Search

You may also like

ECDC: Lëtzebuerger Teststrategie als Beispill fir Europa
Kultur Neiegkeeten

ECDC: Lëtzebuerger Teststrategie als Beispill fir Europa

Den Europäeschen Zentrum fir Preventioun a Kontroll vu Krankheeten ECDC

Psychologesch Hëllef am virtuelle Raum
Kultur Neiegkeeten

Psychologesch Hëllef am virtuelle Raum

Nieft de gesondheetleche Problemer, ervirgeruff duerch de Coronavirus Covid19, déi

geek
Bei der aktueller Hëtzt ass Ofkillen ugesot
Kultur Neiegkeeten

Bei der aktueller Hëtzt ass Ofkillen ugesot

Temperaturen iwwer 40°C schéngen zur Regel ze ginn, woubäi deene

Expo „Krik et craque – Human Canvas“ am Tunnel am Gronn

Um Mëttwoch, de 27. November 2019 ass d’Foto-Ausstellung Krik et craque – Human Canvas offiziell opgaangen. Ab elo kann een d’Expo am Tunnel, deen zum Lift féiert deen de Gronn mat der Uewerstad verbënnt, bewonneren.

Bei „Krik et craque – Human Camvas“ weise ganzer 13 Fotoe Kierperdeeler, déi mat roudem, wäissen oder och schwaarzem Lehm bedeckt sinn. De Fong ass dréchen a brécht scho plazeweis auserneen. Virun allem d’Proximitéit vum Mënsch un der Äerd, déi sech ëm hie befënnt an als Hannergrond vu sengem Liewen déngt, sollen am Virdergrond stoen.

De Projet huet seng Inspiratioun bei der Serie „Clay and Ash“ vum Fotograf Roberto Falck fonnt, dee sech duerch säi staarken Interessi un indigene Kulturen, der Schéinheet vun der Symetrie an der Geometrie, sou wéi de Wüsten aus Lehm ausdréckt.

D’Expo, déi vum Service Foyers scolaires – Département Capel organiséiert ginn ass, gouf realiséiert vun de Kanner vum Projet „Villa Argila“ a Kollaboratioun mat den Artisten Anne Hamen a Luc Ewen. De Projet gliddert sech an de Kader vun „Aktioun Bambësch“ a a kann nach bis Enn Mäerz 2020 am Tunnel am Gronn bewonnert ginn.

Related topics Anne Hamen, Expo, Krik et craque – Human Canvas, Luc Ewen, Service Foyers scolaires – Département Capel, Tunnel am Gronn, Villa Argila
Next post Previous post