Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad
maddie poppe and caleb dating announcement big ditch speed dating

speed dating jacksonville beach

Säit Donneschdeg huelen déi déidlech Konfrontatiounen tëscht de Regierungstruppen, déi

baekhyun and taeyeon still dating
maddie poppe and caleb dating announcement big ditch speed dating

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?

Zwee Schëffer vun Hëllefsorganisatiounen hu ronn 500 Migranten aus dem

Polen muss seng kontroverséiert Reform suspendéieren
maddie poppe and caleb dating announcement big ditch speed dating

Polen muss seng kontroverséiert Reform suspendéieren

Den europäesche Geriichtshaff (EUGH) huet e freideg annoncéiert, datt Polen

„Extinction Rebellion“ wëll eng Woch laang Berlin blockéieren

Klimaaktiviste bréngen um Méindegmueren de Verkéier um „Grousse Stär“ zum stoen

„Extinction Rebellion“ wëll eng Woch laang Berlin blockéieren

Si haten et ugekënnegt an zéien et voll duerch: d’Klimaaktiviste vun „Extinction Rebellion“ wëlle mat hirer Aktioun an der däitscher Haaptstad, mee och anere Groussstied op d‘Klimakris an hir méiglech Folgen opmierksam maachen. Zanter de Moien 6 Auer leeft d‘Aktioun zu Berlin.

Wéi d‘Police zu Berlin confirméiert, hu säit de Moien 6 Auer eng dausend Aktivisten de „Grousse Stär“ beim Tiergarten belagert an de Verkéier zum erleie bruecht. Kuerz virdru waren honnerte „Rebellen“ vum Regierungsquartier bis bei d‘Siegessäule gelaf. Déi ganz Aktioun ass zum Ament vun eisem Bericht friddlech verlaf. Dat ass den Aktivisten och immens wichteg: keng Gewalt!

Berlin„Mir wenne keng Gewalt un, mee notzen d‘Kreativitéit a mir respektéieren all Mënsch. Mir schléisse keen aus a begéinen eise Matmënsche mat Häerzlechkeet“ esou d‘Äntwert op d‘Fro zur Strategie vum Mouvement. Si lafen eben einfach op d‘Strooss, setzen dohinner a stoppen esou de Verkéiersfloss. D‘Police appelléiert iwwert déi sozial Medien, dëse Beräich dann och ze meiden.

Eng „Spriecherin“ vum Mouvement, d‘Eva Jung, zu dëser „éischter“ Aktioun: „Haut fänkt déi weltwäit Rebellioun géint d‘Ausstierwen un. Mir stéieren, well mir keen anere Wee gesinn, fir deen ëmfaassenden an déifgräifende Wandel erbäizeféieren, deen de Klima rett. D‘Klimapolitik vun der Regierung huet versot an d‘Mënschheet steet virun enger liewensbedreelecher Katastroph“.

BerlinAm laf vun den nächsten Deeg si weider punktuell Blockade vun zentrale Verkéierspunkte virgesinn an déi sollen och déi ganz Woch iwwer stattfannen. Dës Aktioune stinn ënnert dem Motto: Opstand géint d‘Ausstierwen. A well et jo en „Impakt“ soll hunn, gëtt et wéineg brauchbar Informatiounen zu de Plaze wou et zur Blockad kënnt. Dofir ginn d‘Aktiounen och vu Kundgebunge begleet.

Wat haut nach geplangt ass

„Offiziell“ sollten d‘Aktiounen zu Berlin op der Potsdamer-Plaz ufänken. Gutt den Ufank, deen ass scho gemaach. Trotz allem gëtt wéi geplangt um 12 Auer op der genannter Plaz eng Kundgebung a kënschtleresch Aktiounen ofgehalen. Virgesinn ass ënnert anerem e Speach vum Carola Rackete, déi sech als Kapitänin vun der Sea-Watch3 e Numm gemaach an am EU-Parlament geschwat huet.

Am weidere Verlaf, soll nach am Regierungsquartier eng Rosa Arche opgestallt ginn, déi eis un d‘Aartestierwe soll erënneren. Notéiere mir nach an dësem Kontext, datt de Mouvement sech net um ëffentlechen Transport vergräife sollt, zumindest wat de Schinnentransport (U- & S-Bahn) betrëfft. Zu Aktiounen an de Berliner Fluchhäfen hu sech déi friddlech Rebellen net geäussert.

Berlin

Fir ee Mëttwoch sinn ënnerschiddlech, méi dezentraliséiert Aktiounen an Aussiicht gestallt ginn. Si hunn hir Leit dann och opgeruff, kleng Gruppen ze organiséieren. Et wäert awer zur Blockad op der Marschall-Bréck (direkt beim Reichtagsgebai) kommen, dat ass sécher. An da gëtt et och nach beim Kanzleramt e Klimacamp wou d‘Protester virbereet ginn. Dat ass keen onwichtegen Detail…

Iwwert de Weekend sinn esou schonn eng ronn 1.500 an der Saach engagéiert Mënschen ugereest. Et dierften der elo awer scho méi sinn, déi sech virgeholl hunn den alldeegleche Betribsoflaf ze stéieren, dee laut Extinction Rebellion, eis Liewensgrondlagen zerstéiert. An si sollen sech dann och virgeholl hunn, d‘Aktioun esoulaang fortzeféiere bis d‘Politik sech entspriechend aktivéiert kritt.

Weltwäit awer net Systemrelevant

„Rebelléiert“ gëtt sech awer net nëmmen zu Berlin. Zu ähnlechen Aktioune soll et och zu London, Paräis, Madrid an Amsterdam kommen, woubäi Metropole wéi New York, Buenos Aires mee och Sydney als „Partnerstied“ genannt ginn. Wat wou wéi stattfënnt ass natierlech net gewosst. Eng Aktioun (déi mannst sinn ugemellt) soll ëmmer eréischt kuerz iert se Stattfënnt gemellt ginn.

D‘Rebellen ënnerscheeden sech dann och grondsätzlech vun de Schüler an hire „Fridays for Future“ well si eegenen Aussoen no bereet sinn, och Gesetzer ze brieche fir hire Fuerderungen Nodrock ze verléinen. Legal Demonstratiounen an parlamentaresch Prozesser hätten an de leschten 30 Joer net zum Duerchbroch gefouert. Aus dësem Grond wier et elo ubruecht Widderstand ze leeschten.

Berlin

De moien um 6 Auer hunn d‘Aktiviste vun „Extinction Rebellion“ zu Berlin beim Tiergarten op der Plaz „Großer Stern“ de Startschoss fir eng Woch Demonstratioun an Protest ginn. © Extinction Rebellion

Interessant bei dëser „Aktioun“, si huet – zumindest moralesch – d’Ënnerstëtzung vun der SPD. Do huet ee Versteesdemech fir d‘Ongedold an et begréisst een esouguer déi fréizäiteg Aktiounen, déi op d‘Problemer verweisen, deenen sech déi ganz Welt, also och all Mënsch, muss unhuelen, wann et och muer nach heesche soll: „Ënnerwee an d‘Zukunft“. Si verbidden sech awer och all Gewalt.

Bei de Liberalen (FDP) – wou een et géif begréisse wann een de Klimawandel den Experte géif iwwerloossen – heescht et: „Klimaaktivisten a Grénger sollten sech vun den antidemokrateschen an deels totalitären Äusserunge vun Extinction Rebellion distanzéieren“. Fir de Christian Lindner sinn d‘Blockade schon eng Form vun der Gewaltuwennung. Dat gesinn d‘Aktivisten natierlech anescht.

mat indymedia/ber

Foto: De moien um 6 Auer hunn d‘Aktiviste vun „Extinction Rebellion“ zu Berlin beim Tiergarten op der Plaz „Großer Stern“ de Startschoss fir eng Woch Demonstratioun an Protest ginn. © Extinction Rebellion

Ähnlech Sujeten Berlin, Extinction Rebellion, Klimakris, Klimanoutstand, Klimawandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel