Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg
Neiegkeeten

Editorial: Fondatioun IDEA gëtt sech mëtschgieweg

Wann ee bedenkt, datt déi meescht Parteien et antëscht verstanen

Wat sech ab haut bei eise belschen Noperen ännert
Neiegkeeten

Wat sech ab haut bei eise belschen Noperen ännert

D‘Reprise an der Belsch war schonn e Sonndeg agelaut ginn.

Europacup Volleyball 2018: De gudde Wëllen eleng geet net duer
Neiegkeeten

Europacup Volleyball 2018: De gudde Wëllen eleng geet net duer

Um Mëttwoch stoungen sech an der Sportshal vu Stroossen, d‘Männer

Faarwege Belag fir méi Sécherheet op de Stroossen?

Faarwege Belag fir méi Sécherheet op de Stroossen?

An eisen Uertschaften si fir Autosfuerer nëmme 50 Km/h erlaabt. Dat gëtt och Konsequent am ganze Land mat Schëlter ugekënnegt. Mee geet dat duer? Oder mussen nach méi offensichtlech Mëttel agesat ginn, fir d’Fuerer doropper hin ze weisen, datt méi lues gemaach soll ginn?

Den CSV-Deputéierten Ali Kaes freet sech, an den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng), op den Asaz vu faarwegem Belag net zousätzlech kéint dozou bäidroen, datt d’Autofuerer op den Ufank vum Duerf opmierksam gemaach gëtt. De François Bausch beschreift a senger Äntwert, datt dëst deelweis schonn de Fall ass: Virun allem bei verkéiersberouegte Plaze ginn esou faarflech Signaler agesat.

Eent vu ville Mëttelen fir méi Sécherheet ze schafen

Esou heescht et an der Äntwert: Faarflech Markéierunge vum Stroosseraum ginn an der Reegel agesat fir eng Zone mat verkéiersberouegtem Trafic unzekënnegen. Sou weisen Zebrasträifen déi mat rouder Faarf ënnerluegt si landeswait d’Entrée an eng 30er-Zone un. Giele Stroossebelag dogéint weist op en Tronçon vu Staatsstroossen hin, wou d’Vitesslimitatioun 30 km/h ass.

Den Infrastrukturminister ass der Usiicht, datt den Asaz vun esou Markéierunge mat Moosen ze genéisse wier. Wann ze oft oder flächendeckend d‘Uertschaften esou mat optesche Markéierungen ugekënnegt géife ginn, da géifen d‘Fuerer net méi erkennen, sech an enger aussergewéinlecher Situatioun befannen. Woumatter de gewënschten Effet verschwanne géif.

Esou Mesurë wieren natierlech och nëmmen als Nosuerg ze betruechten.

Dobäi géif de Guide vun de Permissions de voirie virgesinn, datt oniwwersiichtlech „entrée en localité“ zousätzlech gekennzeechent dierfe ginn. Konstruktiv Ännerunge wieren och méiglech.

Esou Mesurë wieren natierlech och nëmmen als Nosuerg ze betruechten. Eng adequat Formatioun vun de Fuerschüler a reegelméisseg Vitesskontrolle géife méi dozou bäidroen, datt d‘Autosfuerer sech un d‘Vitesse géifen halen.

Ähnlech Sujeten Aly Kaes, François Bausch, Lëtzebuerg, Sécherheet, Transport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel