Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Ausseministère informéiert zur Arees a Groussbritannien
Stories

Den Ausseministère informéiert zur Arees a Groussbritannien

Duerch déi aktuell Entwécklung vun den Infektiounszuelen huet Groussbritannien eng

Genf: Vum Respekt an der Ausféierung vun de Mënscherechter
Stories

Genf: Vum Respekt an der Ausféierung vun de Mënscherechter

Den Ausseminister Jean Asselborn huet un der 43. Sitzung vum

natur&ëmwelt: D’Naturschutzaktivitéite vum Januar 2020
Stories

natur&ëmwelt: D’Naturschutzaktivitéite vum Januar 2020

Zu den Haaptaktivitéite vun natur&ëmwelt gehéiert de Schutz vun ekologesch

Facebook gëtt deng Donnéeë weider. Mee wéi eng Alternativen hues du?

Et ass bal onméiglech, Facebook ze ersetzen. Bal.

Facebook gëtt deng Donnéeë weider. Mee wéi eng Alternativen hues du?

Net eréischt zënter der Affär mat Cambridge Analytica ginn et ëmmer méi Leit, déi gäre Facebook wëllen opginn. Mee schnell mierkt een, datt dat guer net esou einfach ass. Well villes an eisem digitale Liewe gëtt vun dësem Netzwierk aus gemaacht. Facebook probéiert zënter Joren, esou zimlech all Service a sech selwer ze integréieren. Mee et ginn Alternativen. Mir soen iech, wéi eng.

Et gëtt keen 1:1 Ersatz fir Facebook

Einfach Facebook ze läschen a bei en anert soziaalt Netzwierk ze goen ass schwéier. Dat läit och dorunner, datt Facebook e ganzen Ekosystem u Funktiounen ubitt. Et muss een also higoen, an déi eenzel Funktiounen duerch ënnerschiddlech Offeren ersetzen. Funktiounen, déi aner Servicer deelweis besser, mi sécher a méi ethesch korrekt ëmsetzen.

Instant Messaging

Instant Messenger sinn eise stännege Begleeder.

Instant Messenger ginn et wéi Sand um Mier. Mee wien no mi sécheren Alternative sicht, dee fënnt se och. Eng relativ beléiften Alternativ ass Signal, wat gratis, verschlësselt a vir all grouss Smartphone Mark ze kréien ass. Zwar ginn et do keng Emojis, mee dofir ass et sécher a verschlësselt. Telegram ass eng weider beléiften Alternativ.

E-Mail

Gmail ass net d’Schlusswuert, wat gratis Emails ugeet. Eng vun deene besseren a sécheren Alternativen ass Protonmail, wou een d’Basis-Features gratis kritt. Do mat dra sinn och 500 MB Späicherplaz, et ginn awer och Bezueloptiounen, fir dëst auszebauen. Et ginn awer och soss nach aner Ubidder, woubäi déi eege Virléifte wuel di gréisste Roll spillen, woufir een sech entscheet.

News

Zeitungsabonnementer hunn haut ëmmer manner Leit. Den Newsletter dogéint gëtt ëmmer méi beléift.

Nuzzel sammelt all déi wichtegst News a schéckt se der all Dag an enger Mail. Fir eraus ze fannen, wéi eng News fir dech wichteg kéinte sinn, gräift Nuzzel op däin Twitter Feed zeréck. Du gees reegelméisseg bei en Noriichtesite kucken, wat et Neies gëtt? Da kuck, op se keen Newsletter hunn (och moien.lu huet een) wou s de dann eng Kéier den Dag deng Informatiounen zougeschéckt kriss. Vill Medien hunn och eegen Apps, wou ee Pushnotifications kann umaachen. Dann ass een och net méi vum Algorithmus vu Facebook ofhängeg.

Groups

Reddit bitt Gruppe fir esou zimlech all Zweck un. Du weess, datt et fir alles eng Grupp gëtt, wann esouguer Lëtzebuerg eng Communautéit doropper huet. Allerdéngs ass dës meeschtens op Englesch gehalen.

Passwierder

Et ass net einfach, sech all d’Passwierder ze verhalen. Dowéinst gräife vill Leit gären op d’Facebook-Logins zeréck, wann se ugebuede ginn. Dobäi fiddere mer d’soziaalt Netzwierk mat nach méi Donnéeën. Fir deem ze entgoen an trotzdeem en Iwwerbléck ze behalen, kann ee KeePassX recommandéieren. Dat ass e Passwuertmanager, deen immens liicht ze bedéngen ass an deen d’Passwierder uerdentlech verschlësselt. Op engem USB-Stick kann een en iwwerall benotzen.

Sichen

Google ass ëmmer nach déi beléiftste Sichmaschinn. Dobäi ginn et gutt Alternativen!

Google ass grad esou eng Datekrak, wéi Facebook. Dowéinst siche vill Leit no gudden Alternativen. DuckDuckGo ass déi bekanntsten Alternativ, mee och Disconnect Search ka vill Leit fir sech gewannen.

Soss Alternativen

Vero huet an de leschte Méint kënnen immens vill nei Membere gewannen. Den Instagram-Konkurrent schafft mat enger strikt chronologescher Timeline. Allerdéngs ass den Hype ronderëm dës Plattform méi schnell verschwonne gewiescht, wéi een Ello soe konnt. Apropos: Ello war ee vun deene grousse Facebook-Killeren, déi och relativ schnell erëm an der Versenkung verschwonne sinn.

Si all hunn ee grousse Problem: Si erreechen net déi kritesch Mass un Notzer, déi néideg ass, fir en soziaalt Netzwierk um Lafen ze halen. Dowéinst ass et wichteg, datt wann ee bei Facebook bleift, een net all Funktioun op enger Plaz muss an Usproch huelen. Et ginn, wéi mer gewisen hunn, vill Méiglechkeete, fir seng Ofhängegkeet vum Netzwierk ze reduzéieren.

Ähnlech Sujeten Digital, Facebook, Google, Online, Sozial Netzwierker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel