Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff
https://moien.lu/dating-cultural-reddit/ best korean dating websites

top 100 free dating sites in usa

Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun déi europäesch Justiz saiséiert, a Polen

who is pasha dating
https://moien.lu/dating-cultural-reddit/ best korean dating websites

Déi al Haaptpost an der Stad gehéiert der Ëffentlechkeet !

Nodeems dat fréiert Haaptpost-Gebai an der Stad Lëtzebuerg während iwwert

geek
Lëtzebuerg beschléisst Partenariat mat NVIDIA fir kënschtlech Intelligenz
https://moien.lu/dating-cultural-reddit/ best korean dating websites

Lëtzebuerg beschléisst Partenariat mat NVIDIA fir kënschtlech Intelligenz

E Mëttwoch 30. Januar, huet déi Lëtzebuerger wëssenschaftlech Communautéit, d‘Regierung

Facebook ënner Beschoss wéinst schlechtem Ëmgang mat perséinlechen Daten

Facebook ënner Beschoss wéinst schlechtem Ëmgang mat perséinlechen Daten

Facebook war um Méindeg de Mëttelpunkt vun enger Polemik, déi de Wäert vun der Aktie an de Keller gedriwwen huet. Schold dorunner: eng onzoulässeg Notzung vu privaten Donnéeë vu Milliounen Clienten, duerch eng Entreprise, déi un der Wahlcampagne vum Donald Trump bedeelegt war. E Skandal dee Facebook am Häerz vu sengem wirtschaftleche Modell trëfft.

D‘Beschëllegungen, déi vun der betraffener britescher Entreprise „Cambridge Analytica“ zeréckgewise goufen, hunn de Cours vun der Facebook-Aktie ëm 6,8% fale gedoen. Se hunn dann och zu Reaktioune gefouert. Esou gouf et béidersäits dem Atlantik dat grousst Verspriechen, der Saach, mëttels enger Enquête, op de Fong ze goen.

Laut verschidde Medien, dorënner d‘New York Times an de briteschen The Observer, huet sech Cambridge Analytica, e Spezialist vun der strategescher Kommunikatioun, ouni Erlaabnes d‘Date vu 50 Milliounen Notzer gekroopt. Donnéeë, mat deene CA e Programm hiergestallt soll hunn, mat deem een d‘Ofstëmmverhale vun de Wieler viraussoen a beaflosse kann.

D‘Date selwer soll Cambridge Analytica iwwert eng App vu psychologeschen Tester ofgezweigt hunn. D‘App war vun 270.000 Facebook-Notzer erofgeluede ginn. Eng Applikatioun, déi vum russesche Psycholog Aleksandr Kogan entwéckelt gi wier, an d‘Donnéeën onerlaabt un CA ofgetrueden hätt. Eng App déi awer Zougrëff op d‘Date vun de „Frënn“ op Facebook huet.

CA, déi 2016 fir d‘Campagne vum Donald Trump geschafft huet, behaapt dann awer datt: „dës Facebook-Daten net am Kader vun den Déngschter, déi fir d‘Wahlcampagne vum Donald Trump ugebuede goufen, vu CA benotzt gi sinn“, an „datt keng geziilte Reklamm fir dëse Client realiséiert ginn ass“. CA preziséiert weider, datt si „och net um Referendum fir de Brexit geschafft hunn“.

Zäit fir en Audit

Facebook, déi „esou eng Reklamm“ net ka gebrauchen, huet uginn, datt si de Kont vun der Entreprise Cambridge Analytica „zougemaach“ huet. Et heescht weider, datt Facebook eng Audit-Firma mat grousser Digitalkompetenz beoptraagt huet, fir Liicht an dës Affär ze bréngen.

Eng Mesure déi vum britesche Regulateur vun der Informatioun a perséinlechen Donnéeën net begréisst gëtt. D‘Elisabeth Denham, Information Commissioner, huet matgedeelt, datt um Dënschdeg e Mandat erstallt gëtt, fir Zougang zu de Server vu CA ze erhalen. Facebook ass gebiede ginn, déi eegen Enquête op Äis ze leeë, fir d‘Aarbecht vun de Briten net ze behënneren.

D‘Polemik selwer kënnt zu engem ongënschtegen Zäitpunkt. Grad wéi Twitter oder Google, gëtt Facebook zanter Méint beschëllegt, déi ëffentlech Meenung beaflosst, oder zumindest derzou bäigedroen ze hunn. Dat besonnesch iwwer Entitéiten, déi mat Russland verbonne wieren, an sech op d‘US-Presidentewahl an de Brexit-Referendum bezéien.

All dës Entreprise ginn zudeem reegelméisseg beschëllegt, déi perséinlech Donnéeë vu hire Notzer net ze schützen. „Dat ass en enormt Datelach zu deem et eng Enquête muss ginn. Et ass evident, datt dës technologesch Plattformen sech net selwer reguléieren dierfen“, betount d‘US-Senatrice Amy Klobuchar, déi och eng Auditioun vun de Patrone vu Google, Facebook an Twitter fuerdert.

De President vum EU-Parlament, Antonio Tajani, huet och eng Enquête versprach. An d‘Vera Jourova, EU-Kommissärin fir den Dateschutz, schwätzt vun enger „schrecklecher Affär“. Den Analyst Brian Wieser vum Cabinet „Pivotal Research“, gesäit an dësem Virfall d‘Illustratioun vun de systemesche Problemer déi et bei Facebook gëtt.

Besser reglementéieren

Fir d‘Jennifer Grygiel, Spezialistin fir sozial Netzwierker op der Universitéit vu Syracuse, kënnen dës Revelatiounen derzou bäidroen, dat sech den Drock op d‘Entreprisen erhéicht. De Skandal wier u sech d‘Resultat vu vill ze lasche Reglementer, déi et Facebook a senge Partner erméiglecht hunn, all déi Daten ouni Kontroll auszewäerten.

An den Daniel Kreiss, Proff op der Universitéit vu Nordcarolina, geet esouwäit ze behaapten, datt Facebook den Ënnerscheet tëscht kommerzieller a politescher Reklamm net verstanen huet. Besonnesch wou et unhand de perséinlechen Date méiglech ass, dës Reklamme ganz geziilt un ausgewielten Notzer ze verschécken.

„Datt Facebook net an der Lag soll sinn den Ënnerscheet tëscht ‚Turnschlappe verkafen‘ an engem ‚politesche Programm‘ ze maachen, ass ee grousse Problem“, esou den Daniel Kreiss. Mee Facebook (an all déi aner) wäert sech deemnächst mat neie Gesetzer zum vun de perséinlechen Date mussen ausenanersetzen. Esou wéi dat neit EU-Gesetz vum Dateschutz: GDPR.

An den David Carroll vun der Parsons School of Design mengt: „Facebook a Google wäerte gezwonge sinn, vill méi Autorisatioune bei de Notzer anzefuerderen, fir d‘Date benotzen ze dierfen. Dat wäerten awer vill Notzer net zouloossen, wat ee groussen Impakt op dës Entreprisen huet“.

Et ass dann an dësem Kontext wou de „Sécherheetschef“ vu Facebook, Alex Stamos, e Méindeg matgedeelt huet, datt seng Missioun sech elo op d‘Sécherheet ronderëm d‘Wahle konzentréiert.

Déi britesch Televisiounschaîne Channel 4 News, hat ee Méindeg nach Biller verëffentlecht, op deenen den Direkter vu Cambridge Analytica gesäit. Am Video erwähnt de Mann Techniken, mat deenen een seng politesch Rivale kann an d‘Fal lackelen. E Virfall deen esou och vu Cambridge Analytica dementéiert gëtt.

mam Julie Charpentrat/AFP

Ähnlech Sujeten Cambridge Analytica, Facebook, GDPR, Google, Twitter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel