de fënnef ausgedeelte Schutzmaske pro Bierger – déi d’Majoritéit vun de Leit wahrscheinlech schonn opgebraucht huet – huet d’Gesondheetsministesch erkläert, datt weiderhin d’Previsibilitéit am Gesondheets- a Fleegesecteur garantéiert muss ginn. Dëse Beräich huet Prioritéit. Neit Material gouf bestallt, hei decidéiert d’Regierung, wéi d’Opdeelung ausgesäit.

Exit-Strategie

Claude Meisch, Minister fir Héichschoul a Fuerschung © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Déi aktuell Zuelen

Hei fannt Dir déi aktuell Zuelen vum Gesondheetsministère zur Situatioun zu Lëtzebuerg. Mir erënneren nach emol drun, datt iwwer data.public.lu Donnéeën zum Virus ëffentlech zur Verfügung stinn.

 

De ganze Video vun der Pressekonferenz fannt Dir hei:

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Paulette Lenert, Gesondheetsministesch; Claude Meisch, Minister fir Héichschoul a Fuerschung © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Related topics Claude Meisch, Covid-19, Exit-Strategie, Gesondheetsministère, LIH, LISER, LIST, Ministère fir Héichschoul a Fuerschung, Paulette Lenert, Schutzmask, Uni.lu
Next post Previous post