Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den IS vergräift sech un Teheran
Neiegkeeten

Den IS vergräift sech un Teheran

Gëschter hunn Attentäter an der iranescher Haaptstad matten am Parlament

Tracing-App: Wann se fäerdeg sinn hu mir se awer
Neiegkeeten

Tracing-App: Wann se fäerdeg sinn hu mir se awer

Wéi se net do waren, hunn d‘Masken näischt genotzt, elo

Weltdag vun den Ozeaner – Et gëtt villes ze verléieren, awer och ze gewannen
Neiegkeeten

Weltdag vun den Ozeaner – Et gëtt villes ze verléieren, awer och ze gewannen

Iwwer zwee Drëttel vun der Äerd si vu Waasser bedeckt

Extensiv Landwirtschaft an der Schutzzon „Léiffrächen“

Extensiv Landwirtschaft an der Schutzzon „Léiffrächen“

En Dënschdeg ass um Holleschbierg an der Gemeng Käl-Téiteng, de Naturschutzprojet duerch Extensiv Landwirtschaft an de Léiffrächen virgestallt ginn. De Site, eng „Natura 2000“ Zon huet Parzellen déi duerch den Eisenäerzofbau ënnert oppenem Himmel gezeechent sinn, an anerer wou dat traditionellt Landschaftsbild erhale bliwwen ass.

Op de fréiere Minièresflächen, gëtt d‘Gestioun vum natierlechen Habitat duerch Wanderschéifer mat hire Schof assuréiert. Déi aner Flächen, déi keng industriell Vergaangenheet hunn, an dem Staat gehéieren, gi vum engem Landwirt genotzt, deen dës Terrainen zur Opzuucht vu Randbéischten notzt. Dëse Projet dréit derzou bäi, datt den Exploitant mëttels aktivem Naturschutz op seng Käscht kënnt.

Eng magesch Plaz

De Buergermeeschter Laurent John (LSAP) ass dann och vun dësem Projet méi wéi iwwerzeegt. Hien deen den Holleschbierg fir eng „magesch Plaz“ hält, an eegener Ausso no och vill op de Bierg Spadséiere kënnt – ëmmerhin ass et mat ëm déi 430 Meter, eng vun den héchste Plazen am Land, vun där aus ee bis an d‘Éislek kucke kann, wann een dann eng Spektiv derbäi huet – ass zefridden.

Landwirtschaft

De Buergermeeschter vu Käl-Téiteng, Laurent John, kann et nëmme jidderengem empfeelen en Trëppeltour iwwert den Holleschbierg ze maachen. Eng, wéi seet „magesch Plaz“ vun där aus een, wann seng Spektiv mabréngt, bei schéinem Wieder bis un de Wupp vum Éislek gesäit. © Dafina Gashi/moien.lu

Hie setzt sech dann och fir säin Naturschutzgebitt an, ënnerstëtzt och d‘Bestriewung vun der Regierung eng Waasserschutzzon anzeriichten. Dat kéint derzou bäidroen, datt déi Quelle wou bestinn, zukünfteg als Drénkwaasser kéinte genotzt ginn. De Laurent John, deen de ganze Projet als Gemengepapp begleet huet, kann dann och nëmmen empfeelen, sech d‘Plaz emol unzekucken.

D‘Exploitante, Aline Peping, huet op hirer Facebooksäit dëse flotte Projet dokumentéiert. Si huet dësen dann och mat vill Begeeschterung virgestallt, och wann si zouginn hat, datt wéi een op si duer koum, et Bedenke ginn huet. Haut kann si nëmmen nach vun der gudder Zesummenaarbecht mat allen Acteuren (Ministèren an ANF) schwäermen.

Eng Integrativ Approche

No der Exploitante huet de Michel Leytem, Chef d‘Arrondissement bei der Administratioun vun der Natur an de Bëscher, op ee puer Detailer higewisen. De landwirtschaftleche Betrib huet hei um Holleschbierg ronn 20 Ha Fläch déi hie notze kann. Wéi de Projet entstanen ass, huet een de Fokus op eng integrativ Notzung geluecht. Dat heescht, dat d‘Exploitatioun dem Terrain upasst ginn ass.

Sënn an Zweck dovunner: d‘Biodiversitéit fërderen, an esouwuel eng nohalteg wéi qualitativ Notzung ustriewen. Fir de Bauer, deen hei op Chimie a schwéier Gerätschafte verzichte muss, huet et vill Virdeeler. Eigentlech sinn et éischter seng Béischten déi Profitéieren. Op der Plaz stinn hinne géintiwwer der konventioneller Notzung, 50 bis 70 Kraiderfamilljen zur Verfügung.

Landwirtschaft

De Michel Leytem, Chef d‘Arrondissement bei der Administratioun vun der Natur an de Bëscher, stäipt sech géint eng Bipolariséierung vun de Landwirt. Hie baut op Vertrauen an eng gutt Kommunikatioun ënnert „Partner“. Wann d‘Natur an de Bauer zu hirem kommen, huet d‘Gesellschaft gewonnen. © Dafina Gashi/moien.lu

Fir eng robust Rass, déi och de Wanter iwwer net an de Stall kënnt, e klengt Paradäis. Zumindest bis entscheet gëtt, datt et Zäit ass, bei engem vun eis um Teller de gustative Beweis, vun enger gudder Ernierung genoss ze hunn. De Michel Leytem huet dann nach drop higewisen, datt am ganze Land ronn 2.800 Ha, vun eppes iwwer 100 Betriber op dës Aart Weis exploitéiert ginn.

Begeeschterung an alle Gesiichter

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen (DP) huet seng Begeeschterung kengem Virenthalen, a stellt fest, datt „ee mat der Landwirtschaft zu méi Naturschutz komme kann“. Et ass him wichteg, datt wéinst dem Naturschutz, keng landwirtschaftlech Fläche verluer ginn. Ervirzehiewen ass, datt jidderee profitéiert, well eng Gesond Landwirtschaft och Gesond Liewensmëttel ervirbréngt.

Landwirtschaft

D‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg mat der Exploitante Aline Peping. Net alles war liicht, mee d‘Zesummenaarbecht mat alle Partner huet sech um Enn bezuelt gemaach. © Dafina Gashi/moien.lu

D‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) deelt d‘Begeeschterung vum Minister Etgen an ënnersträicht, datt mir et wäerten hikréien esou mat de Landwirt zesummenzeschaffen, datt all concernéiert Acteuren hir Ziler erreechen. De Bauer als Naturschützer, an och als profitabele Betrib, ënnerstëtzen an erhalen, mécht net nëmme Sënn, mee dréit och zu eiser Gesondheet bäi.

mam Dafina Gashi

Ähnlech Sujeten Aline Peping, ANF, Carole Dieschbourg, Extensiv Landwirtschaft, Fernand Etgen, Holleschbierg, Laurent John, Michel Leytem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel