CSJ: D’Familljeministesch Corinne Cahen muss hirer Verantwortung endlech gerecht ginn!
Säit bal engem Joer sëtzen eeler Leit eleng an hirem
Säit bal engem Joer sëtzen eeler Leit eleng an hirem
Entspriechend den Zuelen, déi vun der staatlecher Agence Sciensano virgeluecht
Haut gi mer all Wielen. An domatter ass de Wahlkampf
Nom tragesche Virfall am Munitiounslager um Waldhaff weist eise Premierminister Xavier Bettel sech zu déifst betraff an a grousser Trauer ëm déi zwee déidlech verongléckt Ënneroffizéier vun der Lëtzebuerger Arméi.
Den Ament ass de Premierminister op enger Aarbechtsvisitt zu Madrid. Nodeems hien d’Noriicht erhalen huet, sot hie Folgendes: „Ech sinn zu déifst schockéiert, nodeems ech vun der Nouvelle vum trageschen Evenement héieren hunn. Zwee Lëtzebuerger Ënneroffizéier sinn bei hirer Aarbecht am Service vum Land ëm d’Liewe komm. Zwee vun hire Komeroden si blesséiert, dovun een schwéier. Meng Gedanken si bei den Affer, hire Famillen an hirem noen Ëmfeld.
D’Regierung deelt hiert Leed a steet hinnen an dësem schwéiere Moment zur Säit. Dëst Evenement erënnert eis op brutal Aart a Weis un d’Geforen, deenen d’Zaldoten am Alldag ausgesat sinn am Kader vun de Missiounen, déi si zur Verdeedegung vun eisem Land ausféieren. Hiren Engagement verdéngt den déifste Respekt vun der ganzer Gesellschaft.“
Am Numm vun der ganzer Regierung huet de Premierminister Xavier Bettel säin häerzlecht Bäileed un d’Famillen an dat not Ëmfeld vun den Affer ausgeschwat.