Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zum Ofschloss vun der Mobilitéitswoch: de Steel-Run
International Neiegkeeten

Zum Ofschloss vun der Mobilitéitswoch: de Steel-Run

Säit 2005 bedeelegt sech Lëtzebuerg un der europäescher Mobilitéitswoch, déi

Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg: d’Linda Gaasch gouf vereedegt
International Neiegkeeten

Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg: d’Linda Gaasch gouf vereedegt

Gëschter huet d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, d’Lydie Polfer, op

D‘KPL zur Lag vun der Natioun
International Neiegkeeten

D‘KPL zur Lag vun der Natioun

Wa sech de President vun der kommunistescher Partei zu Lëtzebuerg

Paräis: Explosioun an enger Bäckerei – dräi Doudeger

Paräis: Explosioun an enger Bäckerei – dräi Doudeger

Um Samschdegmuere géint 9 Auer, ass et an enger Bäckerei am 9. Arrondissement vu Paräis, zu enger Explosioun komm, bäi där dräi Mënschen hiert Liewe verluer hunn, an der 47 deels schwéier blesséiert goufen. En Uschlag ass vun den Autoritéiten ausgeschloss ginn.

Et war nach fréi an d‘Leit am Quartier vun der „Rue de Trévise“ sinn hiren alldeegleche Geschäfter nogaangen. An dësem Quartier, mat enger héijer Bevëlkerungsdicht a villen Hoteller, sollt kuerz drop d‘Hell ausbriechen. Wéinst enger Gasfuite waren d‘Pompjeeë kuerz virun néng Auer op d‘Plaz geruff ginn. Während dem Asaz ass et zur Explosioun komm, an d‘Tragedie war net méi opzehalen.

 

BäckereiDuerch d‘Explosioun sinn op der Plaz zwee Pompjeeën an eng spuenesch Touristin ëm d‘Liewe komm. Duerch Trëmmer a Glasspläiteren, déi duerch den Drock vun der Explosioun ronderëm geschleidert goufen, sinn 47 Persoune blesséiert ginn, 10 dorënner esou schwéier, datt zur Stonn net gewosst ass, op si et iwwerstinn. Drockwell huet grousse Schued a véier Stroossen ugeriicht.

Bäckerei

E Bild dat méi ausseet wéi e mat Wierder ausdrécke kann © les centristes (via Twitter)

Am direkten Ëmfeld vun der Bäckerei, sinn d‘Vitrinne vun de Geschäfter, d‘Fënstere vun den Haiser an den Hoteller, vun der Drockwell reegelrecht „erausgerappt“ ginn. Et gëtt keng Dier méi, déi net aus den Aangele gefuer wier, Autoen déi onmëttelbar bei der Bäckerei gestane sinn, goufen duerch d‘Luucht geschleidert. Déi ganz Géigend huet ausgesinn, wéi no engem Loftugrëff…

Effikassen Asaz vun de Rettungsdéngschter

D‘Pompjeeën hu 7 Leit aus den Trëmmer befreit, dorënner e Komerod, deen iwwert zwou Stonne verschott war. D‘Verstäerkung war séier op der Plaz, an och Poliziste sinn an de Quartier beuerdert ginn, fir déi „Virwëtzeg“ mee och méiglech giel Gileten – déi op dësem Dag fir d‘néngt mat hirem Mouvement Drock op d‘Regierung gemaach hunn – dovunner ofzehalen, d‘Aarbechten ze stéieren.

Bäckerei

En Employé vun engem Hotel, deen direkt géintiwwer der Bäckerei schafft, huet erkläert, datt hie moies gesinn hätt wéi Pompjeeën an d‘Geschäft eragaange sinn. „Ech duecht den éischten Ament, datt et sech ëm e falschen Alarm géif handelen, wéi et op eemol fierchterlech geknuppt huet. Eng riseg Drockwell huet d‘Hotel erfaasst, an ech hu keng Ahnung firwat mir näischt geschitt ass“.

 

Fir eng Awunnerin ass et e Schock. Si huet d‘Erliefnes aus hirer Siicht erzielt. „Ech sinn erwächt well déi ganz Wunneng geziddert huet. All d‘Fënstere vum Appartement sinn zerbrach, a wéi vun enger onsiichtbarer Hand goufen d‘Dieren opgerappt. Fir aus dem Zëmmer ze kommen hunn ech missen iwwert d‘Dier lafen. D‘Kanner hu panikéiert well si net aus hirem Zëmmer konnten“.

En éischten Iwwerbléck

Och wann eng kriminell Dot éischter auszeschléissen ass, esou ass déi regional Direktioun vun der Police-Judiciaire mat der Enquête beoptraagt ginn, fir d‘Ëmstänn vun dësem, viraussiichtlech dramateschen „Accident“opzeklären. 12 Gebaier sinn – zumindest fir déi nächst 48 Stonnen – net zougänglech. D‘Gefor, datt e Gebai oder Deeler dovunner zesummefalen, ass net auszeschléissen.

Bäckerei

D‘Pompjeeën evakuéieren eng Persoun aus engem Hotel direkt bei der Bäckerei wou d‘Explosioun stattfonnt huet. Dëst Bild beweist androcksvoll, wéi hefteg d‘Explosioun muss gewiescht sinn. © Karen Felize, Paris

Vun der Märei ass matgedeelt ginn, datt fir déi 38 Persounen, déi aus hire Wunnengen evakuéiert hu misse ginn, en Dag iwwert de Kapp fonnt ginn ass. Déi Touristen, déi an den Hoteller ënnerbruecht waren, konnten op aner Haiser verdeelt ginn. De materielle Schued, konnt nach net ermëttelt ginn. Sécher ass, datt et an d‘Millioune geet a Woche wäert brauche bis nees Normalitéit antriede kann.

De franséischen Inneminister, Christophe Castaner, war nach am Virmëtteg op d‘Plaz vum Accident komm vir sech mat eegenen Aen e Bild vun der Situatioun ze maachen

Foto: Den Deputéierte Sylvain Maillard (LREM) huet eis dëst Bild via Twitter zoukomme gelooss, an informéiert, datt d‘Rettungsdéngschter déi ganz Nuecht iwwer op der Plaz waren, fir d‘Gebaier ofzesécheren. Um Sonndegmuere sollen éischt Opraumaarbechte stattfannen.

Ähnlech Sujeten 9. Arrondissement, Bäckerei, Explosioun, Gasexplosioun, Paräis, Pompjeeën
Nächsten Artikel Virrechten Artikel