Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
E neie Schapp an eng nei Zär, esou kann ee schaffen
International Neiegkeeten Sport

E neie Schapp an eng nei Zär, esou kann ee schaffen

Um Site vun der Stëmm vun der Strooss zu Schëndels

Henderson huet déi gréisste Belaaschtung mat Plastiksoffall
International Neiegkeeten Sport

Henderson huet déi gréisste Belaaschtung mat Plastiksoffall

Eng vun den isoléiertsten Insele vun der Welt, geleeën am

D‘Piratepartei stellt fest datt et um Krautmaart u Mediekompetenz feelt
International Neiegkeeten Sport

D‘Piratepartei stellt fest datt et um Krautmaart u Mediekompetenz feelt

An engem „batter-séissen“ Communiqué huet sech d‘Piratepartei zu #Chamberleaks geäussert.

F91 Diddeleng vs Betis Sevilla: Eng gutt Virstellung

F91 Diddeleng vs Betis Sevilla: Eng gutt Virstellung

Den zweeten Dag vun der Europa League, huet déi Diddelenger an de Stadion Villamarin vu Sevilla entfouert, wou sich sech engem zolitte Géigner ze stellen haten. Woubäi ze bemierken ass, datt den Trainer vu Betis Sevilla net op seng Stammmannschaft zréckgegraff huet.

Et soll een elo awer net mengen, dat wier e Mangel u Respekt géintiwwer dem F91, mee de Quique Setien weess, datt et an dräi Deeg géint den Atletico Madrid am Championnat eng haart Noss gëtt, an huet op „Sécherheet gesat“. Zudeem kann een zu kengem Ament behaapten, datt d‘Spuenier dës Renconter op déi liicht Schëller geholl hätten.

An d‘Bouwe vum F91 Diddeleng si géint de Betis Sevilla ugetrueden, wéi een et mëttlerweil vun hinne gewinnt ass: voll Motivéiert, awer mat Rou a Respekt virum Géigner. Datt den F91 net de wäite Wee op Sevilla gemaach huet, fir déi 32 C° am Schied ze genéissen, dat huet androcksvoll de Jordanov an der 2. Minutt bewisen.

Säi Schoss aus gutt 20 Meter hat de Goalkeeper vu Sevilla (Robles) richteg erausgefuerdert. Profi duerch an duerch, mee och mat eppes Gléck, konnt dësen sech „laang“ maachen, an dat schlëmmst verhënneren. Mat der „Äktschen“ war et duerno eppes eriwwer, well de Betis Sevilla et verstanen hat seng Dominatioun iwwert d‘Säite mat laange Flanken ze ënnermaueren.

E wierklech nennenswäerte Virdeel konnten si sech hei awer nach net erausspillen. Zwee „Hären“ hunn et dem Quique Setien senge Spiller net einfach gemaach: de Prempeh an de Schnell, konnten hir Kappballstäerkt ënner Beweis stellen. Besser ausgedréckt, si ware Meeschter am eegene 16 Meter Raum, an konnten zefridde mat engem 0:0 an d‘Paus goen.

Staark Leeschtung vum Betis-Goalkeeper

Déi zweet Halbzeit huet fir Diddeleng ugefaange wéi déi éischt: an der 47. Minutt hat den Turpel de Goal reegelrecht um „Kapp“ leien. Mee wat soll ee soen. De Robles huet och dës wierklech immens Goalchance vum F91 mat enger grandioser Parad gekontert. Dat soll awer schonn ënnermaueren, datt déi Diddelenger sech net lompe gelooss hunn, an op de géigneresche Goal duergehalen hunn.

Elo muss ee sech natierlech bewosst sinn, datt och e Betis Sevilla net aus Zoufall an der Europa League matmëscht. Fussball huet eng gewësse Logik, an déi huet an der 56. Minutt zum éischten Treffer vu Sevilla, duerch de Sanabria, gefouert. Dem Dino Toppmüller seng Männer, hunn dann och en Abléck gebraucht fir sech nees ze fannen.

Nodeems d‘Jonge vum F91 sech erkritt haten, hu si dann och nees zolidd matgehalen. A fir dann eng wichteg Remark lass ze ginn: natierlech haten déi Diddelenger, well Sevilla de Ball beherrscht huet, vill Kraaft hänke gelooss. Si hu sech net ginn, an alles versicht den Ausgläich hinzekréien, wat derzou gefouert huet, datt sech vill Fräiraim opgedoen hunn.

Méi Aluedung huet Betis Sevilla dann zum Enn vum Spill och net gebraucht. An der 80. Minutt huet de Lo Celso den 2:0 geschoss. De Goalkeeper vum F91 konnt sech deem net erwieren, a well e Malheur seelen eleng kënnt, huet de Frising, no engem gutt placéierte Schoss vum Tello, an der 89. Minutt nach emol missen „hannert sech gräifen“.

De Betis Sevilla huet sech mat dräi Goaler géint eng iwwerzeegend Lëtzebuerger Equipp behaapt. Déi Diddeleng kommen dann awer mat erhuewenem Kapp nees zréck. Si hu sech keen Ament eng Bléist ginn, iwwer laang Strecken de Géigner behënnert, d‘Raim bis zur leschter Schweessdrëps verdeedegt an zou gemaach. Fazit: den F91 huet seng Stad a säi Land gutt vertrueden. Dofir Merci.

Foto: De Verdeedeger vum F91 Diddeleng, Melisse, huet sech gutt géint de Stiermer vum Betis Sevilla, Leon, duerchgesat kritt. © Cristina Quicler/AFP

Ähnlech Sujeten Betis, Diddeleng, Europa League, F91, Sevilla
Nächsten Artikel Virrechten Artikel