Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Loscht op ee Bléck hannert d‘Kulisse vun den Entreprisen?
International can an older woman dating a younger man

futurescopes dating intj

Et ass schonn déi 14. Editioun vun „Dat ka Lëtzebuerg“

dislikesurprise
Cattenom ass a bleift eng Gefor, esou vill ass fir Greenpeace kloer
International can an older woman dating a younger man

Cattenom ass a bleift eng Gefor, esou vill ass fir Greenpeace kloer

Virun ee puer Wochen hat Greenpeace eng Aktioun géint d‘Atomzentral

Mësstrauensvott géint britesch Premierministesch gescheitert
International can an older woman dating a younger man

Mësstrauensvott géint britesch Premierministesch gescheitert

Et weess ee wierklech net méi op ee laachen oder

Dossier Khashoggi: Ryad verweigert d‘Extraditioun vun den Täter

Dossier Khashoggi: Ryad verweigert d‘Extraditioun vun den Täter

E Samschdeg huet Saudiarabien d‘Demande vun der Tierkei zréckgewisen, déi vu Ryad gefuerdert huet, déi 18 presuméiert Täter un Ankara ze extradéieren. Dës Individue gi staark verdächtegt, de Journalist Jamal Khashoggi an der Ambassade vun Istanbul ëmbruecht ze hunn. Washington huet Ryad gewarnt, datt d‘Kris am Zesummenhang mat dësem Mord, den noen Osten destabiliséiert.

„Dës Individuen si saudesch Bierger. Si ginn a Saudiarabien gefaange gehalen, Saudiarabien féiert d‘Enquête, an et ass déi saudiarabesch Justiz, déi sech den Ugekloten unhëlt“, esou de saudeschen Ausseminister Abdel al-Jubeir, bei der Sécherheetskonferenz zu Manama. Dat ass eng däitlech Ofso un Ankara, dat vu Ryad verlaangt, datt séi Verdächtegt extradéiert musse ginn, fir an der Tierkei dem Riichter virgefouert ze ginn, well si hätten hir Dot op tierkeschem Buedem ausgefouert.

Laut dem wat gewosst ass, wier den 59 järege Jamal Khashoggi, den 2. Oktober an der Ambassade vu Saudiarabien zu Istanbul ëmbruecht ginn. Déi tierkesch Autoritéite sinn iwwerzeegt, datt et sech hei ëm e geplangte Mord handelt, dee vu saudeschen Agenten ausgefouert ginn ass. E Fait dee vu Ryad vir d‘Éischt dementéiert ginn ass, iert d‘Dot bestätegt gouf. Déi saudesch Regierung behaapt sech drop, datt de Krounprënz Mohammed ben Salmane, näischt mat der Dot ze dinn huet.

Gefor fir d‘Stabilitéit an der Regioun

De saudesche Procureur, Saoud ben Abdallah al-Mujab, hat leschten Donneschdeg eng éischte Kéier e „premeditéierte Mord“ evoquéiert. Den US-Verdeedegungsminister Jim Mattis, huet Saudiarabien gewarnt: „De Mord vum Jamal Khashoggi muss eis alleguerte beonrouegen, well e beaflosst d‘Sécherheet an der Regioun“.

Khashoggi

Virun der saudescher Ambassade zu Istanbul waren en Donneschdeg „Mahnwaachen“ ofgehale ginn. Dës Demonstrante fuerdere vun der tierkescher Justiz Gerechtegkeet. © Yasin Akgul

„Wann eng Natioun ophält déi international Rechtsnormen ze respektéieren, schwächt se déi regional Stabilitéit zu engem Zäitpunkt, wou se am néidegsten ass“, esou de Jim Mattis, deen un der Sécherheetskonferenz vu Manama deel geholl huet.

Dëse Mord (am Kontrast zu de Krichsverbriechen am Jemen) huet weltwäit fir Kritik gesuergt, an esouguer d‘Relatioune mat Washington beschiedegt. Dobäi ass gewosst, datt dat Wäisst Haus sech besonnesch op dat saudescht Kinnekräich stëtzt, fir dem iraneschen Afloss an der Regioun Paroli ze bidden. Woubäi den Donald Trump haaptsächlech vun de Saudien enttäuscht ginn ass, well se dës Dot esou „onprofessionell“ duerchgefouert, an nach méi schlecht vertuscht hunn.

Beim „Syrien-Sommet“ zu Istanbul, hunn de franséische President, Emmanuel Macron, an déi däitsch Kanzlerin, Angela Merkel, sech fir eng „koordinéiert Positioun op europäeschem Niveau“ ausgeschwat, sollt et zu Sanktiounen – wéinst dem Mord vum Journalist – géint d‘Kinnekräich kommen. Deen Emmanuel Macron deen nach e Freideg Däitschland „Demagogie“ virgeworf huet, well Berlin et gewot hat d‘EU-Länner opzefuerderen hir Waffenexporter u Ryad ze stoppen.

E „barbareschen“ Akt

A Saudiarabien sinn 18 Verdächteger verhaft ginn, a 5 „Responsabel“ vun de Sécherheetsdéngschter vun hirer Funktioun enthuewe ginn. 2 vun hinne gëtt nogesot, datt si dem Krounprënz nogestanen hätten. Den Abdel al-Jubeir, ass dann awer iwwerzeegt, datt d‘Kinnekräich dës batter Stonn wäert iwwerstoen, a Liicht an dësem däregen Dossier wäert gemaach ginn.

„D‘Affär ass Géigestand vun enger Enquête. Mir wäerten d‘Wourecht opdecken. Déi Responsabel musse Ried an Äntwert stoen, an mir wäerte Mechanissem aféieren, fir sécherzestellen, datt sech esou eppes net widderhëlt“, esou de saudeschen Ausseminister.

Khashoggi

(v.l.n.r.) Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel, de russesche President Vladimir Putin, den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan, an de franséische President Emmanuel Macron, beim Syrien-Sommet zu Istanbul. Berlin a Bréissel hunn sech hei drop verstännegt, datt et nëmmen eng europäesch konzertéiert Positioun ka ginn, sollt et zu Sanktioune géint Saudiarabien kommen. De Konflikt am Jemen, war net Géigestand fir méiglech Mesuren. © Bertrand Guay/AFP

Elo gëtt et an dësem Dossier eng Abberzuel un onbeäntwerte Froen, an d‘Läich – oder dat wat nach dovunner iwwreg ass – hunn d‘Autoritéiten och nach net fonnt. E Fait deen den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan „beweegt“. E Freideg huet hie gefrot: „datt de Khashoggi ëmbruecht ginn ass, dat ass evident. Mee wou ass hien? Wou ass seng Läich?“.

Déi tierkesch Press an héich tierkesch Responsabel – déi net wëllen ernimmt ginn – hunn de saudesche Krounprënz als „Kapp vun der Organisatioun“ presentéiert. De Recep Tayyip Erdogan huet sech awer bis haut zréckgehalen, a mat kenger Silb de Mohammed ben Salmane beschëllegt. Den tierkesche President an de Krounprënz haten e Mëttwoch en éischt Gespréich zum Virfall.

E Freideg huet sech dann och dem Jamal Khashoggi seng Braut zu Wuert gemellt. Si fuerdert, datt all déi „Responsabel vun dëser barbarescher Dot“ bestrooft ginn. „Meng Demande ass, datt all déi wou Verantwortlech sinn, viru Geriicht gestallt a bestrooft ginn“, esou d‘Hatice Cengiz, an engem Interview op der tierkescher Chaîne Habertürk TV.

mam Sylvie Lanteaume an dem Natacha Yazbeck/AFP

Foto: Och zu Washington ass um Donneschdeg wéinst der Ermordung vum Jamal Khashoggi demonstréiert ginn. D‘Organisatioun „Code Pink“ hat zum Protest virun der saudescher Ambassade zu Washington opgeruff. © Mark Wilson/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Donald Trump, Emmanuel Macron, Jamal Khashoggi, Jemen, Jim Mattis, Krichsverbriechen, Mohammed ben Salmane, Sanktiounen, Saudiarabien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel