Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vëloreparatur-Atelier vum LVI – et muss rullen!
https://moien.lu/can-i-hook-up-two-monitors-to-my-macbook-pro/ Kultur https://moien.lu/39-year-old-woman-dating-28-year-old-man/

sites to hook up in nigeria

Wéi këmmeren ech mech richteg ëm mäin Vëlo? Wéini musse

dating agency christchurch nz
https://moien.lu/can-i-hook-up-two-monitors-to-my-macbook-pro/ Kultur https://moien.lu/39-year-old-woman-dating-28-year-old-man/

Ciné-Club: De spannende Programm vum Juni 2019!

De Ciné-Club zu Esch-Uelzecht luet all Mount op interessant Filmpresentatiounen

Nom Referendum: Neikaledonien bleift franséisch
https://moien.lu/can-i-hook-up-two-monitors-to-my-macbook-pro/ Kultur https://moien.lu/39-year-old-woman-dating-28-year-old-man/

Nom Referendum: Neikaledonien bleift franséisch

De franséische Premierminister Édouard Philippe huet sech e Méindeg a

Exotesche Besuch mam Raoni Metuktire – 100.000 € fir de Reebësch!

Exotesche Besuch mam Raoni Metuktire – 100.000 € fir de Reebësch!

Gëschter huet den eenheemesche brasilianesche Chef a Verdeedeger vum Amazonas, de Raoni Metuktire Lëtzebuerg besicht. Hei ass hien net nëmmen op eise Premierminister, de Xavier Bettel getraff, mee en duerft och S.A.R. de Grand-Duc Henri kenneléieren. Ziel vum Tour duerch Europa ass et, op d’Entwaldung vum Amazonas opmierksam ze maachen a Suen zum Schutz vu Xingu, Heemescht vun zuelräiche brasilianeschen Urvëlker, ze sammelen.

Als Long vun eisem Planéit wäert net nëmme Südamerika vun de Konsequenze vun de ville Bedreeunge vum Amazonas betraff sinn. Et sollt wuel bekannt sinn, datt d’Ausbeutung vum Bësch an d’Liewensmëttelindustrie hei de gréissten Impakt huet. Ee Grond méi, wisou d’Finanzéierung, déi am Kampf géint d’Entwaldung vum Reebësch hëllefe soll, ee vun den aktuellsten an essentiellste Kämpf vun eiser Zäit ass, an dat net nëmme fir d’Urawunner aus Südamerika.

Bei der Entrevue mam Xavier Bettel huet dësen seng immens Sympathie fir de Raoni a säi Kampf ëm de Schutz vum Territoire a säi Vollek ervir gehuewen. Als Referenz am Beräich vun der nohalteger a klimatescher Finanzéierung well elo Lëtzebuerg aktiv säin Deel am Kampf géint de Klimawandel an de Schutz vum Amazonas bäidroen.

An dësem Kader huet de Finanzminister Pierre Gramegna betount, datt „ongeféier 15% vun den jäerlechen Emissioune vum Zäregas komme vum Ofbau vun de Bëscher. Dowéinst muss Lëtzebuerg, als europäesche Pionéier an den nohaltege Finanzen, seng finanziell an innovativ Outile bereet stellen, déi et erméigleche Privatkapital ze mobiliséiere mam Zil esou déi nohalteg Gestioun vun de Bëscher ze fërderen.“

Raoni

(v.l.n.r.) n.b.; Raoni Metuktire, ee vun de Grousse Leeder vum Vollek vun de Kayapo am Amazonas; n.b.; n.b.; Xavier Bettel, Premierminister a Staatsminister © SIP/Emmanuel Claude

100.000 Euro fir de Schutz vum Amazonas

De Kampf géint de Klimawandel wier, laut dem Xavier Bettel, eng Prioritéit vun der Regierung. Heibäi versteet hie komplett, datt e beim Tour duerch Europa net nëmmen ëm d’Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet zum Problem vun der Entwaldung an den dramatesche Konsequenze fir de ganze Planéit geet, mee och dorëm Sue fir de Schutz an den Erhalt vum Reebësch ze sammelen.

„An dësem Kontext proposéiert eis Regierung ee finanzielle Beitrag vun 100.000 Euro fir d’Association Forêt Vierge“, sou de Premierminister. Dës Zomm gëtt zur Verfügung gestallt duerch de Klima- an Energiefong, dee vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung geleet gëtt.

Raoni

(v.l.n.r.) S.A.R. de Grand-Duc, Chef Raoni © Cour Grand-Ducale/Claude Piscitelli

Um selwechten Dag huet de Raoni Metuktire vum Vollek vun de Kayapo och S.A.R. De Grand-Duc Henrie am groussherzogleche Palais getraff.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) n.b.; n.b.; Raoni Metuktire, ee vun de Grousse Leeder vum Vollek vun de Kayapo am Amazonas; n.b.; n.b. © SIP/Emmanuel Claude

Ähnlech Sujeten Amazonas, Grand-Duc Henri, Klimaschutz, Naturschutz, Pierre Gramegna, Raoni Metuktire, Reebësch, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel