Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Ecran an der Famill
Neiegkeeten

Den Ecran an der Famill

D‘Welt gëtt net, si ass längst Digital. An dat bréngt

What the Fakt – De Gebuertsdag vum Här Mambo No. 5!
Neiegkeeten

What the Fakt – De Gebuertsdag vum Här Mambo No. 5!

Virun 20 Joer wousst de Lou Bega net op en

money
Merkel a Macron vertrieden zu Davos eng tugendhaft Globaliséierung
Neiegkeeten

Merkel a Macron vertrieden zu Davos eng tugendhaft Globaliséierung

Déi däitsch Kanzlerin ass nees zréck op der internationaler Bühn,

Extremsummer 2019: Dräi Hëtztwellen, Reendefizit an een Tornado

Extremsummer 2019: Dräi Hëtztwellen, Reendefizit an een Tornado

Pünktlech zum Ofschloss vum meteorologesche Summer 2019 verëffentlecht de staatleche Wiederdéngscht ASTA (Administration des Services Techniques de l’Agriculture) seng regional Wiederanalys vum 1. Juni bis den 31. August 2019. Ervir ze hiewe sinn iwwerduerchschnëttlech Summertemperaturen, mat bis zu +1,6°C laanscht d’Musel an am Süde vum Land, ronn +1,3°C am Éislek. Enn Juni, ëm de 25. Juli an Enn August hunn dräi Hëtztwellen d’Land gepräägt an a Steesel konnt bei dësem Extremsummer souguer een neien Temperaturrekord vu 40,8°C gemooss. Um 9. August huet een Tornado vun der Kategorie F2 fir grouss Schiet gesuergt. De Reendefizit war am stäerksten an der Mëtt vum Land ervirkomm, mat bis zu -102 mm zu Uerschdref.

D’Wiederdate kommen aus dem Miessnetz vun 32 automatesche Wiederstatiounen aus alle Regioune vu Lëtzebuerg. Dobäi sinn déi dësjäreg Wäerter vun de véier representative Statiounen Aasselbur (Norden), Käerjeng (Süd-Westen), Réimesch (Museldall) a Gréiwemaacher (Museldall) mat den Duerchschnëttswäerter vun der Referenzperiod 1981-2019 verglach ginn.

Déi mëttels Temperature louche bei dëse 4 Statiounen an alle Méint iwwert de Wäerter vun der Referenzperiod. Besonnesch de Juni ass mat bis +2,7°C zu Aasselbur besonnesch waarm ausgefall. De Juli dogéint huet mat Ofwäichunge vu +0,4°C och zu Aasselbur déi geréngst Ofwäichunge vun den 3 Summerméint opgewisen.

Extremsummer

Ofbildung 1: D’Dagesmëtteltemperaturen vum Summer 2019 zu Käerjeng (rout) am Verglach zur Referenzperiod 1981-2019 (blo). Definéiert gëtt dat Ganzt duerch de gemëttelte Minima a Maxima vun der Dagesmëtteltemperatur (gro).

Wéi op der Ofbildung 1 ze erkennen ass, ass Enn Juni déi éischt Hëtztwell op eis zougerullt an huet um 30. Juni hire Maximum erreecht. No enger liichter Ofkillung Ufank Juli, mat relativ kalen Nuechten, huet sech dunn déi zweet Hëtztwell fir de Summer 2019 ugekënnegt. Um 25. Juli gouf bei allen 32 Statioune vun der ASTA Dagesmaximalwäerter iwwer 35°C gemooss. Bei 4 Statioune konnte souguer déi 40°C iwwerschratt ginn. Den absolute Maximum ass zu Steesel mat 40,8°C festgestallt ginn, wat een neie Rekord säit dem Ufank vun de Wiederopzeechnungen am Joer 1838 duerstellt. D’Temperaturen an den éischten 3 Augustwoche ware relativ no un der laangjäreger Mëtt, mee de Summer huet mat 3 Hëtztwellen, déi allerdéngs net esou staark ausgepräägt ware wéi am Juni a Juli, Äddi gesot.

Déi héich Temperaturen hunn ëmmer erëm zu labille Loftmasse gefouert, an deene lokal Wiederen entstane sinn. Um 19. Juni huet dat am Nordweste vum Land zu Knëppelsteng gefouert. Um 9. August huet sech schliisslech een Tornado vun der Kategorie F2 am Südweste vum Land entwéckelt an huet fir grouss Schiet gesuergt.

Besonnesch naass war et net

D’Nidderschlagszommen am Summer 2019 ware landeswäit ënnert de laangjärege Wäerter. Wéi op der Ofbildung 3 ze gesinn ass, war de Reendefizit an der Mëtt vum Land, laanscht d’Linn, déi un Uerschdref op Gréiwemaacher féiert, am stäerksten ausgepräägt.

Extremsummer

Ofbildung 3: D’Differenz vun den Nidderschlagszommen vum Summer 2019 an der Referenzperiod 1981-2010. Anomalien vun den Nidderschlagszommen bei den ASTA-Statiounen sinn a Blo duergestallt.

D’Ofbildung 2, sou wéi d’Tabell 2 weisen, datt zu Uerschdref a Käerjeng virun allem de Juli een enormen Defizit opgewisen huet (-32 mm zu Käerjeng). U béide Statiounen am Museldall konnt an alle Méint een Defizit festgestallt ginn. Zu Réimech konnten am Juli just 17 mm opgezeechent ginn. Dës ënnerduerchschnëttlech Zommen, a Kombinatioun mat den héijen Temperaturen, hunn zu enger staarker Ausdréchnung vun de Biedem gefouert.

Extremsummer

Ofbildung 2: D’Nidderschlagszomme vum Summer 2019 (rout) am Verglach zur Referenzperiod 1981-2010 (blo) zu Aasselbur, Gréiwemaacher, Käerjeng a Réimech.

All d’Daten vun den 32 ASTA Wiederstatioune kënnen op www.agrimeteo.lu ofgeruff ginn.

Ähnlech Sujeten ASTA, Dréchent, Extremsummer 2019, Hëtztwell, Reendefizit, Tornado
Nächsten Artikel Virrechten Artikel