Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Big Business mam Grondwaasser
International Kultur Neiegkeeten

Big Business mam Grondwaasser

D‘Mineralwaasser aus de Bierger vum franséischen Osten ass bekannt op

Gléck am Ongléck
International Kultur Neiegkeeten

Gléck am Ongléck

Groussbritannien huet um Freidegmoien op e neits mussen en Attentat

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!
International Kultur Neiegkeeten

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!

Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den

D’Expo 2020 Dubai ëm ee Joer verréckelt

D’Expo 2020 Dubai ëm ee Joer verréckelt

Zënter Wochen hunn d’Organisateure Diskussioune gefouert, elo steet et fest: D’Expo 2020 Dubai gëtt ëm ee Joer verréckelt. Dës Decisioun muss elo nach formell vum internationale Büro vun den Ausstellunge BIE bestätegt ginn.

Ronn zwee Drëttel vun de Memberlänner vum BIE hu fir d’Verréckele vun der Expo 2020 Dubai gestëmmt. Den Artikel 28 vun der Paräisser Konventioun vun 1928 beseet, datt ee Changement vum Datum erlaabt ass. Ma, duerch d’Coronakris huet geet een elo dëse Schrëtt an, fir de Schutz an d’Sécherheet vun der Gesondheet garantéieren ze kënnen.

Soumat wäert d’Expo 2020 Dubai vum 1. Oktober 2021 bis den 31. Mäerz 2022 stattfannen a säin aktuellen Numm behalen.

Dobäi geet et ëm d’Gesondheet vun iwwer 40.000 Aarbechter, déi um Site schaffen, wéi och ëm d’Wuelergoe vun de Millioune Visiteuren, déi erwaart ginn.

Déi wirtschaftlech Interessegemeinschaft GIE vu Lëtzebuerg gesäit dobäi net nëmmen d’Garantie vun der Sécherheet, mee och d’Méiglechkeet sech no de beschte Konditioune preparéieren ze kënnen. Esou kéint een d’Expo als eenzegaarteg Méiglechkeet notzen, fir d’Wirtschaft no der Kris nees ze stimuléieren.

Opmaacherfoto: © expo2020dubai.com


Passend heizou:

Ähnlech Sujeten Coronakris, Dubai, Expo 2020, Gesondheet, Sécherheet, Verréckelt, Weltausstellung, Wirtschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel