Gault&Millau presentéiert de Guide des Chocolatiers
Fir déi drëtte Kéier proposéiert de Gault&Millau eng exklusiv Selektioun
Fir déi drëtte Kéier proposéiert de Gault&Millau eng exklusiv Selektioun
Um haidege Samschdegowend sollen déi italienesch Deputéiert, der Regierung d‘Vertrauen
Déi europäesch Zentralbank (EZB) soll haut déi nei Previsioune verëffentlechen, déi hirem Optimismus géintiwwer dem Wuesstem an der Euro-Zon gerecht gëtt. Dobäi wäert se sech awer am Bezuch op eng monetär Zënserhéijung zréckhalen.
Beim Treffen zu Frankfurt, dierft de Conseil vun de Gouverneuren sech fir de fënneften Trimester a folleg, op déi makroekonomesch Projektioune vum Institut fir d‘Euro-Zon beruffen. Berécksichtegt ginn dann hei awer och d‘Donnéeë vun de leschte Méint.
Am Oktober hat d‘EZB vum Mario Draghi säi Vertrauen an den Opschwong ënnerstrach. En Opschwong, deen zugläich och nees eng liicht Inflatioun kéint generéieren. Wourunner de fréiere Goldman Sachs Mataarbechter dat festmécht, geet aus den Ausféierungen net ervir.
Op enger Linn mat der EU-Kommissioun, déi an de leschte Méint seng Previsiounen zum BIP no uewe rektifizéiert huet, kéint och d‘EZB sengersäits hir Previsiounen ëm 2,1% hiewen. Am September hunn déi nach bei 1,8% fir 2018 geleeën. Fir 2019 ass een dann nees bei den 1,8% (wou een op 1,7% ausgeriicht war). Dat zumindest ass d‘Meenung vum Fréderik Ducrozet, Ekonomist bei Pictet Wealth Management.
Zu der Inflatioun, e ganz wichtegt Element fir déi monetär-politesch Ausriichtung an der Euro-Zon, erwaarden sech och d‘Mäert eng kleng Erhéijung. A wann et nëmme wéinst dem Präis vun engem Faass Pëtrol (Brent) wier, deen aktuell eppes iwwer 63 US-Dollar gehandelt gëtt. Hei hat d‘EZB sech un engem Präis orientéiert dee gutt 10 Euro méi niddreg ass.
Aktuell baséieren d‘Previsioune vun der EZB op enger Hausse vun de Präisser déi 2017 bei 1,5% leie soll. 2018 soll dës Hausse op 1,2% fale fir dann 2019 op 2% ze klammen. Dat léisst dann och net op grouss Verännerunge schléissen.
Dogéint, esou de Gilles Moec, Ekonomist vun der Bank of America, „ass d‘Previsioun fir 2020 op der Linn mat den Objektiver déi sech d‘EZB gesat huet“. Et géif also vun der EZB d‘Signal ausgoen, datt een Enn 2018 wéilt ophalen d‘Aktiva (quantitative easing – QE) um Maart opzekafen.
Am Oktober awer ass un dësem Programm festgehale ginn, deen nach bis September 2018 soll duerchgefouert ginn. Dann awer mat engem reduzéierte Rhythmus, vu 60 op 30 Milliarden/Mount, ab Januar 2018.
Elo ass awer keen „Enn“ fir de QE beschloss ginn. Dat obwuel sech eng Minoritéit am Conseil dergéint ausgeschwat huet. Dorënner och den Jens Weidmann, President vun der däitscher Zentralbank, dee sech fir eng ganz aner Richtung asetzt.
Zu den „Taux Directeurs“ ass ze soen, datt kee sech eng Ännerung erwaart. D‘Banke sollten also och weiderhin zum Taux „0“ bei der EZB u Geld kommen. Op der aner Säit mussen se weiderhi bezuelen, wa si Geld bei der EZB „parken“ dat net direkt gebraucht gëtt. Den Taux fir den Depot läit aktuell bei -0,4%.
D‘EZB, och wann se d‘Ofhängegkeet vun der Wirtschaft um QE wëll erofsetzen, kann net den Zënssaz spronghaft veränneren. Dat hätt nämlech zur Folleg, datt de Wäert vun Euro och géif zouhuelen, wat sech negativ op d‘Präisser géif auswierken.
Fir eng Erhéijung vum Zënssaz ass et also nach vill ze fréi. Dat ka beschtefalls nom Enn vum „QE“ an d‘A gefaasst ginn, also fréistens 2019.
Wéi all d‘Zentralbanken op der Welt, ass och d‘EZB engem Wuesstem an engem positiven Aarbechtsmaart ausgesat, ouni datt d‘Inflatioun nokënnt. Dat soll – am klassesche Sënn – awer net de Fall sinn. D‘Erhéijung vun de Léin ass ze geréng fir datt se sech op d‘Präisser kéint auswierken. An dat obwuel de Chômage an der Euro-Zon ënner 9% gefall ass, wat et säit 2009 net méi ginn huet.
Bei der EZB ass een awer der Usicht, datt déi Faktoren déi aktuell eng Erhéijung vun de Léin agrenzen, dorënner d‘Lounbrems déi verschidde Länner brauche fir nees präislech kompetitiv ze ginn, sech lues awer sécher a wuelgefale wäerten opléisen.
mam Jean-Philippe Lacour/AFP
Foto: © Daniel Roland/AFP