Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tonguesurprise
Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt
Angry International Neiegkeeten

Budgetsdiskussioun zu Esch: Vill Interventiounen, wéineg Inhalt

Nodeems nach am Dezember de neien Escher Buergermeeschter, Georges Mischo

De Fonds de Logement huet eng nei Presidentin
Angry International Neiegkeeten

De Fonds de Logement huet eng nei Presidentin

Um Freideg huet op d‘Propositioun vum Logementsminister Marc Hansen, de

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches
Angry International Neiegkeeten

82 Minutte mam US-President: vun Hippches op Haapches

„Wat eng Welt, woaw!“ Den Donald Trump betrëtt d‘Zeen, installéiert

angry

Facebook ergräift nei Mesure vir Manipulatiounen ze verhënneren

Facebook ergräift nei Mesure vir Manipulatiounen ze verhënneren

De Grupp Facebook huet um Freideg eng ganz Rëtsch Mesuren ugekënnegt, mat deenen d’Reklammen, besonnesch déi politesch, besser soll kontrolléiert ginn. Mesuren déi och fir verschidde „Säiten“ ugewannt solle ginn, déi iwwert d’Mooss besicht ginn.

„Vun elo un, muss all Annonceur, deen eng politesch Reklamm wëll placéieren, oder e „wichtege“ Sujet uschwätzt, iwwerpréift ginn. Fir iwwerpréift ze ginn, mussen den Annonceur seng Identitéit a seng (richteg) Adress bestätegen“, schreift de Mark Zuckerberg op senger Facebooksäit. Hie gëtt beschëllegt net genuch ze ënnerhuele fir géint déi politesch Manipulatioun ze verhënneren.

A Facebook huet reagéiert. Et gëtt vill kommunizéiert, zum Ëmgang mat politescher Reklamm, mee och iwwert d’Gestioun vun de perséinlechen Daten. Dat nodeems Facebook d’Donnéeë vu 87 Millioune Clienten un déi britesch Firma Cambridge Analytica „weidergeleet“ huet. De Patron vu Facebook dierf sech an dësem Zesummenhang, déi nächst Woch virum US-Kongress erklären.

Et sollt ee wësse mat wien een et ze dinn huet

Dem Zuckerberg seng Equipe soll un enger Lëscht vu Sujete schaffen, déi dëser Definitioun entspriechen. Wat d’Annonceure betrëfft, esou sollen déi, wou sech der Prozedur net wëllen ënnerwerfen, hir Messagen och net méi diffuséiere kënnen.

Mee Facebook hat schonn am Oktober 2017 ugekënnegt „wëlles ze hunn“ d’Annonceuren, déi eng Wal-Annonce schalten, ze identifizéieren. Dovunner betraff sollte sinn, all d’Message déi ee Kandidat direkt benennen, an kuerz virun enger Wal verëffentlecht ginn.

Elo wëll Facebook nach e Schratt méi wäit goen, an d’Iwwerpréiwung op all Annonceur uwennen, deem seng Message wichteg politesch Theme behandelen, déi an der Gesellschaft den Debat maachen. Esou zumindest d’Prezisioun an engem Blog-Beitrag dee gläichfalls e Freideg verëffentlecht ginn ass. Et wëll een esou d’Beaflossung op Wahle verhënneren.

Mee net nëmmen den Annonceure soll op den Zant gefillt ginn. Déi selwecht Prozedur soll och bei deene Persounen ugewannt ginn, déi eng grouss Zuel „Abonnenten“ hunn. Dat fir d’Notzung vun „Fake-Accounts“ ze verhënneren, oder zumindest anzegrenzen, déi zur politescher Manipulatioun kënnen agesat ginn.

mat AFP

Foto: Manifestante vum Grupp „Raging Grannies“ hale bei enger Demo Plakter héich, mat deenen si Facebook opfuerderen de „Notzer“ méi Datesécherheet ze garantéieren. © Justin Sullivan/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Cambridge Analytica, Dateschutz, Facebook, Mark Zuckerberg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel