Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kulinareschen Owend fir 6 nei Schoulkantinnen zu Madagaskar
Money Neiegkeeten

Kulinareschen Owend fir 6 nei Schoulkantinnen zu Madagaskar

E.D.I. Madagascar – Enfants Défavorisés de l’Île de Madagascar –

E Buergermeeschter a säi Mea-Culpa
Money Neiegkeeten

E Buergermeeschter a säi Mea-Culpa

De Buergermeeschter (a gréngen Deputéierten) vun Déifferdeng gëtt vun den

E chargéierte Regierungsrot
Money Neiegkeeten

E chargéierte Regierungsrot

Vill Erfreeleches haten d‘Regierungsmembere bei der Sëtzung vum Regierungsrot leider

money

Ëmmer méi Faillitten zu Lëtzebuerg

Ëmmer méi Faillitten zu Lëtzebuerg

E Méindeg huet déi däitsch Gesellschaft „Creditreform Luxembourg“ déi zanter 1999 och zu Lëtzebuerg aktiv ass seng Statistike Verëffentlecht, an déi sinn net wierklech erfreelech. Laut Creditreform huet et zu Lëtzebuerg 2019 net manner wéi 1.263 Entreprise ginn, déi Faillite ugemellt hunn, dat ass eng Steigerung géintiwwer 2018 (1.195) vu +5.69%.

Woubäi zanter 2010 all Joer ëmmer ëm déi 1.000 Boîte zu Lëtzebuerg d‘Baach aginn. Trotzdeem markéiert 2019 en neien trauregen Héichpunkt, an et ass schonn noutwenneg sech den Zuelen am Detail unzehuelen. Dräivéierel vun de Faillitten 2019 hu Societéite betraff, déi méi laang wéi 5 Joer bestanen hunn. Dat waren 2018 nach 78,24%, also u sech an dësem Segment eng Baisse.

Bei de „jonke“ Betriber huet dësen Taux 2018 nach bei 21,76% geleeën, fir dann 2019 e Sprong op 24,15% ze maachen. Mee och d‘Secteuren déi betraff sinn werfe Froen op. Laut Creditreform ass den Déngschtleeschtungssecteur mat 884 de Leader (2018 waren et 832 Betriber aus dësem Secteur). Mee och am Bausecteur sinn d‘Faillitte vun 99 op 124 (+9,82%) eropgaangen.

Am Bausecteur si besonnesch déi kleng Societéiten (oft Schäi-Selbstänneger) betraff an esou munch Faillite sollt ee sech eppes méi no ukucken, mécht awer keen. Am Handel bleift d‘Zuel vun de Faillitte mat 253 „stabil“. An der veraarbechtender Industrie huet et nëmmen 2 (géintiwwer 10 am Joer 2018) Faillitte ginn. Déi domm bei de Faillitte sinn awer an éischter Linn d‘Salariéeën…

Nei juristesch Forme fir d‘Entreprisen

Bei den Aktiëgesellschaften (S.A. – société anonyme) gëtt et déi gréisste Progressioun (+16, 38%). Waren et 2018 nach 232 Faillitten, esou sinn et der fir 2019 schonn därer 270. Bei de Betriber mat beschränkter Haftung (Sàrl) gëtt et och eng Hausse géintiwwer 2018 (+8,43%). Si stelle mat 733 Faillitten déi gréisste Fraktioun. Leider ginn aus dem Rapport net d‘Ursaachen dofir genannt.

ET sinn awer och nees Entreprise gegrënnt ginn. Laut dem STATEC, gëtt aktuell 36.323 Betriber, dat sinn 3,45% méi wéi nach 2018. Hei sinn d‘Entreprisen aus de Beräicher: spezialiséiert Aktivitéiten, wëssenschaftlech an technesch, déi mat 8.349 Societéiten (+5,77%) déi zu Lëtzebuerg de gréissten Aktivitéitssecteur duerstellen. Hannert hinne kënnt d‘Automobilsbranche.

Dëse Secteur berifft sech op 7.820 Betriber (+0,08%) an ass trotz ganz geréngem Wuesstem nach ëmmer ee vun de ganz wichtege Wirtschaftsacteuren. Den drëtten am Bond ass de Bausecteur, mat 4.366 Entreprisen (+5,6%). Deen esou imminent wichtege Finanz- an Assurancësecteur zielt nach 1.241 Entreprisen. Elo kann een nach just hoffen, datt et nees eppes besser gëtt…

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Creditreform Luxembourg, Faillitten, Statec
Nächsten Artikel Virrechten Artikel