Search

You may also like

Parc Merveilleux Beetebuerg: Ware mir dëst Joer schonn do?
Meenung Neiegkeeten

Parc Merveilleux Beetebuerg: Ware mir dëst Joer schonn do?

Falls net, gëtt et awer héich Zäit bis dohinner luussen

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal
Meenung Neiegkeeten

Wiessel un der Spëtzt vun ArcelorMittal

Beim Leader am weltwäite Stolsecteur, ArcelorMittal, huet et e Méindeg

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen
Meenung Neiegkeeten

De Service Urgence am Spidol nach besser maachen

Um Freideg haten d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an de Sozialminister Romain

FAGE: En Echec fir déi industriell Beschäftegung am Land!

FAGE: En Echec fir déi industriell Beschäftegung am Land!

No der Decisioun vun der Entreprise FAGE seng Pläng fir de Bau vun enger neier Jughurtsfabrick op Lëtzebuerger Buedem opzeginn, bedauert den LCGB dat schlecht Signal dat der Entwécklung vum industrielle Geflecht zu Lëtzebuerg vermëttelt gëtt.

Ouni sech wëllen an déi politesch Kakophonie amëschen ze wëllen, bedauert den LCGB de Mangel u Wëllen an Impuls den Industriesecteur ze entwéckelen, dee jo awer eng staark Sail vun der Ekonomie vum Land ass. An awer, an dëse wierklech schmäerzvollen Zäite fir déi Lëtzebuerger Beschäftegung, wier dës Opportunitéit schonn eppes geleeë komm.

Net nëmme wëll et de Wëlle vun der Regierung, esouvill Aarbechtsplaze wéi méiglech ze sécheren, gestäerkt hätt, wier d‘Implementatioun vun engen industriellen Acteur vun esou enger Gréisst ee positiivt Signal fir all déi aner Industriell gewiescht, déi wëlles hunn sech weider ze entwéckelen. Realiséiert unhand strikten ekologesche Kritäre, hätt de Projet déi lokal Liewensmëttelproduktioun ënnerstëtzt an eventuell derzou bäigedroen och aner innovativ Entreprisen an d‘Land ze huelen.

De LCGB ass sech bewosst, datt d‘Installatioun vu FAGE eng Repercussioun op d‘Ëmwelt gehat hätt an erënnert dorunner, datt d‘Gewerkschaft all d‘Moossnamen an Initiativen zum Schutz vun eiser Natur an d‘Reduktioun vun de Zäregasemissiounen ënnerstëtzt.

An dësem Kontext invitéiert de LCGB d‘Regierung fir bestoend Entreprisen oder därer déi sech zu Lëtzebuerg wéilten néierloossen, ze animéieren déi neisten Equipementer a Prozeduren anzesetzen, fir méiglechst wéineg, a firwat net „Null“ Zäregasemissiounen ze generéieren. Am partikulare Fall vu FAGE, hätt eng Implantatioun op Lëtzebuerger Territoire un den Asaz vun esou Equipementer a Prozedure kënne gekoppelt ginn, besonnesch am Bezuch op de Waasserverbrauch.

Esou hätt een hei net nëmmen d‘Schutz vum Klima assuréiert, mee och eng Garantie geschafen, fir d‘Entwécklung vun neien Aarbechtsplazen. Zousätzlech hätt de Projet zur Perennisatioun vun de bestoenden Aarbechtsplaze bäigedroen.

D‘Verantwortung vun de politeschen Dirigente besteet doranner, déi wirtschaftlech Entwécklung mat den ënnerschiddleche Facteure, déi essentiell fir de gudde Fonctionnement vun eisem Alldag sinn – Soziales an Ëmweltleches – an Aklang ze bréngen. Iwwert déi lescht Joerzéngten ewech si vill renomméiert Produkter vu groussen industriellen Acteuren zu Lëtzebuerg entwéckelt ginn. Fir de LCGB muss dës Entwécklung weidergefouert ginn, och mat ekologesche Produiten, fir den industrielle Secteur ze stäerken an d‘Wirtschaft weider ze diversifizéieren.

Vergiesse mir dann och net, datt déi aktuell sanitär Kris kloer demonstréiert huet, wéi wichteg et ass eng staark Wirtschaft ze hunn. Eng déi diversifizéiert a produktiv um nationalen Niveau ass, fir esou méiglechst séier op bis heihinner onvirstellbar Krise reagéieren ze kënnen.

Matgedeelt vum LCGB, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Piotr Makowski / unsplash

Related topics Fage, Fage International S.A., Industrie, Jughurtsfabrick, LCGB
Next post Previous post