Search

You may also like

Restart Tourism: Esou soll Lëtzebuerg touristesch opbléien
International Neiegkeeten

Restart Tourism: Esou soll Lëtzebuerg touristesch opbléien

Scho virun der sanitärer Kris huet Lëtzebuerg ee grousst touristescht

Go By Brooks (Unplugged) an der Brasserie K116!
International Neiegkeeten

Go By Brooks (Unplugged) an der Brasserie K116!

Och am Juli kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës Kéier

Ëffentlech Administratiounen innovéiere fir de Bierger besser ze Äntwerten
International Neiegkeeten

Ëffentlech Administratiounen innovéiere fir de Bierger besser ze Äntwerten

Wien eng Fro un eng Administratioun huet, géif ee sech

Explosiounen am Libanon: Caritas Lëtzebuerg rifft zum Spendenopruff op

Explosiounen am Libanon: Caritas Lëtzebuerg rifft zum Spendenopruff op

Den Dënschden 4 August, hunn zwou Explosiounen d’Stad Beirut, Haaptstad vum Libanon zerstéiert. Dobäi si méi ewéi 100 Mënschen ëm d’Liewe komm, Dausender gouf blesséiert. Méi ewéi 300.000 Awunner hu kee keen Doheem méi. D’Caritas biet ëm Hëllef.

,,Et besteet totale Chaos, de Schued ass enorm. Vill Gebaier goufe komplett zerstéiert, anerer stinn nach esou just do.D’Spideeler sinn iwwerfuerdert a fannen et schwéier d’Situatioun ze meeschteren, well se schonn s vun der sanitärer Covid-Kris betraff waren. An de Coronavirus wäert dëst sécherlech notze fir sech weider ze verbreeden”, erkläert den Dr. Michael Feit, Leeder vum Internationale Kooperatiounsteam vun der Caritas Lëtzebuerg.

Libanon

© Caritas

De Libanon huet no enger schwéierer Krichszäit eng schrecklech Rezessioun erlieft. Iwwer eng Millioun Flüchtlinge befannen sech am am Libanon – wat déi wirtschaftlech Situatioun vum Land nach méi onsécher mécht.

Dës Virfäll wäerten eng schonn s ugespaante Situatioun verschäerfen. Mir fäerten, datt d’Iessen ausgeet, an et feele well Plaze fir Ënnerdaach ze kommen”,erkläert hien.

Déi säit ville Joren am Libanon bestoend Caritas Lëtzebuerg huet direkt decidéiert,no der Explosioun denAffer ze hëllefen. Duerch zouverlässeg a reaktiounsschnell Hëllef vu Partenaire goufe Liewensmëttel un déijéineg verdeelt, déi duerch d’Explosioun alles verluer hunn. Dieren a Fënstere ginn och sanéiert”, präziséiert den Dr. Michael Feit.

Wann Dir d’Affer a Beirut ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir eng Spend maachen.

Entweder iwwer Iwwerweisung op den CCPL IBAN LU34 1111 0000 2020 0000 vum Caritas Konto mam Vermierk “Beirut” oder direkt online ënner www.caritas.lu.

Opmaacherbild © Caritas

Related topics Ammoniumnitrat, Beirut, Caritas, Covid-19, Explosioun, Flüchtlingen, Libanon, Pandemie, Spendenopruff
Next post Previous post