Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fräi Tribün: Schluss mat der Amëschung an der Aggressioun géint Venezuela
https://moien.lu/funny-dating-adverts/ Kultur what to do when you hook up with your guy friend

dating in the workplace laws florida

„Mir veruerteelen d‘Eskalatioun vun der Amëschung an dem Versuch vun

https://moien.lu/zhengzhou-dating/
https://moien.lu/funny-dating-adverts/ Kultur what to do when you hook up with your guy friend

What the Fakt – Haut gëtt gedanzt, an zwar Lindy Hop!

Um haitege 26. Mee feiert een zu Éiere vum international

Eis jonk Lëtzebuerg zu Buenos Aires: den zweeten Dag
https://moien.lu/funny-dating-adverts/ Kultur what to do when you hook up with your guy friend

Eis jonk Lëtzebuerg zu Buenos Aires: den zweeten Dag

Um zweete Spilldag zu Buenos Aires muss sech Tennisspillerin Eléonora

Faarwefrout Andalusien: Wann d’Sonn aus dem Häerz kënnt

Faarwefrout Andalusien: Wann d’Sonn aus dem Häerz kënnt

Andalusien gëllt als zweetgréisst a südlechst vun de 17 autonome Regioune vu Spuenien. Ob een elo no enger einfacher sonneger Strandvakanz, touristeschen Attraktiounen oder och historeschen Artefakten sicht, seng 8 Provënzen hu fir all Goût eppes ze bidden. Moleresch Kulissen, pittoresk Stied an architektonesche Meeschterwierker waarden op Iech!

Déi südlechste Beräich vu Spuenien gëtt Andalusien genannt. Mat 17,3% Territoire vun der ganzer Fläch vum Land, oder och 87.268 km² ass d’Regioun méi grouss wéi d’Belsch, d’Schwäiz oder Dänemark. Als Schnëttstell tëscht Afrika an Europa gëtt Andalusien scho säit Joerhonnerte vun zuelräiche Kulture vergëttert. Ronn 8 Millioune Mënsche liewe fest hei, wärend nach méi Touristen all Joer Andalusien besichen (7,5 Milliounen am Joer 2013).

Mat senge villsäitege Landschaften, déi ënnert anerem aus mëttelhéije Bierger, Vulkanlandschaften, der Tabernas-Wüst oder och grénge beliefte Fläche besteet, erweist sech de Süde vu Spuenien als perfekt Reeszil fir jiddwereen, deen och an Europa gäre vun engem waarmen dréchene Summer, oder och mëlle fiichte Wanter profitéiere wëll. Déi mëttelst Jorestemperature leien nämlech am Inland tëscht 16 an 18°C, un der Küst bei ëm 20 °C. Virun allem un der Costa del Sol kann et an de Summerméint gäre mol bis zu 40 °C ginn.

Dobäi sinn et de Floss Quadalquivir an d’Mëttelmier, déi als Quell vum Liewe fungéieren, wärend den Atlantik eng angenehm Lëftche mat sech bréngt. Déi andalusesch Küst bitt mat sengen 900 Kilometer genuch Plaz fir Erhuelung um Strand an Ënnerhalung an den Dierfer, respektiv Stied. Ee Genoss!

Eleng mat der Natur an de Landschaften ass et awer nach laang net gedoen: Eng fantastesch Offer u monumentale Stied, déi Traditioun a Modern verbannen, waart op all Entdecker. Gutt ausgebaut Infrastrukturen, Häerzlechkeet an d’Bäibehale vun der eegener Geschicht suerge fir den idealen Ausgläich.

Andalusien ass ënnerdeelt an aacht Provënzen, déi mat hirer beandrockender Geografie, prächtege Stied an engem Hauch orientalescher Schéinheet begeeschteren. Sief et dat aussergewéinlecht architektonescht Ierwen, d’Traditioun oder och déi elegant frësch Modernitéit, de Süden hält esou munch Schätz bereet.

Andalusien

D’Festung Alcazaba an der Provënz Almería

  • Almería: Mat senger Küstelinn vun 200 Kilometer hält d’Provënz zuelräich Stränn bereet. D’Landschaft an dat ideaalt Klima schafen den optimale Kader fir d’Entwécklung vun der Filmindustrie. Als qualitativ héichwäertegt Vakanzenzil kann een am Oste vun den FKK-Ofschnëtter profitéieren, wärend am Westen d’Friemverkéierskomplexer och usprochsvoll Reesend glécklech maachen. Wou Mier a Wüst sech treffen, do entsteet eent vun de fruuchtbaarsten Ubaugebidder mat der héchster Produktivitéit um Kontinent.Touristesch Highlight sinn hei déi mauresch Festung Alcazaba, d’Kathedral, de Maart an Hafen, sou wéi zuelräich kleng Muséeën a Gallerien.
Andalusien

D’Provënz Cádiz

  • Cádiz: Eng räich Diversitéit u Kultur a Landschaft sinn eng Rees wäert. Just 14 Kilometer vun Afrika ewech ass dëst déi südlechst Provënz vun der iberischer Hallefinsel. Laanscht déi 260 Kilometer laang Atlantikküst leie besonnesch vill Stränn mat rengem Sand, wouduerch d’Küst och den Numm Costa de la Luz (Küst vum Liicht) dréit. Besonnesch ze recommandéiere sinn d’Sherry-Wäikeller vu Jerez, déi Wäiss Dierfer an déi sougenannt Stéierroute.Spannend sinn awer och beispillsweis d’Plaza de San Juan de Dios mat dem Gemengenhaus an der Kierch, de Réimeschen Theater, d’Kathedral an de Maart, sou wéi den Tavira-Tuerm. Nennenswäert sinn awer och d’San Sebastian Buerg, d’Festung Santa Catalina oder direkt hei dobäi de Genovés-Park.
Andalusien

D’Provënz Córdoba

  • Córdoba: Déi fréier Haaptstad vum arabesche Spuenien ass zugläich d’Haaptstad vun der Provënz mam selwechten Numm a befënnt sech am Zentrum vun Andalusien. De bekannte Floss Guadalquivir leeft dobäi vum Osten a Richtung Westen. D’Géigend punkt landschaftlech gekuckt awer och duerch d’Sierra Morena, wou eng immens Diversitéit un Déieren heemesch ass. Spuren vun enger räichhalteger Vergaangenheet, d’Bäibehale vun Traditiounen an eng fantastesch gastronomesch Offer gi sech hei d’Hand. Mat éischtklassegem Olivenueleg an exzellente Wäiner gëtt all Restaurantsbesuch zum Erliefnis.Virun allem d’Mezquita, een architektonescht Meeschterwierk vun der islamescher Baukonscht sollt hei um kulturelle Programm stoen. D’Buerg vun Almodóvar del Río, den Alcázar, den Torre de la Calahorra, d’Palaststad Medina Azahara an de Viana-Palast maachen dës Provënz zu engem historeschen Higucker. Net vergiesse sollt een awer déi faarweg Blummegaas Calleja de las Flores, de Stauséi vun Iznájar oder och d’Casa Andalusí am ehemolege jüddesche Véierel, de ebekannt ass fir seng pittoresk bannescht Häff.
Andalusien

D’Alhambra an der Provënz Granada

  • Granada: D’Provënz steet fir Musek, Poesie, Baukonscht an eng laang Kultur. Vun der Sierra Nevada bis hin zu beandrockende Stied, moleresche wäissen Dierfer a Stränn un der Costa Tropical kënnen dem Tourist seng Aen nëmme liichten. D’Klima erméiglecht souguer mëll waarm Summer a Wanter, an deenen ee Ski fuere kann.Ouni d’Alhambra, dat berühmtst a meescht besichtegt Sehenswierdegkeet gesinn ze hunn, dierf een hei net ofreesen. Dobäi kënnt déi monumental Kathedral, d’Alstad, d’Klouschter Monasterio de San Jerónimo oder och den Hielemusée vu Sacromonte. Wien ee Souvenir mat Heem huele wëll, fir dee bitt sech d’Alcaicería an d’Albaicín, den eelste Véierel vun der spuenescher Stad Granada un.
Andalusien

D’Kathedral vun Huelva © Daniel Csörföly

  • Huelva: Geleeën am Weste vun Andalusien grenzt d’Provënz u Portugal un. Un der Küst invitéiert d’Sonn quasi dat ganzt Joer iwwert fir um Strand ze entspanen. Déi traditionell wäiss Dierfer iwwerzeege mat moderner Ariichtung. Am Biergbaugebitt sinn nach al Spure vun der Kultur vun den Tartessier ze fannen. D’Küsteregioun ass virun allem bekannt fir seng lecker Mieresfriichten an de Fësch, woubäi d’Land éischter mat Schwéngefleesch a Biergchampignonen d’Gastronomie beräichert.Zuelräich Kierchen, d’Grott vun de Wonner an d’Buerg vu Cortegana waarden op Iech. Nieft gemitterleche Stonnen um Strand, wéi wier et mat enger Visitt vum Ham-Musée, deen de perséinleche Gourmet erwäche léisst?
Andalusien

Jaén – bekannt fir seng éischtklassesch Oliven!

  • Jaén: Wonnerschéin Naturlandschaften a beandrockend Denkmaler an de Stied an Dierfer halen d’Erënnerung un d’Vergaangenheet wakereg. Natierlech sinn déi historesch Kierchen, Kathedralen a Buergen een absoluten Dram fir d’Guckelcher, an awer ass d’Géigend bekannt fir déi eemoleg Qualitéit vum Olivenueleg.Dës weideren huet d’Welthaaptstad vum Olivenueleg ee beléift Véierel mat Bistroen an der Alstad ze bidden. Iwwer 100 Joer hunn déi meescht Tavernen schonns um Bockel. Domat hu se räichlech Erfarung gesammelt fir déi bescht Tapas a Bocadillos ze zervéieren. Mmmhh…
Andalusien

D’Provënz Málaga bei Nuecht

  • Málaga: D’Provënz kann op eng Joerdausenden al, kosmopolitesch Vergaangenheet zeréck blécken. D’Mëttelmierkultur kënnt besonnesch hei duerch seng gaaschtfrëndlech Leit eraus, woubäi een ouni kale Wanter jo nëmme gutt gelaunt ka sinn. Wien d’Bierger erklëmmt, dee kann op een Horizont blécken, dee sech an der bloer Onendlechkeet verléiert. Mat 15 Naturschutzgebidder, rouege Bëscher an idyllesche Flëss huet Málaga schonn eleng a Punkto Natur villes ze bidden.Geet een an de kulturelle Beräich iwwer, ass de Museo Picasso, de Museo Carmen Thyssen an de Centre Pompidou ze recommandéieren. Déi al Maarthal Atarazanas representéiert déi wonnerschéin Architektur vu Málaga aus dem 19. Joerhonnert. Sollt dat näischt fir Iech sinn, wéi wier et mam Botanesche Gaart oder der Santa Iglesia Catedral Basílica de la Encarnación?
Andalusien

De Metropol Parasol zu Sevilla

  • Sevilla: Et ass net nëmmen eng Provënz, mee och nach d’Haaptstad vun Andalusien. Ee reegelrechte Mosaik aus Kultur an Natur setzt sech hei zesummen: Wärend een op der enger Säit d’Bierger a grouss Fiichtgebidder huet, kann ee bei der Stad Sevilla net ophalen ze staunen. Bekannt fir d’Plaza de España mat sengen hallefkreesfërmege Gebaier weess een direkt, op wéi ee Spektakel ee sech aléisst. Einfach nëmme wow!Nei ass de Metropol Parasol, déi gréisst Holzkonstruktioun vun der Welt a modernt Emblem vu Sevilla. Op all Sithseeinglëscht gehéiert den Alcázar, d’Giralda a Kathedral, de Maria Luisa Park an – wann en déi spuenesch Traditioun ënnerstëtze wëll – d’Stéierkampfarena mat eegenem Musée.
Ähnlech Sujeten Alhambra, Almería, Andalusien, Cádiz, Centre Pompidou, Córdoba, Geschicht, Granada, Huelva, Jaén, Málaga, Metropol Parasol, Natur, Olivenueleg, Plaza de España, Provënz, Sevilla, Sherry, Spuenien, Tourist
Nächsten Artikel Virrechten Artikel