Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
Gigantesch Bëschbränn am Weste vun den USA a Kanada
Crazy Meenung

Gigantesch Bëschbränn am Weste vun den USA a Kanada

Terribel Bëschbränn hunn d’Autoritéite gezwongen ronn 8.000 Leit a Kalifornien

cryingsurprise
Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée
Crazy Meenung

Frankräich: Kee Sonnenopgank fir d‘politesch Rentrée

Säit dräi Méint ginn d‘Sondage fir de franséische President an

geek
F is for Family – Eng Serie vun den Extremen
Crazy Meenung

F is for Family – Eng Serie vun den Extremen

F is for Family ass net ëmmer ganz einfach fir

tongue

Ass Facebook läschen iwwerhaapt e Choix?

E Kommentar

Ass Facebook läschen iwwerhaapt e Choix?

Wéi ech an der Woch vir en Artikel Facebook-Alternative recherchéiert hunn, ass mer e wuel bekannte Gedanke komm. „Eigentlech“, hunn ech mer gesot „jo, eigentlech brauch ech dee Kabes jo net.” An ech hunn et am Gefill, datt ech do net eleng sinn.

Kuckt, ech kennen den Internet nach aus enger Zäit, wou e ruppegen ale Modem, dee grad sou gutt aus Holz hätt kënne sinn, d’Telefonsleitung gekapert huet, fir datt ech mat rasanten 56k duerch den Internet konnt düsen. A wehe, et huet ee gewot, den Telefon opzehiewen! Du wollts kommunizéieren? E-Mails, BBS, Foren an eng Handvoll Instant Messenger stoungen zu Déngscht. Du wollts der Welt eppes vun dir verkënnegen? Hoffen du hues Basis-Kenntnësser am HTML. Dat waren nach Zäiten!

Zanterdeem huet seech villes geännert. Den Internet ass mi schnell ginn (Besser: Eis Uschlëss si méi schnell a präiswäert ginn), en ass mobil ginn an d’Notzerfrëndlechkeet ass drastesch geklommen. Et gouf ëmmer méi Blogger, all nennenswäerten Noriichtemedium hat seng Säit. Alles war gutt.

An du koumen d’sozial Netzwierker.

Et muss een sech d’Fro stellen, wat een alles braucht. Ëmmer nees erëm.

Facebook war mäin éischt soziaalt Netzwierk no StudiVZ (Kennt dat nach een?). Kuerz duerno koum Twitter an e gutt Stéck mi spéit Instagram, wat ech net vill benotzen. An d’Fro, déi sech mëttlerweil erëm stellt, ass, ob een et iwwerhaapt benotze sollt.

Journaliste-Kollege vu mer probéiere grad, ouni Facebook ze liewen. Dat ass an deem Berufszweig net esou einfach an et stécht eng gewëssen Ironie dohannert, da gläichzäiteg doriwwer op Twitter ze schreiwen. E Liewen ouni Facebook ass méi wéi nëmme méiglech, och am digitalen Zäitalter. Mee wat geet do wierklech verluer, wann een sech dem Netzwierk entseet?

Genau do zécken ech mat de Konklusiounen. Jo, villes léisst sech ersetzen. A jo, d’Problemer bei Facebook si méi déifgräifend, wéi de Verkaf vun Notzerdonnéeën. De gesamten Algorithmus dee Facebook beherrscht ass eng eenzeg Kampfuso un eis Demokratie, Russen hin oder hier.

Villes dovunner hänkt domat zesummen, datt et fir vill Leit keen Internet ausserhalb vu Facebook gëtt. Hier gesamt digital Karriär huet mat engem Facebook-Konto ugefaangen. De Ruff ass jo och lackeleg, virun allem fir eng eeler Generatioun: Et ass domat ganz einfach, fir mat der Famill a Kontakt ze bleiwen. Datt Facebook dobäi alles aneres wéi en neutraalt Hëllefsmëttel ass, gëtt ënnerschloen.

Sozial Netzwierker si Gäert mat eegene Reegelen.

Wéineg iwwerraschend ass dann, datt ee beim Blogger Schlecky Silberstein noliese kann, wéi deem seng Groussmamm op eemol rietsradikal Verschwierungstheoretikerin ginn ass. Den Algorithmus an d‘Suchtprinzip vu Facebook maachen et méiglech, eppes wat hien a sengem rezente Buch “Das Internet muss weg” ganz beandrockend beschreift.

Mee gutt, wat soll ee maachen? Facebook läschen? Politesch Agrëff fuerderen? Hoffen, datt sech eppes bessert? Eng Kombinatioun vun allem? Oder erëm zeréck an eng Zäit, wou een den Internet net a separat Gäert andeelt? An net all Offer duerch eng App um Telefon erfëllt gëtt?

Mee wiem maachen ech eppes fir? Et ass einfach ze praktesch, an datt eis Donnéeën ofgezapt ginn, ass wuel éischter eng Niewewierkung, mat där ee liewe muss. Mee da muss jiddereen ofschätze kënne, wéi vill Donnéeën e weider wëll ginn, a wéi vill net. Op een sech déi Zäit dofir hëlt?

Ähnlech Sujeten Digitaliséierung, Facebook, Internet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    1

  • Love

    0