Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Vereenten Natioune wëllen de Kampf géint de Plastik ophuelen
Neiegkeeten

D‘Vereenten Natioune wëllen de Kampf géint de Plastik ophuelen

D‘Presidentin der Generalassemblée vun de Vereenten Natiounen, d‘Maria Fernanda Espinosa,

Brexit: Theresa May kritt dat mat der Scheedung net an de Grëff
Neiegkeeten

Brexit: Theresa May kritt dat mat der Scheedung net an de Grëff

Et sinn ewell keng ganzer dräi Méint méi, bis sech

Wéi gutt kenns du de Kanton Wolz?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du de Kanton Wolz?

Nodeems mer eis lescht Woch de Kanton Klierf ugekuckt hunn,

EXPO 4 KIDS zu Dikrech: De verwonschene Bësch

EXPO 4 KIDS zu Dikrech: De verwonschene Bësch

Vum 8. September bis den 30. September erwaarden Iech 6 Kënschtler an der Maison de la Culture zu Dikrech déi Iech d’Kandheet nees an Erënnerung ruffen.

D’Nicole Gaudron, de Jules Kremer, de Christophe Poissonnier, d’ Maggy Kremer, d’Gaby Schrank an Hannelore Maier sinn déi 6 Kënschtler déi mat hire Wierker net nëmmen d’Butze mee och eeler Semester an eng Dramwelt entféieren.

Mat verschidden Technike wei schweessen, strecken, bitzen an molen hunn d‘Kënschtler eng fantastesch Welt erschafft, den der Fantasie en fräie Laf léisst.

Aus dausend Textil Fuedem goufen wonnerbar Märercher gewebt.En Buch mat verschiddenen Monstren, di heemlech aus den Miniaturhaiser luussen. Schéin Konschtbiller an grouss Metallskulpturen sinn ze bestaunen.

Fir déi grouss Konschtbewonnerer gëtt am leschte Raum, eng Konstruktioun vu Glastécker an Elektronik ugebueden, déi een net esou schnell vergiesse wäert.

  • Ëffnungszäite vum Kulturhaus: all Dag ausser Méindeg vun 10 bis 18 Auer.
  • Animéiert Visitte sinn op Rendez-vous méiglech, hei muss ee sech ënnert dem 80 87 90-1 umellen.
Ähnlech Sujeten Ausstellung, Dikrech, Expo 4 Kids
Nächsten Artikel Virrechten Artikel