Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Alles geet op de BD-Festival zu Contern
International Neiegkeeten

Alles geet op de BD-Festival zu Contern

Den nächste Weekend ass et nees esouwäit, d‘Bande Dessinée oder

geek
Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen
International Neiegkeeten

Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen

Wéi Breaking Bad ugelaf war, war dat de Start fir

Wäerteunioun an AfD… alles eng Fro vum Standpunkt
International Neiegkeeten

Wäerteunioun an AfD… alles eng Fro vum Standpunkt

Nom politesche Flopp an Thüringen, wou den Thomas Kemmerich vun

Nom Facebook-Skandal entzitt sech Cambridge Analytica der Verantwortung

Nom Facebook-Skandal entzitt sech Cambridge Analytica der Verantwortung

D‘Reputatioun vun der britescher Firma Cambridge Analytica (CA) war souwisou bei der Däiwel, nodeems si beschëllegt gi war d‘Date vun de Facebook-User mëssbraucht ze hunn, an esou d‘US-Presidentewahl 2016 beaflosst ze hunn. Si hunn sech e Mëttwoch an d‘Faillite gehäit, woumatter se sech gläichzäiteg aus der Verantwortung schläichen.

Cambridge Analytica an seng „Mammegesellschaft“ SCL un eng Insolvabilitéitsprozedur a Groussbritannien ageleet, wéi et an engem Communiqué heescht. „D‘Firma stellt hir Aktivitéiten direkt an. Et ass festgestallt ginn datt d‘Aktivitéit net méi liewensfäeg ass, an Cambridge Analytica keng realistesch Alternativ zu senger juristescher Verwaltung gesäit“.

En „onofhängege“ Verwalter ass ernannt ginn, an déi selwecht Source léisst och wëssen, datt „eng Faillite-Prozedur och an den USA ugestrieft gëtt“. Domatter kann all Schold op déi britesch Firma ofgeluede ginn, ouni dat jeemools eng Entschiedegung misst bezuelt ginn, oder e Verantwortleche misst Rechenschaft ofleeën. Dat ass vläicht moralesch verwerflech awer ganz legal.

90 Millioune leit „duerchliicht“

Cambridge Analytica gëtt beschëllegt, déi perséinlech Date vu ronn 90 Millioune Facebook-User gesammelt an exploitéiert ze hunn, ouni dat déi deem zougestëmmt hätten. Informatiounen, déi CA zum eenzegen Zweck „ofgezweigt“ hätt, eng Software ze entwéckelen, déi d‘Wahlverhale vun de Leit viraussoen a beaflosse kann. Zil hei: d‘Wahlcampagne vum Donald Trump 2016.

Wéi gewinnt – an datt ass elo keng Eegenaart vu CA – huet déi britesch Firma alles kategoresch ofgestridden. Dat obwuel si vun den Deklaratioune woussten – déi mat verstoppter Kamera opgeholl gi waren – déi de Generaldirekter Alexander Nix gemaacht hat. Hie war allerdéngs suspendéiert ginn, ouni datt domatter d‘Katastroph nach hätt kënnen ofgewannt ginn.

„An de leschte Méint war Cambridge Analytica d‘Zil vu villen net fundéierte Beschëllegungen an, trotz allen Ustrengunge vun der Entreprise d‘Fakten nees richteg duerzestellen, ass si weider geschleeft ginn, fir Aktivitéiten déi net nëmme legal sinn, mee och largement vun de Mënschen ugeholl ginn, als Komponent vun der politescher wéi kommerzieller Online-Werbung“.

Schold sinn eendeiteg d‘Medien

„D‘Belagerung duerch d‘Medien an déi eesäiteg Berichterstattung, hunn de Gros vun de Clienten a Fournisseure verjot“, esou CA weider. Si zitéiert eng „onofhängeg“ Enquête déi si an Opdrag ginn hunn, a laut där „näischt vun deem wat d‘Salariéeë vun der Firma an de Medien héieren oder gesinn hunn“ dat zeréckspigelt woumatter si hir Paie verdéngt hunn.

Elo ass et awer och esou, datt Facebook vu „Vertrauensmëssbrauch“ schwätzt, a sech ganz kloer drop behaapt, net gewosst ze hunn, datt d‘Donnéeën déi vu Cambridge Analytica iwwert eng App vu psychologeschen Tester gesammelt gi sinn, zu politeschen Zwecker mëssbraucht géife ginn. An natierlech huet Facebook sech net der „medialer“ Schosslinn kënnen entzéien.

De „grousse“ Patron Mark Zuckerberg huet d‘Box missen erofloossen, sech virum US-Kongress an der Welt missen entschëllegen. De Milliardär huet dann och „Mesure“ versprach déi sech de Feeler vun der Vergaangenheet sollen unhuelen.

D‘Donnéeë solle besser geschützt ginn, an och net méi esou liicht fir werbetechnesch Zwecker zougänglech sinn. Esouguer de Prinzip vun der „Reglementéierung“ vun den Acteuren aus der digitaler Welt huet ee bei Facebook unerkannt.

mam Martine Pauwels/AFP

Foto: Op eisem Bild vum 21. Mäerz, de Sëtz vu Cambridge Analytica an zentral London. CA huet sech a Groussbritannien als „Faillite“ erkläert a seng Aktivitéiten agestallt, woumatter och déi juristesch Suitte géint d‘Firma entfalen. © Daniel Leal-Olivas/AFP

Ähnlech Sujeten Alexander Nix, Cambridge Analytica, Dateschutz, Facebook, Mark Zuckerberg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel