Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Lëtzebuerg huet seng eegen Emojien
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet seng eegen Emojien

Wien sech schonn ëmmer gefrot huet, wéi een “Nationbranding” digital

En Accord fir d‘Stolwierk vun Diddeleng?
Kultur Neiegkeeten

En Accord fir d‘Stolwierk vun Diddeleng?

E Freideg huet ArcelorMittal annoncéiert, datt et an den Dossieren

EU-Wahlen 2019: Populismus a riets Ideologien um Virmarsch
Kultur Neiegkeeten

EU-Wahlen 2019: Populismus a riets Ideologien um Virmarsch

Et ass d‘EU-Parlament, dat 100 Deeg virum Urnegang eng Ëmfro

Explore Luxembourg – eist Land um Ouschterweekend nei erliewen!

Explore Luxembourg – eist Land um Ouschterweekend nei erliewen!

De Luxembourg City Tourist Office an déi regional Touristenzentren vum Grand-Duché lueden, zesumme mam Wirtschaftsministère an der Stad Lëtzebuerg op d’Entdeckungtour vun enger Panoplie un touristeschen a kulturellen Offeren zu Lëtzebuerg an. Um 19. an 20. Abrëll 2019 wäert sech d’Place d’Armes an ee klengen touristesche Grand-Duché verwandelen an eis mat engem räichhaltege Programm, touristeschen Informatiounen, Aktivitéite fir Grouss a Kleng, Animatioun, Musek an der Presentatioun vu lokal hiergestallte Produite faszinéieren.

Dëst Joer ass d’Editioun vun Explore Luxembourg ënnert dem Patronat vum Tourismusminister Lex Delles. Déi offiziell Erëffnung fënnt um 19. Abrëll 2019 um 11:00 Auer um Kiosk op der Place d’Armes statt. Mat dobäi sinn de Minister Lex Delles, sou wéi d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Als Visiteur kritt een d’Méiglechkeet fantastesch Attraktiounen a Sitten, déi een onbedéngt emol sollt gesinn hunn, kennen ze léieren. Heizou gehéiert beispillsweis den natierlechen a kulturelle Patrimoine vun den Ardennen, déi eemoleg Wäiner a Cremante vun der Lëtzebuerger Musel oder och de Vallée des sept Châteaux. Och eis Haaptstad besëtzt eng räich Offer, wouduerch ee sech beispillsweis eng Visitt vun de berühmte Kasematten oder der Festung net entgoe sollt loossen.

Kuckt ee sech d’Aussteller un, esou ginn de Luxembourg City Tourist Office an déi regional Touristenzentren (Miselerland, Regioun Mëllerdall, Éislek, Redrock Regioun, Visit Guttland) vun der Villa Vauban, dem Syndicat d’Initiative vun Nouspelt, den Escher Bamhaiser Gaalgebierg, der Ecole des Goûts Naturpark Our, dem Georges Kayser Altertumsforscher, dem Touristenzenter Heringer Millen, dem Veianer Schlass, Timetravel, dem Wäibau-Beräich Laurent et Rita Cox an der Kellerei J. P. Steinmetz-Duhr begleet.

Explore Luxembourg Programme 2019

De Programm

Freides, den 19. Abrëll 2019

  • Offiziell Erëffnung
    11:00 Auer: mam Tourismusminister Lex Delles an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer
  • Musikalesch Animatioun
    11:00-13:30 Auer: Lisa Mariotto & Tun
    14:00-16:30 Auer: Rol Girres & Marion Welter
    17:00-18:00 Auer: City Brass
  • Guidéiert Visitten (gratis) mat Depart beim Stand vum Luxembourg City Tourist Office op der Place d’Armes
    13:00 Auer, 14:00 Auer, 15:00 Auer*: Walk the art (FR/EN)
    16:00 Auer, 17:00 Auer, 18:00 Auer: Walk the art (DE/EN)

Samschdes, den 20. Abrëll 2019

  • Musikalesch Animatioun
    10:30-12:30 Auer: Pol Milbert
    13:00-14:30 Auer: Moselle Valley Brass Band
    15:00-16:00 Auer: Pol Milbert
    16:30-18:00 Auer: Murphy’s Law
  • Guidéiert Visitten (gratis) mat Depart beim Stand vum Luxembourg City Tourist Office op der Place d’Armes
    13:00 Auer, 14:00 Auer, 15:00 Auer*: Walk the art (FR/EN)
    16:00 Auer, 17:00 Auer: Walk the art (DE/EN)

*Méiglechkeet d’Ausstellung „PLAKEG!“ an der Villa Vauban gratis kucken ze goen

Den detailléierte Programm kënnt Dir Iech nach emol HEI eroflueden.

Ähnlech Sujeten Animatioun, Explore Luxembourg, Lex Delles, Luxembourg City Tourist Office, Lydie Polfer, Musék, Tourismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel