Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Campagne „Gitt Siichtbar“: Well et heiansdo gutt ass opzefalen!
Neiegkeeten Sport

Campagne „Gitt Siichtbar“: Well et heiansdo gutt ass opzefalen!

Wéi all Joers ass et wichteg a leider och néideg

5 Saache, déi s de maache kanns, elo datt de Gemengewahlkampf eriwwer ass
Neiegkeeten Sport

5 Saache, déi s de maache kanns, elo datt de Gemengewahlkampf eriwwer ass

Haut gi mer all Wielen. An domatter ass de Wahlkampf

moneysurprise
De Mario Centeno aus Portugal ass neie Chef vum Eurogroupe
Neiegkeeten Sport

De Mario Centeno aus Portugal ass neie Chef vum Eurogroupe

De Portugisesche Finanzminister ass vu sengen Homologen un d‘Spëtzt vun

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter

D‘Aventure „Europa League“ knabbert un de Kräfte vun den Diddelenger

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter

Wann ee bedenkt datt e sëllechen „Experten“ den Olympiakos Piräus als dee „Géigner“ betruecht hunn, deen dem F91 am beschte sollt leien, esou konnt ee gëschter Owend am Stade Josy Barthel feststellen, datt et bis ewell d‘Griiche sinn, déi et den Diddelenger am schwéierste gemaach hunn.

Et dierf een drun erënneren datt den Trainer vum F91, Dino Toppmöller, am Virfeld zum Match d‘Aschätzung vun den Experten net gedeelt huet, an den Olympiakos als ee ganz „staarke Géigner“ bezeechent hat. Mee no de gudde Prestatioune géint den AC Milan an de Betis Sevilla, waren déi Lëtzebuerger Supporter voller Hoffnung, an entspriechend motivéiert.

An Diddeleng konnt de Griichen iwwert laang Strecken de Bass halen. Et huet vill Kraaft kascht am Stade Josy Barthel d‘Raim kleng ze halen, d‘Verdeedegung ze entlaaschten an de géigneresche Goal unzesteieren. D‘Spiller vum Olympiakos hunn den Drock héich gehalen, a sinn intelligent op dem F91 säi Spill agaangen. Hir Gedold sollt an der 66. Minutt belount ginn.

D‘Griiche ware „gedëlleg“

Hat et an der éischter Halbzeit nach deels „equilibréiert“ ausgesinn, esou huet sech an den éischte Minutten no der Paus e neit Bild gewisen. Den Olympiakos huet ugefaangen sech am Diddelenger 16 Meter Raum „breet“ ze maachen, an d‘Chancen op 1 Punkt hunn sech ëmmer méi verréngert.

Wéi sech den Torosidis dunn an der 66. iwwert d‘Käpp vun der Diddelenger Defense erhuewen huet, sollten d‘Ustrengunge vun de Griiche belount ginn. Fir de Goalkeeper vum F91 net méi ze halen, huet sech de weidere Spillverlaf un dëser Aktioun orientéiert. Diddeleng huet sech net méi dierfen op eng „Konter-Chance“ verloossen, a Risiken op sech geholl.

D‘Griichen, déi matkritt hunn, datt den Diddelenger d‘Kraaft ausgaangen ass, hunn „gehënnert“ wou se konnten. An der 81. Minutt geléngt dem Fortounis sengem Numm all Éier ze maachen, a mam 2:0 d‘Spill ze entscheeden. An awer konnt sech den F91 ganz geféierlech am Strofraum vum Géigner weisen. Den Turpel hatt schlussendlech net déi Reussite déi jiddereen him vergënnt hätt.

Ähnlech Sujeten Diddeleng, Europa League, F91, Olympiakos PIräus, Stade Josy Barthel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel