Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gratulatioun: Vereedegung vu 60 neie Fonctionnairen
https://moien.lu/dating-meme-tumblr/ Neiegkeeten https://moien.lu/did-jessica-and-cody-hook-up-on-big-brother/

https://moien.lu/somerset-dating-website/

Um Freideg, den 11. Oktober 2019 huet d’Lydie Polfer, Buergermeeschtesch

https://moien.lu/hookup-bars-madison-wi/
https://moien.lu/dating-meme-tumblr/ Neiegkeeten https://moien.lu/did-jessica-and-cody-hook-up-on-big-brother/

D’Monumenter zu Lëtzebuerg halen eis Geschicht lieweg! Mee wéi gutt schneits du an eisem Quiz of?

D’Lëscht vun de Monumenter, déi klasséiert sinn, wiisst. An dat

Sozialwahlen 2019: Eng Gewerkschaft iwwertrëfft sech selwer
https://moien.lu/dating-meme-tumblr/ Neiegkeeten https://moien.lu/did-jessica-and-cody-hook-up-on-big-brother/

Sozialwahlen 2019: Eng Gewerkschaft iwwertrëfft sech selwer

Et kann een de Houfert vun der gréisster Lëtzebuerger Gewerkschaft

Fairtrade: Alles Banann oder wat?

Fairtrade: Alles Banann oder wat?

Sponsored Story – D’Banann ass eng vun de beléiftste Friichten op der ganzer Welt. Mat hirem Goût an hirem kompakte Format gëtt si gäre vu Kleng a Grouss am Alldag genotzt, fir nees eng Grëtz méi Energie ze kréien. Trotz dëse positiven Aspekter ass d’Produktioun vun der Banann reegelméisseg a Konfrontatioun mat der Verletzung vun de Mënscherechter an der massiver Notzung vu Pestiziden.

Ronn 18 Milliounen Tonne vun der gieler Fruucht ginn all Joer exportéiert, wouduerch d’Banann zur meescht gehandelter Fruucht weltwäit ginn ass. Si gëtt an de Regioune ronderëm den Equator ugebaut a reest zum Groussdeel aus Latäin-Amerika an der Karibik bis bei eis. Multinational Entreprisen a grouss Supermarchéë kontrolléieren de Maart a stellen hir eege Konditiounen zur Produktioun a Liwwerung.

Klengproduzenten an Aarbechter, déi ganz am Ufank vun der Kette stinn, musse schliisslech d’Konsequenzen droen. Dobäi kënnt, datt beim konventionellen Ubau vun der gieler Fruucht méi wéi 40 kg Pestiziden all Joer pro Hektar genotzt ginn.

De Produzent leit an allen Hisiichten: Ënnerbezuelung, gräisslech Aarbechtskonditiounen, keng sozial Sécherheet, Kanneraarbecht, Belästegung beim Schaffen oder Zwangsaarbecht, Verschmotzung vun der Äerd, dem Waasser an der Atmosphär, sou wéi déi schlecht Gestioun vum Offall stinn um alldeegleche Programm, an de Konsument kritt et emol net mat.

Banann

© Faitrade Lëtzebuerg

Fair ënnerwee!

De fairen Handel stäerkt dobäi d’Positioun vun de Klengproduzenten um weltwäite Maart. Dank de Standarden vu Fairtrade verbesseren sech d’Liewens- an Aarbechtskonditioune vun de Bananne-Produzenten an hire Familljen. Méiglech gëtt dëst duerch déi 3 Piliere vu Fairtrade zur nohalteger Entwécklung: D’Ekonomie, d’Gesellschaft an d’Ëmwelt gi berécksiichtegt.

Domat awer net genuch. Duerch d’Fairtrade-Standarden sollen d’Produzenten hir landwirtschaftlech Praktiken un de Klimawandel upassen an esou den eegenen Impakt reduzéieren. Wichteg ass et dofir, folgend Punkten ze berécksiichtegen:

  • Virbeuge vun Erosioun a Verbesserung vum fruchtbare Buedem
  • Nohalteg Notzung vum Waasser
  • Nohalteg Gestioun vum Offall
  • Verbuet vu GMOen (Genetesch modifizéiert Organismen)
  • Schutz vun der Biodiversitéit
  • Integréiert Gestioun vun Insekten
  • Notzung vun erneierbaren Energien
  • Reduktioun vun den Zäregasemissiounen

Och hei ass d’Aarbecht vu Fairtrade nach net gedoen. D’Institutioun sensibiliséiert d’Produzenten zu Themen, déi un de Klima gebonne sinn. Mat spezielle landwirtschaftleche Formatiounen a Rotschléi vun Experte léieren d’Produzenten, wéi een um eegene Feld, zum Wuel vun der Gemeinschaft an dem weltwäite Klima, schaffe soll.

Banann

© Faitrade Lëtzebuerg / Jean Remy

D’Banann zu Lëtzebuerg

Zënter 1999 ass d’Fairtrade-Banann och um Lëtzebuerger Maart ze fannen. Schlendert een duerch d’Supermarchéen, biologesch Geschäfter oder besicht ee Grossist, esou kritt een d’Méiglechkeet, fir sech fir déi fair Versioun vun der beléifter gieler Fruucht ze entscheeden.

Am Joer 2018 huet déi fair gehandelt Banann gutt 30 % um nationale Maart ageholl. A konkreten Zuele goufe ganzer 1.984 Tonne vum Fairtrade zertifizéiert Produit verkaaft.

Fir weider Informatiounen zur Banann, wéi och zu Fairtrade selwer, fannt Dir ënnert fairtrade.lu.

Ähnlech Sujeten Aarbechtskonditiounen, Banann, Biodiversitéit, Fairen Handel, Fairtrade, Gerecht Produktioun, GMO, Klimawandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel