Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CGFP: „D‘Zousazofkommes am ëffentlechen Déngscht muss integral ëmgesat ginn!“
Geek Kultur dylan dating

https://moien.lu/online-dating-search-without-joining/

A senger leschter Sëtzung virun der Summerpaus, hat e Méindeg

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen
Geek Kultur dylan dating

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen

Sechs Méint nodeems d‘USA d‘Nuklearofkommes mam Iran zerrappt hunn, huet

Orange Week: Mobbing op der Aarbechtsplaz!
Geek Kultur dylan dating

Orange Week: Mobbing op der Aarbechtsplaz!

Vill Mënsche waren a sinn och haut nach op der

geek

F is for Family – Eng Serie vun den Extremen

F is for Family – Eng Serie vun den Extremen

F is for Family ass net ëmmer ganz einfach fir gären ze hunn. Heiansdo probéiert d’Serie sech selwer mat krassem Splatter an Plattitüden ze iwwertreffen. Mee wann d’Serie fonctionnéiert, da weess se ze gefalen. An zum Gléck ass déi zweet Staffel gréisstendeels op der gudder Säit vun dësen zwee Extremen.

F is for Family konzentréiert sech op eng „typesch” amerikanesch Famill an den 70er Joren. De Papp huet an der zweeter Staffel keen Job, ass desillusionéiert vum amerikaneschen Dram, an am Stot kraacht et och. D’Sue, d’Fra am Stot, iwwerhëlt d’Familjeféierung, wat dem éischter konservative Familjepapp natierlech zousätzlech zousetzt. A während dem hunn d’Kanner och hier eege Problemer. Dobäi ass villäicht d’Maureen, dat jéngst, dat probéiert an de Computer-Kuer vu senger schoul ze kommen, schonn eleng dowéinst interessant, well et sech net ëm d‘Geschlechterbild vun hirer Zäit këmmert.

Rebelliounen

Et sinn virun allem déi liicht subversiv Stréimungen, déi d’Serie an der zweeter Staffel reizvoll maachen. Dem Frank seng Frëndschaft mat sengem schwaarzen Patron ass grad sou duerchsat mat ënnerschwellegem Kommentar wéi d’Frëndschaft mat sengem Mataarbechter aus der éischter Staffel. An senger Neiverhandlung vun Geschlechterrollen fënnt d’Serie och en nennenswäerten Dreiwer fir d’Konflikter: Tëscht Mamm a Papp stëmmt d’Welt net méi, well de Papp net méi fir den Akommes suergt. Do dobäi kommen dann déi „typesch” pubertär Problemer vum Kevin, deen virun allem seng jugendlech Rebellioun entdeckt.

All dat ass mat de Spurenelementer vu mënschlechem Drama duerchsat a fonctionnéiert prächteg. Och wéinst de bäissende Witzer. Mee d’Serie trëllt oft genuch iwwert sech selwer: Witzer iwwert iwwergewiichteg Leit, deels eklatanten Sexismus, deen zwar oppe geluecht, awer ëmmer nach sexistesch ass gekoppelt mat Splatter, deen definitiv net jidderengem säi Goût ass, kënnen een verdreiwen.

An dach gesäit een driwwer ewech. Déi zéng Episoden loossen een net einfach esou lass an den Dialog a Witz verréit deels seng Hierkonft, schaffen hei dach deels Veteranen vun de Simpsons mat. Bei wäitem net déi schlechtsten Animatiounsserie fir Erwuessener.

Déi éischt zwou Staffele vun der Serie sinn op Netflix ze gesinn

Fotoen: Netflix

Ähnlech Sujeten Animatioun, F is for Family, Netflix, Serie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel