Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Diddenuewen: Valorisatioun vum Patrimoine am Quartier „Couronné“
Kultur Neiegkeeten

Diddenuewen: Valorisatioun vum Patrimoine am Quartier „Couronné“

Dem Quartier „Couronné“ vun Diddenuewen seng Renaissance an d‘Valorisatioun vu

Wann trotz Walen net iwwerall gewielt gëtt
Kultur Neiegkeeten

Wann trotz Walen net iwwerall gewielt gëtt

D‘Flemm mat der Politik hunn, esou kéint ee mengen, net

Hollännesch Drogefahnder konfiskéieren 2,5 Tonne Crystal-Meth
Kultur Neiegkeeten

Hollännesch Drogefahnder konfiskéieren 2,5 Tonne Crystal-Meth

Zu Rotterdam ass den hollännesche Polizisten ee richteg grousse „Coup“

„The Passenger“ vum Fadi Jafaar: Eng Expo vun de Géigesätz

„The Passenger“ vum Fadi Jafaar: Eng Expo vun de Géigesätz

Et ass eng Ausstellung déi ënnert d’Haut geet a wou Widderspréch openeen treffen. Wärend op enger Säit Leed a Misär hire Laf huelen, mierkt een, datt Léift an Hoffnung een Auswee bidden. Nach bis e Sonndeg hutt och Dir d’Méiglechkeet déi eemoleg visuell an auditiv Eenzel-Expo vum Fadi Jafaar op Iech wierken ze loossen.

Zesumme mat der Arabic Association for Cultural Exchange (AACE) ass dëst androcksvollt Gesamtkonzept méiglech gemaach ginn. Wärend mëtteg op engem laangen Holzdësch eenzel Kierperdeeler aus Steen op engem Bett aus Buedem rouen oder och an engem Glas schwiewen, beobachten een un de Maueren däischter Portraiten aus Acryl. Dem Fadi Jafaar seng Gesamtheet aus verschiddensten Elementer léist wuel bei dem engen ee beklemmend Gefill aus, anerer spiere Leed a Verzweiwlung. Dobäi stécht esou vill méi dohannert.

Fadi Jafaar

© Shari Pleimelding/moien.lu

Stellt ee sech dem Artist säi Wierk wéi eng Trap fir, esou stoung um éischten Träpplek den dagdeegleche Misär vun der syrescher Bevëlkerung. Geet een awer weider erop a kuckt och emol ronderëm, esou mierkt een, datt hannert dem ville Schwaarz eng erstaunlech staark Gefiller vu Léift an Hoffnung verbuerge sinn, duerch déi all Schwieregkeet am Liewen iwwerwonne kënne ginn.

Wärend sech vum Material an de Faarwen hir schonn immens vill Géigesätz begéinen – Steen a Buedem, Schwaarz a Wäiss oder och mëll an haart, esou sti sech och déi verschidde Symboliken a Gefiller géigeniwwer. Dat Ellent begéint der Schéinheet, Fräiheet a Kontroll treffen sech, Wëssen an Irglawen iwwerraschen sech géigesäiteg. Esou erkläert de Kënschtler selwer: „Ech fanne Géigesätz am amüsantsten, wann et ëm Gefiller geet: Ech laache gär bis ech kräischen. Ech laachen driwwer wéi d’Mënschheet sech géigesäiteg ëmbréngen an ëmgekéiert kéint ech kräischen duerch meng staark Faszinatioun fir Leit déi trotz Kricher an Traumaen, déi si hätten ausenaner rappe kënnen, nach ëmmer passionéiert a kreativ bliwwe sinn.“

Fadi Jafaar

© Shari Pleimelding/moien.lu

Eng Geschicht huet ëmmer méi Niveauen

D’Iddi zu de Wierker koum duerch zwou interessant Perséinlechkeeten, déi de Fadi op senger perséinlecher Rees kennegeléiert huet. Ee jonke Kärel, deen immens vill Leed erlieft huet an trotz dësen Erliefnisser nach voller Léift war, krut grousshäerzeg Hëllef gebueden. Duerch eng perséinlech Gewunnecht an een speziellen Dram hunn hien an de Fadi schliisslech zesumme Steng gesammelt, wourauser de Kënschtler eenzel Kierperdeeler entstoe gelooss huet. De pure Buedem trëfft op dat kloert Glas, d’Stäerkt vum Steen trëfft op dat Mëllt vum Buedem. Mir all ginn ënnert anerem duerch d’Medien an déi verschidde Mentalitéiten zu Produite gemaach, déi een, agepaakt an engem Glas, mathuelen oder och versetzen, ersetzen oder fale loosse kann.

Och bei den ugespaanten a staarke Portraiten huet de Kënschtler nees mat eiser Perceptioun gespillt. D’Geschicht vun der Fra gëtt unhand vun engem Film erkläert, wouduerch d’Motiv, trotz däischteren an deelweis verlafene Faarwen, nees méi mëll erschéngt. Och si huet sech an enger immens schwéierer Zäit selwer kennegeléiert an esou eng ongebremst bannescht Kraaft entwéckelt, datt kee Misär hir nach eppes kéint undoen. Aus der Erënnerung eraus huet de Fadi si schliisslech mat de verschiddenste Gesiichtsausdréck duergestallt. All klenge Clip a Geschicht passt dobäi zu engem Bild an enger Skulptur.

Fadi Jafaar

© Shari Pleimelding/moien.lu

Den Artist ënnersträicht, datt seng Konscht eng Inspiratioun fir alles Ongerechtes soll sinn. Mainstream Medie maachen eis zu naive Konsumenten, déi ouni nozedenken alles ophuele géifen, an dobäi och all Konsequenz mat a Kaf huelen. Mat senger Ausstellung setzt de Fadi een Zeechen, et ass awer un eis, fir Gefiller ze entwéckelen an Reaktioune Präis ze ginn. Duerch Gespréicher a Kritik awëll hie sech selwer méi no kommen, virun a senger Kreatioun wuessen a genau dat weisen, wat senger Leidenschaft entsprécht.

Eng déif verankert Passioun

Zënter 19 Joer ass de Fadi Jafaar kënschtleresch aktiv a kann iwwer 1600 geschafe Biller zielen. Trotz dëser enormer Quantitéit gëtt et fir hien nach esou vill méi ze erliewen, ze erschafen an ze gesinn.

A senger Jugend huet de Fadi sech net selwer kannt an huet aus der Nout eraus Droit studéiert. Nodeems hien an eng aner Regioun geplënnert ass a seng Etüden un enger anerer Universitéit viru gefouert gi sinn, konnt sech och säin Horizont erweideren. Nieft sengem eigentleche Studium huet hie vun 2000 bis 2004 d’Faculty of Fine Arts besicht. Scho kuerz nodeems hie seng Karriär als Affekot ugefaangen huet koum dunn den Ament fir ee grousst Changement: Endlech krut de Fadi d’Méiglechkeet de passionéierte Kënschtler ze ginn, deen an him verbuerge war.

Mëttlerweil ass hien déi Persoun, déi mat der Kontroll an dem Zoufall spillt. Andeems hie sech selwer an och d’Aart a Weis, wéi hie sech beim kënschtleresche Schafe beweege wëll, fonnt huet konnt hien och entscheeden, wat vum Wierk an dem Zoufall gehale gëtt, mat wat ee viru schafft a wat ewech fale soll. Just esou kënnt d’Energie a Perséinlechkeet eraus, fir déi hie laang gekämpft huet.

Fadi Jafaar

© Shari Pleimelding/moien.lu

Eng Kultur, déi ee kenneléiere sollt

Scho beim Vernissage vun der Expo huet een den Zesummenhalt vun den arabesche Kulture gespuert. D’Ausstellung, bei där déi verschiddenst Perséinlechkeeten openee getraff sinn an zesumme gefeiert hunn, ass duerch ee Frëndschaftsconcert perfekt ënnerstrach ginn. De Wiessel vun de verschiddenen Instrumenter a Sproochen, sou wéi d’Museker a Poeten déi all Altersgruppe vertrueden hunn, konnten een immens häerzlechen Abléck an eng faarweg Kultur zouloossen. Et gouf een mat Freed an Häerz empfaangen, a genau dat ass et, wat iwwert all Relioun, Hautfaarf an Hierkonft sollt stoen.

Den zweeten Deel vun der Expo, déi am Concertssall viru gaangen ass, weist iwwregens eng aner Schafensperiod vum Artist. Riseg Formater a virun allem den Asaz vu Mof stiechen dobäi ervir. De Kënschtler huet erkläert, datt de faarwege Wandel dobäi keng symbolesch Bedeitung huet, mee datt einfach heiansdo eng Faarf zum „Feind“ gëtt an ee sech fir eng aner entscheet. Esou ass fir hie Mof zum neie Schwaarz ginn, wouduerch Schwaarz duerno awer nees zum „Frënd“ ginn ass.

Fadi Jafaar

© Shari Pleimelding/moien.lu

Zur Ausstellung kéint een ee ganze Roman schreiwen, mee wien wierklech hannert d’Kulisse kucke, d’Geschichten an d’Persounen dohannert méi no kenneléiere wëll, dee gëtt oppe vum Fadi a senger Famill empfaangen. Wärend der Woch ass op Rendez-vous op (Tel.: 661 157 377 oder yusra.amounah@gmail.com). Un dësem Weekend, de 16. a 17. November ass vu 17:00 bis 20:00 Auer fir jiddwereen op (Adress: 17, Garerbierg L-3334 Helleng). Mir wënsche vill Freed!

Ähnlech Sujeten Arabic Association for Cultural Exchange, Ausstellung, Bild, Camille Kerger, Fadi Jafaar, Géigesätz, Helleng, Hoffnung, Konscht, Kreativitéit, Krich, Leed, Léift, Misär, Portrait, Sculptur, Syrien, The Passenger
Nächsten Artikel Virrechten Artikel