Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schaarschtechbotzer wëllkomm – op d’Joer 2019!
vanessa anne hudgens dating history

Schaarschtechbotzer wëllkomm – op d’Joer 2019!

Leschte Freideg huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg d’Schaarschtechbotzer

hotel staff dating guests
vanessa anne hudgens dating history

Esch-Uelzecht: …viru laanger Zäit gouf et emol en Zinema

Wéi 2016 den Zinema Ariston an der Minettemetropol de Rideau

Brasserie K116 : den éischte Concert 2019 mat Stelise
vanessa anne hudgens dating history

Brasserie K116 : den éischte Concert 2019 mat Stelise

All leschte Mëttwoch proposéiert d’Brasserie K116 flott Dinner-Concerten, wou een

Facebook attackéiert Snapchat – a lant en Treffer

Facebook attackéiert Snapchat – a lant en Treffer
Och wann en et net explizit gesot huet, schéngt de Mark Zuckerberg, President vu Facebook, Snapchat scharf an d’Viséier ze huelen. Bei der Verëffentlechung vun de Quartalszuelen ass en och op déi nei Servicer, déi an de leschte Méint gestart sinn, agaangen an huet éischt Zuelen annoncéiert.
Während Instagram, dat bekanntlech zu Facebook gehéiert, scho méi laang mat engem Stories-Format schafft, huet och WhatsApp en ähnleche Format a Form vun WhatsApp Status spendéiert krut. Do sinn mëttlerweil 175 Milliounen Benotzer, déi et aktiv notzen. Och Messenger Day a Facebook Stories, déi an hirer Fonktiounsweis kloer u Snapchat erënneren, si mëttlerweil verfügbar. Zu dëse Servicer sinn allerdéngs keng Zuele genannt ginn. Snapchat selwer hat am Februar 160 Milliounen Benotzer.

Videoen weider am Mëttelpunkt

E klenge Bléck huet de Mark Zuckerberg an d’Zukunft geworf: Do waart en Ausbau vun de Videofunktiounen op eis. „Mir wäerten och an Zukunft Videoen an de Mëttelpunkt vun eise Servicer stellen”, sou de President vu Facebook. Dës Servicer sinn, virun allem wéinst dem Live-Streaming vun Morden, Suiciden a Vergewaltegungen, hefteg a Kritik geroden. De Social-Media-Gigant huet zwar mëttlerweil versprach, am nächste Joer 3.000 nei Persounen anzestellen, fir des Streaming-Inhalter ze iwwerwaachen. Déi géifen zu den 4.500 dozou kommen, déi et scho ginn. Mee et ass bei wäitem nach net gewosst, op dat wärt duergoen, fir weider Skandaler ze vermeiden. Dat ännert näischt un der Popularitéit, goufe Livestream 4x mi laang gekuckt, wéi nach virun engem Joer.
Och a punkto Augmented Reality soll elo nogeluecht ginn. Bei Augmented Reality handelt et sech em e Konzept, wou Fotoen a Videoen, déi een ophëllt, mat aneren Elementer ugereechert a verbessert kënne ginn. Ganz nei ass dat net, Apps wéi FaceApp benotzen schonn esou Elementer a sinn zimlech populär (Aktuelle Ranking op iOS zu Lëtzebuerg: Platz 11).
Ähnlech Sujeten Facebook, Snapchat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel