Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De „REVIS“ geet der Caritas net wäit genuch
International Neiegkeeten

things to do when dating

Bei der Caritas ASBL ass ee mam Gesetzprojet, deen aus

recommended gay dating apps
International Neiegkeeten

En neit Gesetz fir d‘Fëmmerten, geet et mech eppes un?

Wann ech mech u meng Kandheet erënneren, wou mer hannen

Nuit des Musées 2018 – vill Programm fir de klenge Portmonnie
International Neiegkeeten

Nuit des Musées 2018 – vill Programm fir de klenge Portmonnie

Déi 17. Editioun vun der Nuit des Musées war erëm

Facebook mécht ongewollt d‘Posts vu 14 Millioune Clienten ëffentlech

Facebook mécht ongewollt d‘Posts vu 14 Millioune Clienten ëffentlech

Um Donneschdeg huet Facebook bekannt ginn, datt d‘Posts vu 14 Millioune Clienten ongewollt ëffentlech gemaach goufen. Dat während véier Deeg am Mee. Et ass dat déi denkbar schlechtst Reklamm, nom Skandal vu Cambridge Analytica an dem Zuckerberg sengem Optrëtt bei der EU.

„Mir hu rezent en Informatikfeeler (Bug) bemierkt, dee virschléit d‘Posts vu gewësse Persounen automatesch ëffentlech ze maachen“, erkläert d‘Erin Egan, Responsabel bei Facebook fir d‘Froen zum Privatliewen. De Problem entstanen, während de Grupp un engem neie System geschafft huet mat deem verschidden Elementer vum Profil, wéi beispillsweis Fotoen, gedeelt kënne ginn.

Dësen Informatikfeeler hat de Reseau vum 18. bis 27. Mee affektéiert. Facebook konnt eng „ëffentlech Publikatioun“ allerdéngs schonn den 22. Mee verhënneren, mee et ware fënnef Deeg noutwenneg, fir all d‘Messagen nees „Privat“ ze maachen. Domatter ass gemengt, datt och just déi Leit d‘Posts kënne gesinn, déi an der Astellung gewielt sinn, z.Bsp. Frënn.

Facebook

„Mir hunn de Problem geléist an hunn haut ugefaangen all déi Leit ze kontaktéieren, déi vun dësem Informatikfeeler betraff waren. Déi sollen all hir Messagen iwwerpréiwen, déi si während dëser Zäit gepost hunn“, ënnersträicht d‘Erin Egan.

„Dës Software-Anomalie hat keen Afloss op déi Posts déi virun dësem Zäitraum eropgeluede goufen, a si konnten och weiderhi wielen, wien de Post dierf gesinn“, preziséiert déi Responsabel a entschëllegt sech am Numm vum Grupp bei alle betraffenen Notzer.

Ënner „normalen Ëmstänn“ schléit Facebook – wann een e Post erstellt oder eng Foto eroplued – déi selwecht Audienz (Ëffentlech oder Frënn) defaultméisseg vir, wéi déi wou de Notzer bei senger leschter Verëffentlechung agestallt hat. Duerch den Informatikfeeler huet de System automatesch op „Ëffentlech“ ëmgestallt, och wann den Notzer seng Posts eigentlech nëmme mat Frënn deelt.

Facebook

Laut dem sozialen Netzwierk, dee vu sech behaapt 2,2 Milliarden aktiv Clienten ze hunn, ass et méiglech, datt d‘Software-Anomalie Notzer betrëfft, déi „featured photos“ op hirem Profil hunn, also Biller, déi ëmmer „ëffentlech“ sinn.

Elo sollen déi ronn 14 Millioune Clienten, wann se sech an hire Facebook-Account aloggen, eng Notifikatioun gesinn, déi si op eng gesënnert Säit weiderleet, wou si dann och kënne gesinn, wéi eng vun hire Posts vum Informatikfeeler betraff sinn. Dat gëllt och fir déi Notzer, wou hir Posts bewosst „ëffentlech“ eropgelueden hunn.

Den Ëmgang mat perséinlechen Daten

Dëse „Problem“ kënnt zu engem denkbar schlechten Zäitpunkt. Facebook muss sech säit elo schonn e puer Méint mam Virworf, schlecht mat de perséinlechen Date vu senge Clienten ëmzegoen, ploen. Fatzeg an d‘Kritik geroden, war Facebook, nodeems bekannt gouf, datt eng britesch Entreprise, Cambridge Analytica, sech d‘Date vu Millioune Facebook-User einfach erofgelueden huet.

Elo dann och nach ganz rezent, den illegalen Datenzougrëff säitens dem chineseschen Handy-Hiersteller Huawei – eng Entreprise déi der chinesescher Regierung ganz no soll stoen, an déi keng Telefonen oder soss Kommunikatiounsmëttel un d‘US-Arméi dierf liwweren – déi ënnert de Fabrikante gefouert gouf, déi autoriséiert sinn déi perséinlech Date vu senge Cliente ze notzen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Dateschutz, Facebook, Software-Anomalie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel