Search

You may also like

De Protest vun de Katalanen zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

De Protest vun de Katalanen zu Lëtzebuerg

Net nëmmen a Katalounien gëtt Protestéiert. Déi katalanesch Communautéit a

En Amerikaner zu Jerusalem
Neiegkeeten

En Amerikaner zu Jerusalem

No Saudi-Arabien ass den Trump um Méindeg zu Jerusalem op

En neien europäesche Kampfjet fir de Fridden
Neiegkeeten

En neien europäesche Kampfjet fir de Fridden

Et ass net déi éischt Kooperatioun am Kontext vun der

Faillitt ALUZARE S.A. den LCGB stäipt dem Personal de Réck

Faillitt ALUZARE S.A. den LCGB stäipt dem Personal de Réck

Nodeems den 2. Juni d‘Entreprise ALZURE S.A. vun Éilereng als Faillitt erkläert ginn ass an esou och d‘Aarbechtsplaze vun de ronn 30 Salariéeën net méi ze rette waren, wëll de LCGB, dës Leit net op selwer gestallt gesinn.

Muer, de 4. Juni hält d‘Gewerkschaft eng Informatiounssëtzung fir dat betraffend Personal, a wäert dësem och Bäistand leeschte fir d‘Deklaratioun vun hire Creancen „en bonne et due forme“ ze verfaassen. Eng wichteg Aarbecht, well et geet drëms sécherzestellen, datt all déi hei beschäftegt esou séier wéi méiglech d‘Lounréckstänn an hir Indemnitéiten am Zesummenhang mat der Faillitt zougestanen an ausbezuelt kréien.

Säitens der Gewerkschaft gouf de Salariéeën zougeséchert, datt wien et wënscht, och vum LCGB bei den Demarche fir d‘Sich no enger neier Schaff kann ënnerstëtzt ginn. Hei erweist sech op en Neits wéi wichteg d‘Roll vun de Gewerkschaften an eiser Gesellschaft ass, a firwat een gutt drun deet, net ze waarde bis ee „Betraff“ ass, fir sech enger unzeschléissen.

Illustratioun: © Pawel Czerwinski / unsplash

Related topics ALUZARE SA, Faillitte, Gewerkschaft, LCGB
Next post Previous post