Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europäesch denken, Grenzkontrollen ofschafen
Neiegkeeten

Europäesch denken, Grenzkontrollen ofschafen

An der Groussregioun gëtt Europa scho laang gelieft. D’Staaten a

Griichesche Jughurt aus der Beetebuerger Industriezon
Neiegkeeten

Griichesche Jughurt aus der Beetebuerger Industriezon

De franséische Konzern „Fage“ huet sech an der Industriezon en

Gëtt et ee Problem mat der Disziplin bei der SLPL?
Neiegkeeten

Gëtt et ee Problem mat der Disziplin bei der SLPL?

Laang besteet se nach net déi „Sozial Liberal Partei Lëtzebuerg“

Facebook ännert sech. Mir erklären, wat dat fir dech bedeit!

Virun allem d‘Pagen kréien d‘Liewe schwéier gemaach

Facebook ännert sech. Mir erklären, wat dat fir dech bedeit!

Sech mat Frënn a Famill a Verbindung setzen – dat ass d‘Missioun vu Facebook. Op mannst war et am Ufank esou. No an no ass sou zimlech jiddereen um soziale Netzwierk präsent ginn. A schnell war d‘Timeline voll mat allem méiglechen. Dëst wëll Facebook elo änneren. An net jiddereen ass frou domat.

An engem Blogpost gouf ugekënnegt, datt een erëm méi Gewiicht op Posts vu Frënn a Famill wëll setzen. Dat ass u sech keng schlecht Iddi, dowéinst si mer jo all um Netzwierk, oder? Leider sinn dëst och schlecht Noriichten fir alleguerten d‘Medien, déi mat Facebook schaffen. Hir Artikele kréien nach manner Reechwäit an doduercher nach manner Lieser. Eng Online-Zeitung, wéi beispillsweis moien.lu, kann net ouni den Trafic iwwerliewen, deen se duerch Facebook era kritt. Mee du kanns eis – an och all anerer Page, däers de op Facebook follows – ganz einfach hëllefen!

Newsletter abonnéieren

Wousst du, datt moien.lu säin eegenen Newsletter huet? Do kritt een net nëmmen eis wichtegst Artikele vum Dag an d‘Mailboxe, mee mir kucken och, wat soss nach fir interessant Artikelen op anere Säiten online komm sinn. Abonnéiere kanns du dech hei!

Op Twitter followen

Och wann Twitter mëttlerweil och Algorithmen asetzt, ass et dach méi einfach, ëmmer aktuell ze bleiwen, wann een eis op Twitter followt. Dat kanns du hei nohuelen, falls du et nach net gemaach hues.

Eis op „See First“ op Facebook schalten

Mir wëssen nach net, wéi genau sech den neien Algorithmus dorobber wäert auswierken, mee déi Säiten, déi der um Häerzen leien kanns du einfach op „See First“ schalten, fir datt s de nei Posts ëmmer direkt ze gesi kriss. Eist Bild weist, wéi dat geet:

moien.lu u Frënn a Famill weider empfeelen

Och am Digitalen gëtt eng Mond zu Mond-Propaganda: Du kanns relativ einfach Kollegen invitéieren, fir eis Page ze liken.

Ähnlech Sujeten Facebook, moien.lu, Sozial Netzwierker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel