Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
Neiegkeeten

Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?

Gëschter Mëtteg sinn an der Réidener Schwämm déi zwou nei

US-Geriicht: „De Paul Manafort ass e Ligener!“
Neiegkeeten

US-Geriicht: „De Paul Manafort ass e Ligener!“

Am Kontext vun der „Russland-Affär“, wou dem Donald Trump an

COP24: Eng schwaach Virstellung
Neiegkeeten

COP24: Eng schwaach Virstellung

Déi international Communautéit huet e Samschdeg de Paräisser Accord mat

EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen

EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen
Klein, aber oho! Dat denkt een sech an dëser Hal konstant. © Shari Pleimelding/moien.lu
EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen
D'Margarita Cachia mat sengem iessbare Konschtwierk. © Shari Pleimelding/moien.lu
EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen
Artistesch Meeschterwierker, déi bal ze schued sinn fir ze iessen. © Shari Pleimelding/moien.lu
EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen
Team Norwegen um Kachen fir de Villeroy & Boch World Cup 2018. © Shari Pleimelding/moien.lu
EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen
Wonnerschéin Presentatiounen faszinéieren an der Hal 2. © Shari Pleimelding/moien.lu
EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen
Leckereien aus aller Welt ginn offréiert. © Shari Pleimelding/moien.lu
EXPOGAST – fënnef Deeg fir d’Kachkonscht ze wierdegen
Verschidden Materialien beliewen d'Presentatioun. © Shari Pleimelding/moien.lu

Et ass ee Sammelpunkt fir déi talentéiertst Käch vu fënnef Kontinenter, eng Foire, déi de Beruff vun der Gastronomie representéiert an een internationale Concours op Weltniveau ubitt. Nach bis e Mëttwoch den Owend kann ee sech op der Expogast kulinaresch Highlighten aus der ganzer Welt an der Luxexpo-The Box ukucken a gesinn, wat mat Iessen alles méiglech ass.

Dës Foire kennt just all véier Joer op Lëtzebuerg, mee faszinéiert als Showroom fir aussergewéinlech Talenter, nei Trends an originell Iddien de Publique ëmmer nees op een neits. A ganzer véier Hale kann ee vu Wäin, iwwert Kraider bis hin zu Kéis an Ham villes degustéieren a sech eventuell souguer un nei Geschmaachserliefnisser erfreeën. Vun internationale Verkeefer, wéi beispillsweis „Taste of Africa“ oder „Nougat de Montsegur“ sinn och regional Aussteller, wéi „Domaines Vinsmoselle“, „Kaempff-Kohler“, „Boucherie Kirch“ an „La Provencale” um Site ze fannen.

De Villeroy & Boch Culinary World Cup

Natierlech muss bei engem Openanertreffe vun de beschte Käch och ee Concours fir d’Gastronomie mat dobäi sinn. D’Editioun 2018 zielt 75 Natiounen déi beim Villeroy & Boch Culinary World Cup géinteneen untrieden. Et ass ee vun de gréissten a wichtegste Kach-Kompetitioune weltwäit. Hei mussen d’Equippen un de fënnef Deeg ee exzellent an originellt Mëttegiessen oder een dräigängege Menü preparéieren. Dofir haten d’Käch, déi ënnert anerem aus Lëtzebuerg, Däitschland, Schweden, Thailand, Island, Norwegen, Kanada, Singapur, Taiwan oder Mexiko sinn, wärend Méint trainéiert, sou datt si ee kulinarescht Wonnerwierk kreéieren.

An enger anerer Hal kann een da kleng optesch Highlighten a Saachen Iesse fannen. Bei der internationaler Kompetitioun déi kal iessbar Konschtwierker presentéiert, ass et wichteg, datt och d’Ae mat iesse kann. Mat esou enger Eleganz, Prezisioun an enger Presentatioun, déi ee Kënschtler net hätt kenne besser maachen, vergësst ee bal, datt hei Iesse virun engem steet. Do mierkt een, datt och Kachen, a virun allem d’Uriichten, och eng Konscht fir sech ass.

Also méi Frësch geet et jo bal net!

Mat dobäi an der Hal 2 ass d’Team vun „Hello Fresh“. Mat vill Enthusiasmus a Passioun erklären déi zwee jonk Kärelen engem d’Konzept mat den Iessboxen, wou een garantéiert all Dag frësch kache kann. Generell kann een hei auswielen op et eng klassesch Box, mat Fleesch, Fësch a Geméis soll sinn, eng Veggie Box, eng Family Box oder eng Këscht wann et emol schnell goe muss an d’Iesse scho fäerdeg geschnidden ass.

Expogast 2018

Hello Fresh – ee super Konzept!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Sechs Wochen am viraus kann ee sech d’Boxen zesumme stellen, wou d’Menüe vu professionellen an innovative Käch opgestallt ginn, an fir eis doheem an einfacher Form (mat maximal 4 Schrëtt) erkläert sinn. D’Liewensmëttel sollen, wéi den Numm et scho seet, esou frësch wéi méiglech beim Client ukommen an sinn esou allerhéchstens 4 Deeg ënnerwee. Donieft leet Hello Fresh och vill Wäert drop Produiten aus der Regioun unzebidden an esou nohalteg wéi méiglech ze schaffen. Esou ass alles, wat een an der Box fënnt, bis hin zur Këscht selwer recycléierbar.

Et ass also eng gutt Alternativ vir all déi, déi net esou oft an de Supermarché kommen an awer net op qualitativ héichwäerteg Liewensmëttel verzichte wëllen. Wien hei interesséiert ass kann emol op hirem Site laanscht kucken a kritt esouguer fir déi éischt Commande 25 € Reduktioun.

Op der Expogast mierkt een, datt d’Gastronomie am Fong och Konscht ass. Deementspriechend falen deelweis d’Präisser aus. Et sollt ee sech bewosst sinn, datt hei héich qualitativ Platen an Produite vu Spëtzekäch ugebuede ginn. Fir de klenge Portmonnie ass et net dat Idealt, an awer sollt een dat Spektakel ee Mol gesinn hunn!

Ähnlech Sujeten Expogast 2018, Gastronomie, Hello Fresh, Kaempff-Kohler, Konscht, La Provencale, LuxExpo, Villeroy & Boch Culinary World Cup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel