Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De G5 Sahel, erkläert
Fail Neiegkeeten

De G5 Sahel, erkläert

Den UN-Sécherheetsrot wäert sech deemnächst engem franséische Resolutiouns-Projet widmen: et

Nordstrooss: Wat der Natur geholl gouf, kritt si elo zréck…
Fail Neiegkeeten

Nordstrooss: Wat der Natur geholl gouf, kritt si elo zréck…

Vill zefridde Gesiichter huet et e Freideg am Nomëtteg ginn,

Big Mouth weist, wéi rëffeg Pubertéit ka sinn – an ass grad dowéinst erfrëschend
Fail Neiegkeeten

Big Mouth weist, wéi rëffeg Pubertéit ka sinn – an ass grad dowéinst erfrëschend

Einfach nëmme krass si geet am Beräich vun der Animatioun

dislike

E Facebook-Flashmob fir de Fernand Kartheiser

Mir erkläeren d'Hannergrënn

E Facebook-Flashmob fir de Fernand Kartheiser

Politiker deelen all Dag Artikelen op de sozialen Netzwierker. Mol kommentéieren se se, mol ginn se vun den Unhänger kontrovers diskutéiert. Mee e Facebook-Flashmob, dat ass zu Lëtzebuerg nach seelen.

Den Fernand Kartheiser, Deputéierten an der Chamber fir d’adr, huet des Reaktioun elo vun enger relativ klenger Facebook-Säit mam Numm „Memes bis zum Weltraumkommunismus“ krut:

Foto: Screenshot/Facebook

 

Wéi der gesitt, gëtt hei opgeruff en Artikel, deen de Fernand Kartheiser gedeelt huet, mat der Reebou-Flagg ze markéieren. Aktuell (16.06.2017 um 13.00) sinn der méi wéi 70 dem Opruff nokomm. Hei den eigentleche Facebook Post:

Foto: Screenshot/Facebook

Mee wat genee ass eigentlech problematesch un deem Artikel? „Memes bis zum Weltraumkommunismus“ schwätzt am Post selwer vun homophobe Verschwierungstheorien. Am Artikel geet et dorëmmer, datt den däitsche Kanzler-Kandidat vun der SPD, de Martin Schulz, sech fir d’Opmaache vum Mariage fir gläichgeschlechtlech Koppelen asetzt.

Zwar gëtt do, ouni och nëmmen eng Source ze nennen, einfach behaapt, datt déi meescht Homosexuell sech guer net bestuede wëllen, an datt de Mariage eppes wier, wat vollkommen natierlech entstane wier, wat nëmmen tëscht Mann a Fra existéiere kéint. Mee eréischt wann ee weider scrollt, mierkt een, datt sech ënnen e Verweis op eng Associatioun mam Numm „Kinder in Gefahr“ befënnt. Doriwwer fënnt een dann och eraus, datt de Mathias von Gersdorff, deen de Schreiwer vum Blogpost ass, nach niewebäi verschiddenst Bicher geschriwwen hunn. Dorënner dann och eent, wat den Titel „Die Sexuelle Revolution erreicht die Kinder“, wou dann zwee Bulletpoints „Die homosexuelle Revolution beginnt in den Schulen“ an „Die Pädophilie-Offensive begint [sic!]“ schreiwen.

Reaktiounen

Op Nofro hi präziséiert den Administrator vu Memes bis zum Weltraumkommunismus:

Wat eis um Artikel steiert ass de Kontext an deem e kënnt an déi krass Homofeindlechkeet déi engem entgéint schléit, wann een*t dat liest. Mir erhoffen Eis eigentlech keng Reaktioun vum Fern, mä sou wéi hien ëmmer kommentarlos seng Haass-Artikelen post, sou wëlle mir och kommentarlos Reeboufändelen hannerloossen.”

Mir hunn och beim adr nogefrot, op een do eng Stellungnahm kéint kréien. Nodeems eis zwee mol agehaange gi war, gouf eis da vun engem Mataarbechter vum Fraktiounssekretariat matgedeelt, datt de Fernand Kartheiser sech selwer net dozou äussert. Eis gouf och erkläert, datt Artikelen, déi de Fernand Kartheiser op Facebook deelt, net automatesch vum Deputéierte validéiert oder ënnerstëtzt ginn. Tatsaach wier och, datt de Fernand Kartheiser selwer kengerlee Kommentar zum eigentlechen Artikel ofginn huet.

Ähnlech Sujeten adr, Facebook, Fernand Kartheiser, Memes bis zum Weltraumkommunismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel