Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rëmerschen: E flotte Programm fir d‘Fuesvakanz
International Neiegkeeten

Rëmerschen: E flotte Programm fir d‘Fuesvakanz

Am Biodiversum „Camille Gira“ zu Rëmerschen ass dës Woch eng

Nom Putsch am Mali
International Neiegkeeten

Nom Putsch am Mali

Ee Sonndeg hunn d‘Offizéier déi de President vum Mali, Ibrahim

Anne Beffort Präis: Appell zur Kandidatur
International Neiegkeeten

Anne Beffort Präis: Appell zur Kandidatur

Och an dësem Joer gëtt nees de Anne Beffort Präis nees

Facebook mécht grouss Botz

Facebook mécht grouss Botz

De Kont vum Roger Stone, ee Kumpel vum US-President, esou wéi ee ganze Pak Profiller vun enger amerikanescher „Nazi-Grupp“, mee och d‘Säite vu Mataarbechter vum brasilianesche President si geläscht ginn. Den Drock op Facebook endlech eng ze ënnerhuele weist Wierkung.

Och op Instagram gouf dem Roger Stone säi Profil geläscht, esou de Chef fir Cybersécherheet, Nathaniel Gleicher, deen erkläert huet, datt alles an allem 50 perséinlech a Geschäftlech Säiten aus dem Netz geholl goufen, déi konnte mam Roger Stone a Verbindung bruecht ginn. Hie a seng Partner hätte Fake-Accounts a -Follower benotzt fir seng Bicher a Beiträg maximal ze verbreeden.

Beim Nazi-Grupp handelt et sech ëm déi sougenannte Proud Boys an déi ware schonn 2018 mat enger Spär beluecht ginn. Eng Moossnam déi Aktivisten an/oder Ënnerstëtzer vum Grupp versicht hunn ze ëmgoen, andeems si nei Säiten oder Konten ugeluecht hunn. Esou ass et dann och scho fir déi drëtte Kéier datt Facebook annoncéiert, Inhalter mat Bezuch op d‘Proud Boys geläscht ze hunn.

Méi am Detail, huet den Nathaniel Gleicher drop higewisen, datt en Netzwierk – dat esouwuel mat de Proud Boys wéi och mam Roger Stone a Verbindung steet – iwwer Facebook-Konte Posts zur Lokalpolitik a Florida verëffentlecht huet. Elo ass dann och gewosst, datt dës Accounts besonnesch tëscht 2015 an 2017 aktiv waren. Ob dat schon duer geet, fir dem Werbe-Boykott ze begéinen?

De Roger Stone war am Februar zu dräi Joer feste Prisong verurteelt ginn (eigentlech sollen et der néng sinn, mee den Donald Trump war intervenéiert) well hien de Kongress belunn, en Zeie manipuléiert an Ermëttlunge vum Representantenhaus behënnert hat, wou et ëm Ofsproochen tëscht dem Trump-Wahlkampfteam a Russland gaangen ass. Bis haut ass dat net ofschléissend gekläert.

Och esou a Brasilien…

Wéi et säitens Facebook um Mëttwoch matgedeelt ginn ass, sinn och Accounts a Profiller mat Bezuch zum faschistesche President vu Brasilien, Jair Bolsonaro, aus dem Netz geholl ginn. Dat gouf domadder begrënnt, datt vun dëse Konten – déi deels ënner falschen Identitéiten erstallt gi wieren – Fake-News verbreet goufen. Och géint aner Facebook-Reegele wier verstouss ginn.

Dëst „Desinformatiounsnetzwierk“ vu brasilianeschen Accounts, gëtt engem Persounekrees zougeuerdent, dat direkt fir de Jair Bolsonaro a dësem senge Bouwen Eduardo a Flavio, aktiv soll gewiescht sinn. Betraff sinn eng 80 Konten op Facebook an Instagram. Mee och hei dierf ee bemierken, datt sech d‘Onlineplattform zimmlech „Zäit gelooss“ huet, iert si aktiv ginn ass.

Trotzdeem betount den Nathaniel Gleicher, datt dës Läschung weist, datt ee bei Facebook esou Praktike wéi beim Roger Stone net toleréiert. Hie geet dann och dovunner aus, datt nach aner politesch Acteuren dës rout Linn iwwerschreide wäerten. Et wäert also och weiderhin zu falschen a koordinéierten Optrëtter kommen, wou d‘Zil eenzeg d‘Beaflossung vum ëffentlechen Debat ass.

Ganz esou fräiwëlleg ass d‘Aktioun vu Facebook allerdéngs net. Zum enge sinn d‘Problemer scho méi laang bekannt an zum anere war ee méi mat „plakege“ Biller, wéi da mat Haasspriedegte beschäftegt. Et huet eng Initiativ vu Biergerrechtsgruppe gebraucht, déi d‘Annonceuren iwwerzeege konnte keng Reklamm méi op Facebook ze schalten. Deem si vill grouss Nimm och nokomm.

mat indymedia/sfo

Illustratioun: © Thought Catalog / unsplash

Ähnlech Sujeten Cybersécherheet, Facebook, Instagram, Jair Bolsonaro, Nathaniel Gleicher, Proud Boys, Roger Stone
Nächsten Artikel Virrechten Artikel